Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

coollove
Et huet een aus den Iwwerschwemmunge vu virun zwee Joer geléiert a vill investéiert
Angry Crazy Fail International Meenung

Et huet een aus den Iwwerschwemmunge vu virun zwee Joer geléiert a vill investéiert

Et ass elo bal zwee Joer hir, datt et zu

love
Elektro-Band KRAFTWERK erhält säin éischte Grammy
Angry Crazy Fail International Meenung

Elektro-Band KRAFTWERK erhält säin éischte Grammy

Gutt en halleft Joerhonnert no senger Grënnung huet déi legendär

Den Trump entléisst säin Ausseminister
Angry Crazy Fail International Meenung

Den Trump entléisst säin Ausseminister

Mat engem „kuerzen“ Tweet huet den Donald Trump um Dënschdeg

angrytonguedislike

Editorial: Grad den DSK huet et néideg…

Editorial: Grad den DSK huet et néideg…

De franséische Sozialist a fréiere Generaldirekter vum Weltwährungsfong (IMF), Dominique Strauss-Kahn, ass bedauerlecherweis keen drolege Gesell an eleng d‘Tatsaach, datt hien nach ëmmer op der Weltbühn säin Onsënn verbreeden dierf, deet mech un der Gesellschaft an hirer Kultur zweiwelen.

Fir e Personnage dee Frae beschtefalls als zur Verfügung stoend Géigestänn betruecht, fannen ech datt hie längst vun alle politeschen a wirtschaftleche Funktiounen hätt missen entbonne ginn. An eigentlech gehéiert esou e Mënsch agespaart, mee wann een déi richteg Leit kennt…

Déi lescht wou sech deen als „DSK“ am Volleksmond genannten Onmënsch elo geleescht huet, an him bestëmmt nees vill Zousproch abréngt, ass seng op der „World Policy Conference“ gemaachten Ausso zur sozialistescher Partei (PS) am Frankräich. Do dierften se dann zu Marrakesch och net schlecht gestaunt hunn.

Den Dominique Strauss-Kahn huet, an dat sollt een seng op der Zong zergoe loossen, gesot: „Dës Partei déi meng ass – an ech soen et mat Trauregkeet – mee et ass nu emol esou, konnt d‘Mondialisatioun net begleeden, sech verännere wéi sech all Mënsch verännert huet, an et ass also un der Zäit dat se verschwënnt!“.

Gutt, datt et fir de PS am Frankräich tatsächlech un der Zäit ass sech dem sozialistesche Gedanken zouzewennen, sech eventuell nei ze erfannen an esou dann och ze erneieren, deem dierf een kloer Zoustëmmen. E „Back to the Roots“ wier dann awer wahrscheinlech eng Fuerderung déi dem DSK elo net déi Opmierksamkeet bruecht hätt.

A wann een da schonn emol mam Läffel an de Bräi schléit, dann awer wann ech gelift och richteg. Esou ass den DSK als iwwerzeegte Sozialist a Member vum PS, da knëppelhaart a stellt sech voll a ganz hannert den Emmanuel Macron: „Ech fannen dat hie seng Saach erstaunlech gutt mécht“.

Also wann do d‘Schampesstëpp beim PS zu Paräis net geknallt hunn… Mee et gëtt nach besser: „wann hien (de Macron) seng Chance richteg ze pake versteet, kann hien a fënnef Joer vill Verännerungen a Frankräich abréngen, déi an de leschten 30 Joer net ginn huet“, esou d‘Conclusioun vum DSK.

Ech weess elo net wat se am Marokko ënnert den Tubak mëschen, mee ech kennen der e puer, déi es dovunner och wéilten hunn. Den Dominique Strauss-Kahn war ab 1976 Member vum PS an huet 1986 als Deputéierten an der Assemblée gesiess. E War esouguer Minister an huet et trotz Ausenanersetzunge mat der Justiz zum Chef vum Weltwährungsfong bruecht.

Hien huet also grad néideg dem PS virzewerfen se hätten d‘Mondialisatioun an d‘Verännerunge verpennt. Hie schéngt, wéi en 1981 Nationalsekretär vum PS ginn ass, awer och zimlech gutt geschlof ze hunn. Och an der Folleg huet sech dëse Personnage, dee säi Bléck léiwer „sous les jupes de filles“ gehäit, net beméit eppes un deem ze veränneren, wat en den eegene Leit haut virwërft.

Leit déi mat 68 Joer an dat eegent Bett kacke sinn entweder Senil oder Pervers. Dem DSK ënnerstellen ech béides. Et muss een allerdéngs fäerten, datt de PS aus deenen Aussoe keng Konsequenze wäert zéien. Dobäi wier et grad elo méi wéi néideg dem „Pervers Pépère“ d‘Parteibichelchen endlech ofzehuelen.

Foto: Den Dominique Strauss-Kahn (hei en Archivbild vum Februar 2017) wäert virun allem wéinst senge „Sex-Affären“ an Erënnerung bleiwen. Oft ugeklot, ni (wierklech) veruerteelt an awer ëmmer Schëlleg, ass sécherlech am beschte placéiert fir d‘sozialistesch Partei am Frankräich „ofzeschafen“. © Philippe Huguen/AFP

Ähnlech Sujeten Dominique Strauss-Kahn, DSK, Sex-Affären, Sozialisten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel