Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng Lektioun fir de Juncker
International Neiegkeeten Sport

Eng Lektioun fir de Juncker

De britesche Brexit-Minister David Davis huet ee Freideg gemengt, datt

Automobilsport an humanitär Hëllef: kee Widdersproch a sech!
International Neiegkeeten Sport

Automobilsport an humanitär Hëllef: kee Widdersproch a sech!

Dëse Weekend hat d‘ONG „Hand an Hand fir Afrika“ zu

love
Um Escher Chrëschtmaart herrscht eng gutt Stëmmung
International Neiegkeeten Sport

Um Escher Chrëschtmaart herrscht eng gutt Stëmmung

Et ass ee vun, wann net esouguer deen éischte Chrëschtmaart,

Net ganz esou einfach fir den Dylan Pereira um Hungaroring

Net ganz esou einfach fir den Dylan Pereira um Hungaroring

E Sonndeg huet um Hungaroring an Ungarn de sechste Laf vun der Porsche Mobil 1 Supercup stattfonnt, an de jonke Lëtzebuerger Pilot vum Team MOMO Megatron Lechner Racing hat et ausnamsweis richteg schwéier. An awer huet een dierfen zouversiichtlech sinn.

Dat erkläerten Zil vum Rennweekend an Ungarn war eendeiteg „Punkte sammelen“. Net déi einfachsten Aufgab op enger kuerzer a schmueler Streck. Do ass et mat „Iwwerhuelen“ alles wéi net einfach, an d‘Pilote sinn sech bewosst, wat d‘Startplaz um Hungaroring wäert ass.

Esou och den Dylan Pereira op sengem Porsche GT3 Cup Typ II, dee bei de chronometréierten Essaie vun Ufank un op d‘Streck gaangen ass, an sech déi zweetbeschten Zäit gekroopt huet. Et wier jo dann awer nees ze schéi gewiescht, wann alles ouni Krämpes ofgelaf wier.

All Meter zielt…

Den Dylan Pereira huet ënnerwee d‘Pist eppes „grousszügeg“ benotzt, an d‘Streckeposten hunn entscheet, datt hien d‘Grenzen iwwerschratt hätt. Domatter war e chronometréierten Tour gestrach. Mee esou den Hungaroring, eng Streck op der Grenz vun deem wat grad nach dran ass, an deem wou et net méi kann duer goen. A wie wëll séier, muss Grenzen iwwerschreiden.

Sech net verréckt maachen ze loossen a voll konzentréiert de Maximum op der Pist erauszehuelen, dat ass d‘Geheimnis. De Lëtzebuerger huet optéiert d‘Astellunge vum Gefier eppes ze verfeineren, wat awer derzou gefouert huet, datt hien nëmme 6 Minutte virum Enn vun der Qualifikatioun nees op d‘Piste komm ass. An ëm déi Zäit herrscht do e Verkéier wéi um Boulevard Royal…

An obwuel bal all d‘Piloten hie lescht zwee Tier gedréint hunn, sinn d‘Zäite bestänneg gefall. Eisen Espoir vum Team MOMO Megatron Lechner Racing konnt keng Ronn méi absolvéieren ouni behënnert ze ginn, an et ass komm wéi et huet misse kommen. Obwuel den Dylan Pereira manner wéi eng hallef Sekonn Retard op den drëtten hat, qualifizéiert hie sech nëmmen als 12.

Wann‘s de eppes kanns

Iwwert déi 12. Startplaz war eise jonke Lëtzebuerger Pilot natierlech net erfreet. Den Dylan Pereira, mental ganz staark, huet dunn awer ee richteg krass gudde Start op de Makadamm beluecht, an emol direkt zwee Konkurrenten iwwerholl. D‘Freet sollt leide net laang unhalen.

Um Enn vum Peloton waren der e puer net laanscht enaner komm, wat de Sécherheetswon op d‘Pist gezwongen huet. Eng denkbar schlecht Situatioun fir den Dylan Pereira, deen eigentlech ëmmer vum Iwwerraschungsmoment aus den éischten Tier profitéiert, a sech no vir schafft.

No der Relance waren d‘Plazen op dësem enke Parcours „verginn“ an et war ongewëss, wéi sech eise Pilot nach kéint behaapten. Am fënnefte vun am ganze 14 Tier, hat den Dylan Pereira de Pilot virun sech ënner Drock gesat, wat zu engem coolen Iwwerhuelmanöver gefuert huet.

Ma nondikass awer och!

Déi Plaz war gutt gemaach, an et ass sech weider no vir orientéiert ginn. An der néngter Ronn war et nees un der Zäit e Géigner ze iwwerhuelen. A wéi et esou ka goen, e klenge „Stupps“ kann der d‘Liewe versauen. Gutt den Dylan Pereira ass „nëmmen nieft d‘Pist“ geroden, huet doduerch awer Plaze verluer, a reit sech op der 13. Plaz nees an.

Et muss waarm gi sinn ënnert dem Helm. No dësem „Incident“ ass eng aner Linn gefuer ginn, liicht aggressiv awer elo net ze vill. De Lëtzebuerger huet nees iwwerholl wat a wou et méiglech war, a kënnt um Enn op enger, den Ëmstänn entspriechend, gudder 9. Plaz iwwert d‘Arrivée. Woubäi säi Konkurrent op der 8. Plaz nëmme e Virsprong vun enger Zéngtel Sekonn hat.

Mat de Punkten déi den Dylan Pereira um Hungaroring agesäckelt huet, kann hien awer seng 3. Plaz am Generalklassement ofsécheren, mee ass elo mam Éisträicher Thomas Preining, deen dës Course gewonnen huet, am mam Fransous Julien Andlauer, Punktgläich. Elo ass ee ganze Mount Paus an de Lëtzebuerger wäert den dätsche Porsche Carrera Cup zu Trainingszwecker notzen.

Rennresultat Hungaroring:

  • 1. Thomas Preining (AT)
  • 2. Julien Andlauer (FR)
  • 3. Jaap van Lagen (NL)
  • 9. Dylan Pereira (LU)

Generalklassement Porsche Mobil 1 Supercup:

  • 1. Michael Ammermüller (DE) 91 Punkten
  • 2. Nick Yelloly (GB) 88 Punkten
  • 3. Dylan Pereira (LU) / Thomas Preininger (AT) / Julien Andlauer (FR) 65 Punkten

Websäit: www.dylan-pereira.com

Facebook: www.facebook.com/dylanpereiramotorsport

Twitter: www.twitter.com/dylanpereiralu

Instagram: www.instagram.com/dylanpereiramotorsport

Foto: © ATP

Ähnlech Sujeten Dylan Pereira, Hungaroring, Lechner Racing, Porsche Mobil 1 Supercup
Nächsten Artikel Virrechten Artikel