Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mazedonien wëll an d’EU – a krempelt munches dofir ëm
International Neiegkeeten

Mazedonien wëll an d’EU – a krempelt munches dofir ëm

No senger Aarbechtsvisite an Albanien, war den Ausseminister Jean Asselborn

Volleyball D1: D‘Minettsdäpp vun de Stater kuerzerhand ofgefäerdegt
International Neiegkeeten

Volleyball D1: D‘Minettsdäpp vun de Stater kuerzerhand ofgefäerdegt

An der Sportshal zu Esch stoung fir déi Escher e

money
D‘Cargolux flitt elo emol d‘Woch op Tokyo
International Neiegkeeten

D‘Cargolux flitt elo emol d‘Woch op Tokyo

Haut huet d‘Cargolux seng nei Fluchverbindung Lëtzebuerg-Tokyo ageweit. Vun elo

Den Donald snobbt de Vladimir

G20-Sommet an Argentinien ënner Spannung

Den Donald snobbt de Vladimir

Nach iert et zu Buenos Aires zum G20-Sommet komm ass, huet den onberechenbaren US-President mat engem Schlag d‘Spannung an d‘Luucht gedriwwen. Den Donald Trump huet nach virun der Erëffnung vum Wirtschaftssommet seng laang preparéiert Entrevue mam Vladimir Putin annuléiert.

Hien huet d‘Entrevue zu engem Zäitpunkt opgekënnegt, wou an den USA d‘Enquête zur russescher „Amëschung“ an d‘Presidentschaftswahl vun 2016, sech ëmmer méi op de Milliardär konzentréiert. Datt Russland sech dräi ukrainesch Krichsschëffer am Mier vun Azov gekroopt, an d‘Equipagen agespaart huet, dréit elo och net wierklech zu engem Dialog bäi.

„Dovunner ausgoend, datt Russland d‘Schëffer an d‘Matrousen der Ukrain net zréck ginn huet, hunn ech decidéiert, datt et fir all bedeelegt Parteie besser ass, wann ech d‘Entrevue mam Vladimir Putin ofblosen“, esou dem Donald Trump säin Tweet, iert hie Washington a Richtung Buenos Aires verlooss huet. Eng Stonn virdrun, hat hien de Journalisten d‘Entrevue allerdéngs nach bestätegt.

Zu Kiew hu se de Schampes kal gestallt

Den ukrainesche President, Petro Porochenko, huet, wéi him dës Informatioun zougedroe gouf, och zur Messagerie gegraff, an op dem US-President säin Tweet geäntwert: „Esou ass et wéi grouss Leader handelen“. Hale mir an dësem Kontext fest, datt den ukrainesche President, sech och eng Interventioun vun der NATO wënscht, a Moskau mat engem „totale Krich“ bedreet huet.

Zum Gléck bis ewell ouni Erfolleg. Op internationalem Niveau, ass een éischter Zréckhalend, stellt awer eng gewësse „Besuergnes“ zur Schau. Esou wéi den UN-Generalsekretär, Antonio Guterres, deen sech domatter zefridde ginn huet ze hoffen, datt „et net zur Eskalatioun“ kënnt. Zumindest ass et seng Äntwert géintiwwer de Medie gewiescht, wéi hien zu Buenos Aires befrot gi war.

Am Kreml huet een d‘Annonce vun der „Annulatioun“ bedauert, an kloer gemaach, datt een et net appreciéiert, dës Entscheedung iwwert den „offizielle Kanal“ matgedeelt kritt ze hunn. E Spriecher notéiert heizou, datt de Vladimir Putin elo e puer Stonne méi Zäit iwwreg huet, fir sech nëtzleche Reuniounen zouzewennen, déi ëmmer en Marge vum G20-Sommet organiséiert ginn.

Dem Milliardär säin Affekot huet gelunn

Elo kann dëse liichten Dissens awer net driwwer ewechtäuschen, datt et nach ëmmer Russland ass, dat beschëllegt gëtt, sech massiv an déi amerikanesch Presidentewahl vun 2016 agemëscht ze hunn. E Skandal deen ëmmer gréisser Kreesser zitt, an en Donneschdeg e klengen Héichpunkt erlieft huet deen dem Milliardär net „entgéint“ kënnt. Et ass dann och säin Affekot, deen d‘Box erofgelooss hat.

De Michael Cohen – deen den Donald schonn am August „virgefouert“ hat – huet gëschter zougi gelunn ze hunn. Gelu wat en Immobilie-Projet a Russland betrëfft, an deem dem Donald Trump seng „Entreprise“ implizéiert ass. De Locataire aus dem Wäissen Haus huet aus dem Stand eraus, säin Affekot a fréiere Frënd, als eng „schwaach Persoun“ ouni Réckgrat ofgestempelt.

A Während sech iwwert Trump a Putin „gestridde“ geet, huet de Fliger mat der däitscher Kanzlerin zu Köln eng Noutlandung higeluecht. D‘Maschinn soll en technesche Problem gehat hunn, a kritt elo entspriechend Verspéidung. D‘Angela Merkel, déi um Virowend vun hirer politescher Carrière ukomm ass, gett elo e Freideg mat engem kommerzielle Fluch a reduzéierter Mannschaft erwaart.

Wat ee vum G20-Sommet ze erwaarden huet

D‘Staat- a Regierungscheffe vun den éischten 20 Wirtschaftsnatiounen, gesinn sech haut an nach muer Samschdeg, an der argentinescher Haaptstad, déi vu Sécherheetskräften op héchstem Niveau bewaacht gëtt. Ausserhalb der „ultra-securiséierter Zon“ si Manifestatiounen ugekënnegt ginn, mee d‘Autoritéiten hu wësse gelooss, datt bei geréngsten Unzeeche vu Gewalt, „duerchgegraff“ gëtt.

Wann den Donald Trump dem russesche President „e Kuerf ginn huet“, esou soll et eng Entrevue mam chinesesche President, Xi Jinping, ginn. Béid Länner behaapte beméit ze sinn, d‘Eskalatioun am erkläerten Handelskrich ze verhënneren, déi eng Bedreeung fir d‘Weltwirtschaft ass. Dozou de Spriecher vum chinesesche Wirtschaftsministère: „Mir hoffen datt se openaner zouginn“.

Dat schéngt den US-President anescht anzeschätzen, oder firwat sollt hien op Twitter seng Freed iwwert d‘Douanestaxen – déi Amerika masseg Geld an d‘Keese spullen – ausdrécken, wann him tatsächlech um Handelsaccord mat China geleeën ass? Bon, wa gewosst ass, datt de Milliardär seng Meenung stënterlech ännere kann, kann een en Accord och net wierklech ausschléissen.

Déi „aner“ organiséieren an arrangéiere sech

Déi aner „Protagoniste vum G20“ – e Grupp deen ëmmerhi 85% vum weltwäite BIP fir sech beusprocht – versichen sech géintiwwer dem amerikanesche Rabbelkapp ze organiséieren. De franséische President, huet annoncéiert, datt hien e Freidegmoien eng Koordinatiounsreunioun fir d‘Europäer organiséiert, wou all déi delikat Theme vum Sommet solle behandelt ginn.

Heizou gehéiert de Klimawandel, e Sujet deen innerhalb dem G20-Club kee Konsens fënnt. Datt ass ënnert anerem de Fait geschëlt, datt d‘USA sech aus dem Paräisser Accord verfuusst hunn. Déi eegen Experten hunn awer dem Donald Trump kierzlech e Rapport virgeluecht, andeem och de wirtschaftlechen Impakt, vun eben dem Klimawandel, op d‘US-Wirtschaft detailléiert gëtt.

Den UN-Generalsekretär, Antonio Guterres, mengt dozou: „De politesche Wëllen ass (an dëser Fro) gebrach ginn. Et ass absolut noutwenneg, dëse politesche Wëllen nees hierzestellen“. E fromme Wonsch, dee sech nëmmen erfëlle léisst, wann de ganze „Veräin“ konsens- an zukunftsorientéiert agéiert. Béides sinn awer Attributer, déi dësen argentineschen G20-Sommet net Opweises huet.

mam Tupac Pointu an den AFP-Büroe Washington a Moskau

Foto: Den Donald Trump huet no senger Landung um internationale Fluchhafen Ezeiza an der argentinescher Provënz Buenos Aires, d‘Annulatioun vu senger Entrevue mam Vladimir Putin bestätegt, a gemengt, nodeems hie China via Twitter virgefouert huet, en interessant Gespréich mat Xi Jinping féieren ze wëllen, an et endlech zu engem Handelsaccord mat der Groussmuecht ze bréngen. © Juan Mabromata/AFP

Ähnlech Sujeten Angela Merkel, Argentinien, Buenos Aires, Donald Trump, Emmanuel Macron, G20-Sommet, Handelskrich, Ukrain, Vladimir Putin, Xi Jinping
Nächsten Artikel Virrechten Artikel