Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Russland weist als Géigeschlag 60 amerikanesch Diplomaten aus
https://moien.lu/dating-shows-on-hulu-2018/ Stories

dating a very successful woman

Nom Uschlag op e fréiere russesche Spioun, sinn uechtert d‘Welt

scamming internet dating sites
https://moien.lu/dating-shows-on-hulu-2018/ Stories

QuattroPole – een neie Videoclip

E puer Méint no der éischter Publikatioun zum QuattroPole ass

dislikesurprise
Editorial: Wéi sech d‘SPD duerch de Knéi an de Fouss geschoss huet
https://moien.lu/dating-shows-on-hulu-2018/ Stories

Editorial: Wéi sech d‘SPD duerch de Knéi an de Fouss geschoss huet

Mat ganz knappe 56% huet den SPD-Parteidag um Sonndeg sech

Den donkele Lëtzebéier vun der Béierhaascht: „Esou geet Béier!“

Den donkele Lëtzebéier vun der Béierhaascht: „Esou geet Béier!“

Wann de Braumeeschter Guy Majerus zu Käerjeng senger Konscht fräie laf léisst, dann ass gewosst: elo gëtt et nees eppes Aussergewéinleches. A mam Lëtzebéier dierf et dat dann och betounen. Hien ass donkel mee net däischter, kuckt dra wéi e klassesche „Stout“ ass awer wiesentlech méi frëndlech opgeluecht an dierf trotzt oder grad wéinst sengen 6,3% als „sëffeg“ bezeechent ginn-

An der Béierhaascht zu Käerjeng geet et jo och net ëm d‘Quantitéit mee wierklech ëm d‘Qualitéit. De Guy mécht Béier fir Kenner an därer déi et nach wëlle ginn. Bei dësem wierklech exzeptionelle Béierchen si ganzer 5 verschidden Zorte Malz an de beschten Happ agesat ginn. Mat vill Häerzblutt gouf e gebraut, a seng liicht Kaffis- bis Expresso-Nout verléint him eppes „Sëffeges“.

De Lëtzebéier „Donkel“ bestécht duerch seng natierlech Kuelesaier an huet eng liicht sämmeg Textur. Ënner Kollegen oder am Familljekrees, wien dëst nobelt Gedrénks um Dësch stoen huet, dee ka sech dem Luef sécher sinn. E bitt sech un a geselleger Ronn, wéi een hien och ganz am Stëlle ka genéissen, wann een de Schaffdag endlech ausklénge loosse kann.

Dëse Béier sollt ee mat ëm déi 8°C zerwéieren, well hien esou seng Variatiounen am beschten entfale kann. Natierlech eegent sech och de Lëtzebéier „Donkel“ zur Begleedung iwwer Dësch. Besonnesch elo wou d‘Wëld sech an d‘Kichen agelueden huet, sollt een an him eng realistesch Alternativ zum Wäin erkennen. Et ass jo och en artisanaalt Spëtzeprodukt vun héchster Qualitéit.

Hien huet sech hannert der drëtter Dier vum Béier-Adventskalenner verstoppt, mécht Loscht op méi a gehéiert mat Ofstand zum beschte wat de Lëtzebuerger Süden unzebidden huet. A wat besonnesch flott ass, et kann een dem Guy Majerus zuweilen och emol iwwert d‘Schëller kucken, well an der Béierhaascht, gëtt de Béier direkt am Restaurant virun den Ae vun de Cliente gebraut.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten artisanale Béier, Béieradventskalenner, Beierhaascht, La Punta, Lëtzebéier Donkel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel