Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Uecht gedoen: ab muer sinn zwee nei Radaren operationell
Auto International Neiegkeeten Sport

Uecht gedoen: ab muer sinn zwee nei Radaren operationell

Ab muer Dënschdeg dem 22. Mee ass jiddereen deen aktiv

Bretzelssonndeg: Ee léiwe Geste fir de Schäfferot
Auto International Neiegkeeten Sport

Bretzelssonndeg: Ee léiwe Geste fir de Schäfferot

Mat e bësse Virsprong huet dëse Mëttwoch d’Federatioun vun de

Editorial: Der Aarbechtsinspektioun op d‘Féiss getrëppelt
Auto International Neiegkeeten Sport

Editorial: Der Aarbechtsinspektioun op d‘Féiss getrëppelt

Well se et mat de Beschëllegunge géintiwwer der Aarbechtsinspektioun (ITM)

Den Dylan huet sech gutt zu Spielberg gewisen

Lëtzebuerger Pilot verbessert sech ëm 4 Plazen am Porsche Mobil 1 Supercup

Den Dylan huet sech gutt zu Spielberg gewisen

Wéi et zu Spielberg an Éisträich ausgesäit, dat weess den Dylan Pereira . Hei huet de Lëtzebuerger Pilot vu Momo Megatron Lechner Racing Team, virun 3 Wochen an der klenger Klass vum Porsche Carrera Cup Däitschland, direkt zweemol um Podium gestanen. Wéi et gëschter ausgaangen ass…

Am Géigesaz zu deem wat een allgemeng kéint unhuelen, ass den Dylan Pereira net entspaant op Spielberg gefuer, och wann hien hei eréischt kierzlech nees mam Erfolleg konnt uknäppen. Mee d‘Moral war dofir beschtens an et sollt een net vergiess hunn, datt de Lëtzebuerger um Red Bull Ring 2018 de Ronnerekord geknackt krut. Mee et war do net esou batter waarm wéi gëschter.

Fir déi wou sech dat ganzt entspaant doheem am kille Keller ugekuckt hunn, hei eng wichteg Info: dem Dylan säi Porsche GT3 Cup huet keng Klimaanlag, an Temperaturen iwwer 50°C am Cockpit erliichteren d‘Aarbecht hannert dem Steier net. Natierlech ass och d‘Pist selwer brutal opgehëtzt, d‘Pneuen an d‘Bremse leiden enorm. Dat beaflosst d‘Fuerverhalen an e Feeler geet net verzien.

© Porsche Monil 1 Supercup

Porsche Mobil 1 Supercup, Spielberg 2019
#3 Dylan Pereira (L, Momo Megatron Lechner Racing)

Beim Zäittraining war den Dylan mat deenen éischten op der Pist. No 2 „Aféierungsronnen“ ass de Fouss eppes méi zolidd op de Gas gaangen, an Zack hat de Lëtzebuerger déi fënneft séierst Zäit um Compteur. No 8 Ronnen nees zréck an d‘Box. Hei gouf nach eppes „finetuning“ virgeholl an de Gummi gewiesselt a konnt sech nach emol verbesseren. Eng verdéngten 3. Startplaz ass scho super.

Kee Kannergebuertsdag

Wéi mir wëssen, ass de Start ee vun de wichtegen Amenter vun der Course an och wa mir eis beim Dylan Pereira net wierklech musse Suerge maachen, eppes ugespaant ass een iergendwéi ëmmer. An de Lëtzebuerger ass och gutt fortkomm, fir dann an der drëtter Kéier vum Teamkolleg Michael Ammermüller ofgeschoss ze ginn. Duerch dëst Mëssgeschéck ass hien op déi 8. Plaz zréckgefall.

Do nees mam féierende Peloton unzeknäppen, gesäit virum Bildschierm net esou komplizéiert aus wéi et sech a Wierklechkeet fir de Pilot vum Momo Megatron Lechner Racing Team duerstellt. An et huet ee bis déi 4. Ronn misse waarden, fir ze gesinn, wéi de Lëtzebuerger sech nees op déi 7. Plaz setze konnt. An ab hei sollt et besonnesch fir seng Fans a säin Team richteg spannend ginn.

Seng epesch Ausenanersetzung mam Florian Latorre – et geet ëm déi 6. Plaz – ass net onbemierkt bliwwen, an huet déi zwee zu den Haaptacteure vun der Live-Iwwerdroung gemaach. D‘Regie huet den Zweekampf esou gutt iwwerdroen, datt och déi kleng Bertelsmann-Duechter zu Lëtzebuerg net méi derlaanscht komm ass, Biller vum Lëtzebuerger Espoir am internationale Motorsport ze weisen.

Gutt a wichteg Punkten

Um Enn konnt sech den Dylan dann awer net géint e gutt zortéierte Géigner duerchsetzen. Dofir war seng Course awer richteg gutt an déi 7. Plaz, déi ëmmerhin nach 9 Punkten abruecht huet, sollt een net ënnerbewäerten. Zum engen huet de Lëtzebuerger nach ëmmer säin Zil kloer virun Aen, an zum anere bréngen hien déi 9 Punkten am General op Rang 11. Eng Verbesserung ëm 4. Plazen.

© Porsche Monil 1 Supercup

Porsche Mobil 1 Supercup, Spielberg 2019
#3 Dylan Pereira (L, Momo Megatron Lechner Racing)

Den Dylan Pereira konnt also vun dëser drëtter Manche vum Porsche Mobil 1 Supercup profitéieren an och säin Team a seng Sponsoren dierften héich erfreet sinn. Et kënnt seele genuch vir, datt een eise Pilot esoulaang „live Heem geliwwert“ kritt. D‘Lescht Joer de Ronnerekord, dëst Joer grouss Mediepresenz, et kann ee soen, datt de Red Bull Ring zu Spielberg, dem Dylan entgéint kënnt.

De nächste Weekend ass et dann un der 7. an 8. Manche vum Porsche Carrera Cup Däitschland. Hei gëtt um Stadcircuit zu Nürnberg, dem allsäits bekannten Norisring, gefuer. Et géif dem Dylan säin Team, seng Frënn, Supporter a Sponsoren – eis natierlech och – freeën, wann hien sech hei op e neits um Podium géif weisen. An dëser Klass ass hien aktuell den Drëtten am Generalklassement.

Resultater Spielberg

  • 1. Julien Andlauer (F/BWT Lechner Racing)
  • 2. Michael Ammermüller (D/BWT Lechner Racing)
  • 3. Larry ten Voorde (NL/MRS GT-Racing)
  • 4. Jaap van Lagen (NL/martinet by ALMÉRAS)
  • 5. Mikkel Pedersen (DK/Dinamic Motorsport)
  • 6. Florian Latorre (F/Fach Auto Tech)
  • 7. Dylan Pereira (L/Momo Megatron Lechner Racing)
  • 8. Marvin Klein (F/pierre martinet by ALMÉRAS)
  • 9. Jaxon Evans (NZ/Fach Auto Tech)
  • 10. Tio Ellinas (CY/Momo Megatron Lechner Racing)

Generalklassement

  • 1. Michael Ammermüller (D/BWT Lechner Racing), 54 points
  • 2. Julien Andlauer (F/BWT Lechner Racing), 49 points
  • 3. Mikkel Pedersen (DK/Dinamic Motorsport), 40 points
  • 11. Dylan Pereira (L/Momo Megatron Lechner Racing)

Méi vum an iwwert den Dylan

Foto: © Porsche Monil 1 Supercup

Ähnlech Sujeten Dylan Pereira, Éisträich, Lechner Racing, Momo Megatron Lechner Racing, Porsche Mobil 1 Supercup, Red Bull Ring, Spielberg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel