Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Aarbechtsminister Schmit gesäit de Chômagetaux bei 4 Prozent
Auto International carbon dating atmosphere https://moien.lu/texting-tips-while-dating/

https://moien.lu/fife-hook-up/

Bei der Virstellung vum opgefrëschten Internetsite vun der ADEM, deen

chloe dating sam
Auto International carbon dating atmosphere https://moien.lu/texting-tips-while-dating/

Den Anthony Scaramucci, erkläert

Den Anthony Scaramucci huet zwou Wochen erlieft, déi duer goe

De „Monsieur Paul“ ass einfach gaangen…
Auto International carbon dating atmosphere https://moien.lu/texting-tips-while-dating/

De „Monsieur Paul“ ass einfach gaangen…

Säi Numm war e Mythos an eng Mark: Paul Bocuse,

Gudde Weekend fir den Dylan Pereira zu Monza

Lëtzebuerger Pilot kann sech nach emol ëm eng Plaz am General vum Porsche Mobil 1 Supercup verbesseren

Gudde Weekend fir den Dylan Pereira zu Monza

Wann et bis gutt leeft muss een dru bleiwen. No senger groussaarteger Victoire um Circuit zu Spa-Francorchamps, huet den Dylan Pereira dëse Weekend zu Monza op en Neits ganz „bella Figura“ gemaach. Fir de Pilot vum Momo Megatron Lechner Racing Team sollt déi 8. Manche am Porsche Mobil 1 Supercup awer eng kleng Erausfuerderung sinn.

Monza datt ass eng Pist déi séier an technesch zugläich ass. Hei heescht et dann och dat perfekt Gläichgewiicht tëscht „Gas & Brems“ ze fannen, dobäi stänneg op der Limitt vun der Limitt ze fueren an dobäi net emol un e Feeler ze denken, geschweig dann een ze maachen. Am fräien Training ass et dann och prioritär drëms gaangen de Porsche 911 GT3 Cup optimal anzestellen.

Monza

© PorscheMobil1Supercup

Beim Zäitfuere war den Dylan Pereira mat virbäi fir déi éischt Ronnen ze dréinen an esou de gréisst méigleche Profit aus de gudde Pneuen ze zéien. Hie war dann och am éischte Secteur dee séiersten. Dat op engem Circuit deen et engem net liicht mécht e gudde Chrono an allen dräi Secteuren ze realiséieren. No enger Rei gudder Ronnen ass de Lëtzebuerger Beruffszaldot nees un d‘Box komm.

Hei gouf de Gummi gewiesselt eng Rei „Ajustementer“ virgeholl an Zack war den Dylan Pereira nees op der Pist, mee et waren nach just 10 Minutten op der Auer… zimlech Selbstbewosst ass eise Mann dat ugaangen. Séier hat hie sech déi 4. bescht Zäit geholl, mee zefridde war hien nach net. An esou huet hie gekämpft an sech zu gudder lescht awer nach déi drëttbescht Zäit gekroopt.

Alles ënner Kontroll?

Am Championnat „Porsche Mobil 1 Supercup“ versichen d‘Piloten sech all Tour ze iwwerbidden an iwwerloossen der Renndirektioun d‘Zäitmiessung, d‘Kontroll iwwert den Ëmgang mat de Limitte vun der Pist an d‘Validatioun vun de Resultater. No der Qualifikatioun stoung den Dylan Pereira op Startplaz #5. Vun der Pole Positioun hunn eisen Espoir net emol zwee Zéngtel getrennt.

Beim Start – dat ass eng vu ville Spezifizitéiten déi den Dylan am Grëff huet – ass et nawell ruppeg zougaangen an iergendwéi wollten se alleguerten „Lackkorrekturen“ um Porsche 911 GT3 Cup aus dem Lechner Stall virhuelen. Du gouf de Lëtzebuerger och nach an der éischter Kéier vun engem Accident behënnert an huet seng Positioun verluer. Et war fir Mippercher ze kréien…

Monza

© PorscheMobil1Supercup

Gutt, den Dylan Pereira kann a muss och esou Situatioune mat Rou a beduecht gemeeschtert kréien a wësst dir wat? Dat kann hien. Nach an der selwechter Ronn konnt de Lëtzebuerger zwou Plazen gutt maachen a geet op Rang 7 an den zweeten Tour. An der sechster Ronn, déi sechst Plaz. En Plaz déi och den Jaxon Evans beusprocht huet. Béid Piloten hu sech näischt geschenkt an gutt geschloen.

Wéi géint Enn der Course dem Dylan seng Pneuen „keng Loscht méi haten“ war et net fir nach grouss op Risiko ze fueren. All Punkt zielt… an esou konnt de Jaxon Evans um Enn als sechsten iwwert d‘Arrivée zu Monza fueren. Mat Plaz 7 huet sech den Dylan Pereira awer ganz wichteg Punkte fir d‘Generalklassement geséchert. Mat den 9 Punkte vu Monza ass hien och 9. am General.

Eng kleng Paus gefälleg?

De Porsche Mobil 1 Supercup mécht elo awer nees bis Enn des Mounts Paus. Da geet et op Mexiko fir déi lescht Manche vun der Saison. Bis dohinner geet et fir den Dylan am Porsche Carrera Cup Däitschland virun. Nächste Weekend stinn zu Hockenheim déi 13. a 14. Manche um Programm. Hei huet de Lëtzebuerger seng 1. Victoire am Porsche Mobil 1 Supercup gefeiert, gëtt dat nach emol?

Klassement Monza

  • 1. Larry ten Voorde (NL)
  • 7. Dylan Pereira (L)

Generalklassement

  • 1. Michael Ammermüller (D)
  • 9. Dylan Pereira (L)

Méi vum an iwwert den Dylan:

Foto: © PorscheMobil1Supercup

Ähnlech Sujeten Dylan Pereira, Momo Megatron Lechner Racing, Porsche Carrera Gt3 Cup, Porsche Mobil 1 Supercup
Nächsten Artikel Virrechten Artikel