Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Syrien: Den Erdogan fuerdert d‘USA op aus Manbij ofzezéien
Neiegkeeten

Syrien: Den Erdogan fuerdert d‘USA op aus Manbij ofzezéien

Den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan huet haut Washington opgefuerdert

D’Beaufort Knights schloen d’Spëtzt mat 11-0!
Neiegkeeten

D’Beaufort Knights schloen d’Spëtzt mat 11-0!

No zwou Néierlage bei de leschte béide Spiller, hätt et

Washington huet de Steve Bannon zréck
Neiegkeeten

Washington huet de Steve Bannon zréck

Nodeems zu Bréissel alles säi Wee leeft, huet de Steve

Den Educatiounsminister huet säi Buttek am Grëff

Den Educatiounsminister huet säi Buttek am Grëff

Nodeems den Educatiounsministère e Mëttwoch ugekënnegt huet, datt bis (viraussiichtlech) de 4. Mee all d‘Schoulinfrastrukturen zou bleiwen, huet sech de Minister gëschter a Persoun der Press mëttels Videokonferenz eng ganz Rëtsch Mesure virgestallt. Froe waren net vun allen zougelooss.

Zil vum Minister ass et iergendwéi dëst Schouljoer op en Enn ze bréngen. De Claude Meisch (DP) deen sech erfreet gewisen huet, datt säi Minister de Programm „Schoul Doheem“ beispillhaft konnt ëmsetzen, weess awer och, datt et domadder net ka gedoe sinn. Normalitéit gëtt esoubal nach keng an awer muss en et iergendwéi hikréien datt zumindest d‘Ofschlossexame gereegelt Stattfannen.

Wou hien déi Zouversiicht hiergeholl huet, datt déi de 25. Mee sollen ufänken, an op et dann och verantwortlech ass d‘Examen net am virtuellen, mee an den Infrastrukturen ofzehalen, wësse mir och net. Hie wäert sech mat sengen Experten an de Kollege vun der Regierung drop accordéiert hunn, datt dës Examen (schrëftlech a mëndlech) am Respekt vun de „Reegelen“ ofgehale ginn.

De Plang anhalen

Woubäi et schon iergendwéi géif viraussetzen, datt de 4. Mee de Schoulbetrib och nees kann opgeholl ginn. An och natierlech nëmmen ënnert der strikter Konditioun, datt all déi am Kontext vun der Pandemie (Covid19) operluechten Hygiènesmoossname respektéiert ginn. Fir de Schüler net ze vill ofzeverlaangen, bezéien sech d‘Exame just op dat wat bis den 13. Mäerz geléiert gouf.

D‘Examenskommissioune sinn ugehale ginn, hir Froen esou ze gestalten, datt de „Fair-play“ respektéiert gëtt. Esou sollen d‘Schüler beispillsweis tëscht zwou Froe wiele kënnen. Esou sollt séchergestallt sinn, datt de betraffene Schüler d‘Matière och tatsächlech zougedroe krut. Déi sougenannt „lignes directrices“ fir d‘Froebéi ginn ee Méindeg op eschoolbooks.lu verëffentlecht.

Eng Kiischt fir de Kuch

Wann dat dann alles no de Virstellunge vum Minister a sengen Experte ka realiséiert ginn, soll et no den Exame fir all déi zukünfteg Héichschoul- an Universitéitsstudenten eng Offer ginn, déi et hinne soll erméiglechen, sech ënnert de bescht méigleche Viraussetzungen op déi weider Etüde kënne virzebereeden. Och dat soll an de Lycéeë stattfannen. Ob a wéi dat goe kann, gesi mir dann…

Wichteg a richteg – bezunn ob déi bestoend Onsécherheete wat d‘Anhale vun dësem Plang betrëfft – ass dann awer de Virstouss, deen den Educatiounsminister op europäeschem Niveau gewot huet luewenswäert. Hie verhandelt haart awer mat der noutwenneger Aemooss, mat de Länner, fir ee Report vun den Delaie fir d‘Aschreiwung op der gewënschter Universitéit, respektiv Héichschoul ze erwierken.

Illustratioun: © Alissa de Leva / unsplash

Ähnlech Sujeten Educatiounsminister, Examenskommissioun, Ofschlossexamen, Pandemie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel