Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

LCGB: Meenungsaustausch mam portugiseschen Deputéierte Paulo Pisco
Fail Neiegkeeten

deaf dating hearing

Vergaangene Freideg huet den LCGB sech mat portugisesche sozialisteschen Deputéierte

https://moien.lu/who-is-tekno-dating/
Fail Neiegkeeten

Déifferdeng an de Wielerwëllen

Et ass den Ament net einfach fir d‘Awunner vun Déifferdeng.

Ministerrot: Vun Offall, dem Cannabis an engem Fliger dee net flitt
Fail Neiegkeeten

Ministerrot: Vun Offall, dem Cannabis an engem Fliger dee net flitt

Um Freideg war d’Regierung zesummekomm, fir sech iwwert déi international

dislike

Den Donald Trump ass de Klimakiller

D'USA isoléiert sech

Den Donald Trump ass de Klimakiller

Och wann hien d’Spannung héich gehalen hat, spéitstens nom Bréisseler Sommet war ersiichtlech, datt den Donald Trump de Paräisser Accord géif kënnegen. Domadder isoléiere sech D’USA bei allem wat mat der Äerderwiermung ze dinn huet. 194 Länner sinn dann och consternéiert awer net iwwerrascht.

D’Zäit ass komm de Paräisser Accord ze verloossen“, huet den amerikanesche President am Rousegaart vum Wäissen Haus gesot. Dat an enger laanger Ried, partiell konfus, wou hie plazeweis de Toun vun der Wahlcampagne erëmfonnt huet. Den Trump hält mat dëser Entscheedung awer eent vu de grousse Verspriechen, dat hie besonnesch de Mënschen am sougenannte „Rust Belt“ gemaach hat. „Ech si gewielt fir d’Leit vu Pittsburgh ze vertrieden, net vu Paräis“, seet den Trump weider. Domat ënnersträicht en, Aarbechtsplazen ze verteidegen an denoncéiert een ongerechten Accord fir säi Land.

Natierlech huet dës Annonce weltwäit fir zolidd Reaktioune gesuergt. Politesch wéi wirtschaftlech Acteuren si rosen, erstaunt oder erschreckt. Ugefaangen am eegene Land, wou vun New York bis Kalifornien, sech en etlech Resistenznäschter opgedoen hunn an wou ze héiere war, datt si um lokalen Niveau Amerika weider op de grénge Wee wäerte leeden.

Mat guddem Wëllen ass et net gedoen

Den Donald Trump huet dann awer, trotz senger abstruser Argumentatioun, säi gudde Wëlle virgeluecht sech ee neien Accord unzekucken, oder de Bestoenden nei ze verhandelen. Et war allerdéngs och hei nees onméiglech gewuer ze ginn, wéi eng Engagementer hie bereet wier anzegoen.

Dat geet dann den ekonomeschen Acteuren an den USA net duer. Eng ganz Rëtsch vun hinnen hunn dann och hir Roserei konnt gemaach an op ee neits op d’Drénglechkeet higewisen eppes géint d’Äerderwiermung ze ënnerhuelen. De Patron vu General Electrics (GE) Jeff Immelt weist sech enttäuscht: „De Klimawandel ass eng Realitéit. D’Industrie muss mam Beispill virugoen an dierf net ofhängeg vun der Regierung sinn.

Protester virum Wäissen Haus

Fir den Elon Musk, PDG vun TESLA a fervente Militant fir erneierbar Energien, ass dëst de Moment fir sech aus de verschiddenen Organisatioune vu grousse Patronen, déi den Trump beroden, zeréckzezéien. „De Klimawandel ass reell. Paräis verloossen ass net gutt fir Amerika an d’Welt“ huet de Musk a sengem Tweet geschriwwen. De Bob Iger, PDG vun Disney dréit dës Ausso mat. Och Goldman-Sachs, vertrueden duerch de Lloyd Blankfein, ass der Meenung, datt de Réckzuch vum Accord den amerikanesche Leadership an der Welt a Fro stellt.

Wéi erwaart haten sech och ee puer honnert Leit virum Wäissen Haus afonnt, fir géint d’Entscheedung ze protestéieren. „Hien versteet d’Wëssenschaft net a geheit eis ëm Joren zréck“, iergert sech d’Rebecca Regan-Sachs (34). D’Fra hält ee Panneau héich op deem ze liese war: „Message un de Rescht vun der Welt: et deet eis Leed, déi meescht vun eis hu géint dësen Idiot gestëmmt.“ Tatsächlech hat den Trump manner Eenzelstëmme wéi D’Hillary Clinton, dofir awer méi „grouss Wieler“ wat den Ausschlag ginn huet.

mam Jérôme Cartillier (AFP)

Foto: En Demonstrant hält ee Panneau virum Wäissen Haus an d’Luucht (Paul J.Richards/AFP)

 

Ähnlech Sujeten China, Donald Trump, EU, Klimawandel, Paräisser Accord, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel