Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
D’CGFP an d’Regierung gi sech bei der Reform vun der Fonction Publique weider net eens
Neiegkeeten

D’CGFP an d’Regierung gi sech bei der Reform vun der Fonction Publique weider net eens

E Méindeg hat sech d‘CGFP-Exekutive mam Premierminister Xavier Bettel (DP)

Actioun Lëtzebuergesch: Avis vun der Venedeg-Kommissioun
Neiegkeeten

Actioun Lëtzebuergesch: Avis vun der Venedeg-Kommissioun

No dem Avis vun der Venedeg-Kommissioun (Europarot) vum 18. Mäerz

Muechtkampf am Venezuela: E puer Fakten?
Neiegkeeten

Muechtkampf am Venezuela: E puer Fakten?

Wéi et Enn Februar op der Grenz tëscht Kolumbien a

Trump ënner Beschoss no der Entloossung vum FBI-Direkter

Trump ënner Beschoss no der Entloossung vum FBI-Direkter

Mat der Entloossung vum James Comey huet sech den amerikanescher President an eng politesch Schlechtwiederfront beginn. Et schéngt wéi wann hien net glafwierdeg seng Positioun kéint vertrieden, mat där hien behaapt dat d‘Entloossung net am Zesummenhang mat der Enquête iwwert eng eventuell Ofsprooch mat Russland am Kader vun den amerikanesche Presidentschaftswahlen géif stoen.

Den Interimsdirekter vum FBI, Andrew McCabe muss dann och haut bei enge ëffentlecher Sëtzung virun der Geheimdéngschtkontrollkommissioun vum Senat eng Ausso maachen. Et ass eng vun den dräi Kommissioune déi sech domadder beschäftege op Russland sech an de Wahlkampf agemëscht huet. D‘Volleksvertrieder vu béide Parteien stellen sech dann och säit dem Dënschdeg d‘Fro iwwert d‘Motivatioun an den Timing vun der Entloossung. D‘Oppositioun ënnerstellt dem Trump Afloss op d‘Enquête wëllen ze huelen, déi seng Campagne a Fro stellt an verschidde Leit aus sengem direkten Ëmfeld cibléiert.

D‘Enquête déi am Summer 2016 opgemaach ginn ass, ënnersicht ënner anerem de digitale Piratage zum Nodeel vun den Demokraten dee vun Russland ausgaangen ass, mee ass och interesséiert drun erauszefannen op et eng méiglech Koordinatioun tëscht de Memberen vum Trump senger Wahlkampfequipp an russesche Stellen ginn huet. Dat alles weist den Donald Trump vehement vu sech an ënnersträicht, datt a sengem Bréif un den Comey, den FBI-Direkter selwer gesot hätt, hie wier net vun der Enquête betraff.

Kee Vertrauen

Am gläiche Sënn äussert sech dann och Spriecherin vum Wäissen Haus, Sarah Huckabee Sanders. Sengen Aussoe no huet d‘Entloossung dann och guer näischt mat Russland ze dinn a wier der Grausamkeet an de Feeler vum FBI-Direkter geschëlt, déi dësen bei der Ënnersichung vun der faméiser Email-Affär bezüglech dem Hillary Clinton ugewannt huet. „Hien hat schonn envisagéiert den Direkter Comey ze entloosse säit dem Dag wou hien säin Amt ugeholl hat.“ seet d‘Spriecherin an weider: „De President huet him säit Méint net méi vertraut.

Um Mëttwoch Moien huet de President dann seng Entscheedung justifiéiert: „Hien huet keng gutt Aarbecht geleescht, esou einfach ass et.“ D‘Argument fir den Depart vum FBI-Direkter ze justifiéieren, deem säi Mandat bis 2023 geséchert sollt sinn, bleift erstaunlech. De Reproche ëffentlech d‘Affär Clinton kommentéiert ze hunn, wat sécherlech net üblech ass mee awer dem republikanesche Kandidat ganz gutt an de Krom gepasst huet, werft dann och eng weider Fro op. Esou froen se sech am Wäissen Haus firwat d‘Demokraten sech opreegen, während et dach grad si waren déi d‘Behuelen vum Comey denoncéiert haten.

Méi brauch et dann och net fir den Trump zu engem Tweet ze animéieren: „Elo wou en entlooss ginn ass, behaapte se onzefridden ze sinn.“ Wat allerdéngs den Donald Trump derzou beweegt seng Astellung zum FBI-Direkter esou ze wiesselen erkläert d‘Spriecherin esou: „Presidentschaftskandidat sinn ass eppes anescht wéi President sinn.

Den James Comey huet allerdéngs an engem Abschidsbréif u seng Kollege, deen vun CNN ëffentlech gemaach ginn ass, matgedeelt: „Ech denke säit laangem , datt ee President en FBI-Direkter kann entloosse fir egal wat fir ee Grond oder eben och einfach ouni ee Grond unzeginn. Ech wëll mech dann och net iwwert d‘Entscheedung oder déi Aart a Weis wéi se zustane komm ass ausloossen. Ech hoffen där maacht dat och net.

Senat convoquéiert de Comey

Tëscht dem Trump an dem Comey hunn d‘Divergenzen sech säit Méint gehéierlech gesteigert, besonnesch an de leeschten Deeg wou d‘Enquête u Vitesse zougeholl huet. Am Mäerz hat den éischte Polizist vun Amerika dem Kongress bestätegt dat éischt Resultater virleien, déi dorops hiweisen, datt eng méiglech Verbindung vum Leit aus dem direkten Trump-Ëmfeld mat Moskau bestanen huet. Och hat den Comey bestätegt, datt den Ex-President Barack Obama keng Oflauschteraktioun vum Trump Tower gefuerdert hat.

Weider ass elo gewosst, datt den FBI-Direkter d‘lescht Woch beim Justizministère weider Moyenen fir d‘Besoinen vun der Enquête fir seng Agente, ugefuerdert hat . „Dat mécht den Timing vun der Entloossung nach méi Suspekt.“ sot dorops hin den Chuck Schumer, Chef vun den Demokraten am Senat. D‘Demokrate bestinn dann och op d‘Ernennung vun engem sonner Procureur fir d‘Enquête ze iwwerwaachen, wat dann awer vum Wäissen Haus als onnéideg betruecht gëtt.

Dat suergt allerdéngs och an de Reien vun de Republikaner, och wann déi gréisstendeels de President ënnerstëtzen fir Onrou. Verschidden aflossräich Memberen drécken dann och hir Verleeënheet an Onzefriddenheet aus, notamment den John McCain an den Chef vun der Geheimdéngschtkontrollkommissioun vun Senat , den Richard Burr. Dat ass net wierklech favorabel fir den Trump, dee jo ee neien Direkter muss ernimmen an deen dann vum Senat muss bestätegt ginn. D‘Demokrate wäerten do och nach, trotz dem Fait, datt si an der Minoritéit sinn, nach ee Wuert wëlle matschwätzen.

En attendant ass den James Comey och vun der Kommissioun ageluede ginn sech hannert zouen Dieren ze erklären. Dee Rendez-vous op den nächsten Dënschdeg festgeluecht ginn. D‘Senatoren vun der Kommissioun hunn dann nach gëschter eng Assignatioun ausgestallt déi un den fréieren Sécherheetsberoder vum Trump, de Generol Michael Flynn, adresséiert ass an dësen opfuerdert all Dokumenter virzeleeën déi Opschléiss iwwert eventuell Verbindunge vum Trump sengem noen Ëmfeld mat Moskau kéinte liwweren.

Erënnere dann kuerz dorunner, datt de Flynn den 13. Februar gebiede gi war ze demissionéieren, nodeems bekannt gi war dat hien regelméisseg Kontakt mam russeschen Ambassadeur zu Washington, virun an no der Wal, hat. D‘Kommissioun bemierkt de Generol schonn ee puer mol opgefuerdert ze hunn dës Dokumenter virzeleeën, allerdéngs ouni datt hien dëser Demande nokomm wier. Säitens Moskau gëtt sech vun dëser Geschicht distanzéiert: „D‘Entloossung vum FBI-Direkter ass eng intern amerikanesch Affär a mir wëllen hoffen, datt dat keen Afloss huet op d‘Relatioune, déi därzäit méi wéi schlecht sinn, tëscht eise béide Länner“, war vum Kreml matgedeelt ginn.

Ähnlech Sujeten Comey, Donald Trump, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel