Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Däitschland zitt Diplomaten aus Nordkorea of
International Neiegkeeten

Däitschland zitt Diplomaten aus Nordkorea of

Bei sengem Besuch zu Washington, huet den däitschen Ausseminister matgedeelt,

Nordkoreanesch Rakéiten um Himmel
International Neiegkeeten

Nordkoreanesch Rakéiten um Himmel

Wann et richteg ass, esou wéi et vum südkoreaneschen Etat-Major

Spillt d‘Regierung mam Vertraue vun de Bierger?
International Neiegkeeten

Spillt d‘Regierung mam Vertraue vun de Bierger?

Mee déi gutt Gestioun vun dëser sanitärer Kris fänkt un

US-Representantenhaus ass géint den Noutstand, an den Donald chillt mam Kim

D‘Demokrate schénge ferm decidéiert dem US-President seng Mauer ze verhënneren

US-Representantenhaus ass géint den Noutstand, an den Donald chillt mam Kim

Well de Kongress him de Goss fir seng onséileg Mauer un der Grenz zu Mexiko net bewëllegt huet, huet den Donald Trump der ganzer Band gewisen aus wéi engem Holz hie geschnëtzt ass. Wat net passt, gëtt passend gemaach, an esou den US-President kuerzerhand de Noutstand deklaréiert.

Elo ass et esou, datt et d‘Demokrate sinn, déi am Representantenhaus (Parlament) d‘Majoritéit hunn an dem Milliardär d‘Liewe schwéier maache kënnen. Esou ass hënt schonn emol eng Resolutioun gestëmmt ginn, déi den Noutstand soll ophiewen. Interessant hei: beim dësem Vott hu sech dräizéng Republikaner, den Demokraten ugeschloss. Wéi et weider geet, entscheet sech elo am Senat…

Hei sinn et dem US-President seng „Leit“ déi d‘Majoritéit stellen. Kléngt no engem Virdeel vir den Donald Trump, mee et dierf een d‘Loyalitéit mëttlerweil net méi iwwerbewäerten. Et ass duerchaus méiglech, datt och des Kongresskummer de Beschloss vum Representantenhaus unhëlt. A wann et esou wier, datt béid Kummeren d‘Resolutioun unhuelen, muss och de President nach zoustëmmen.

Donald

Dat wäert net geschéien, net well éischter d‘Hell zoufréiert, mee schlicht an ergräifend, well den Donald Trump säi „Veto“ an d‘Spill bréngt. Da geet et zréck an de Kongress mat sengen zwou Kummeren, an a béide Kummere wier dann eng Zweedrëttelmajoritéit noutwenneg, fir sech dësem ze widdersetzen. Bis dohinner bleift et interessant d‘Republikaner ze zielen, déi géint d‘Mauer sinn.

Bleift nach festzestellen, datt scho 16 Bundesstaaten géint de Noutstand geklot hunn, an sech ganz am Eescht d‘Fro gestallt gëtt, op dat ganzt iwwerhaapt nach Verfassungskonform ass. Bosseg och, datt de „Chef“ sengerzäit dem President Barack Obama, genee dee Virworf gemaach hat – nämlech d‘Gewaltentrennung auszehiewelen – deen him virgehale. Mee dat kann hien net méi wëssen…

An Tëschenzäit op där anerer Säit vun der Welt

Während am US-Kongress eng Mauer soll verhënnert ginn, bereeden se sech op där anerer Säit vun der Welt, méi prezis zu Hanoi (Vietnam), drop vir zum Zentrum vun der Welt ze ginn. Hei gesinn sech haut de Kim Jong-Un, dee seng 70 Stonnen-Urees mat engem gepanzerten Zuch bestridden huet, an den Donald Trump, dee gemitterlech 20 Stonnen de Luxus vun Air-Force One genoss huet.

Nodeems et am leschte Summer wéineg Konkretes gouf, ofgesi vum Fait datt de „béise Jong“ vu Pyongyang zougestanen huet seng Atomtester anzestellen, soll et zu Hanoi Zougeständnesser ginn. Den Ament ass nach jidderee frou wéi e Kichelchen, firwat den Donald Trump vun engem groussaartegen Empfang getwittert huet, de Mënschemassen an der immenser Léift déi hie spiert.

Also eigentlech bis ewell eng beschtens organiséiert Tëleerealitéitsshow, während d‘Welt sech erwaart, datt de Kim Jong-Un, nodeems hie beim Sommet vu Singapur seng Bereetschaft zur Denukleariséierung vun der koreanescher Hallefinsel erkläert hat, elo och konkret Zousoe mécht, bis wéini Nordkorea mat der Ofrëschtung vu sengem atomaren Arsenal gedenkt unzefänken.

Interessant, den Donald Trump gesäit – am direkte Verglach mat Venezuela – eng „grouss Zukunft“ fir Nordkorea. E Land „deem säi Potential beandrockend ass, an zudeem eng Geleeënheet huet, wéi kaum eng aner an der Geschicht“, esou den US-President. Dee schéngt gewëllt sengem Frënd Kim eng Hand unzepaken, fir d‘Nordkoreaner aus der Aarmut an dem Verzicht ze leeden…

mat indymedia/was/nyc

Ähnlech Sujeten Atomrakéiten, Demokraten, Donald Trump, Hanoi, Kim Jong-Un, Mauer, Noutstand, Ofrëschtung, Representantenhaus, Republikaner
Nächsten Artikel Virrechten Artikel