Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ee Joer feste Prisong wéinst Vergewaltegung
Money Neiegkeeten

Ee Joer feste Prisong wéinst Vergewaltegung

Leschten Dënschdeg, ass op der Cour d‘Appell zu Lëtzebuerg, e

Garage Losch:  Ee Buch mat Symbolcharakter a Geschicht
Money Neiegkeeten

Garage Losch: Ee Buch mat Symbolcharakter a Geschicht

Dës Woch war an der Garage Losch, am Showroom vun der

7 Saachen, déi s du nach net iwwert Fast Food wousst
Money Neiegkeeten

7 Saachen, déi s du nach net iwwert Fast Food wousst

Haut ass de Fast Food Day. Op mannst an den

money

Den Eenzelhandel hält sech…

Laut der Berodungsfirma Cushmann & Wakefield ass e gutt géintiwwer der elektronescher Konkurrenz opgestallt

Den Eenzelhandel hält sech…

Et gi vill interessant Etüden, an et soll och emol virkommen, datt ee sech wonnert, wien dës dann am Endeffekt virgeholl huet. An dësem Fall ass et eng gréisser Immobilienagence, déi sech och als Berodungsfirma gesäit, a sech dem Secteur vum Eenzelhandel zougewennt huet.

Deem géif esou schlecht net goen, behaapten se bei Cushmann & Wakefield, an ënnersträiche vu vireran, datt 2018 fir den Eenzelhandel zu Lëtzebuerg eent vu de besser Joren zanter 2010 war. Dat zumindest wann ee sech op d‘Quadratmeter vun de Verkafsfläche bezitt. Dat gesot, gëtt séier kloer, datt et net ëm déi kleng Butteker geet, mee hei vu Shoppingzenter geschwat gëtt.

An de Kontext, firwat esou eng Etüd grad elo „optaucht“ ass dann och den diverse Shoppingzenter geschëlt déi am Entstoen oder esou gutt wéi fäerdeg sinn (Cloche d‘Or / Hamilius). An et dierf een och net vergiessen dat beispillsweis d‘City Concorde och weider gewuess ass. Dorausser schléissen d‘Analyste vu Cushmann & Wakefield dat trotz dem e-Kommerz de physeschen Handel wiisst.

En puer Zuele fir de Kontext ze setzen

Laut der Etüd hunn 2017 schonn 80% vun de Bierger am Alter tëscht 16 a 74 Joer eppes online bestallt. Eenzeg d‘Brite sinn do besser (82%) während bei eisen Noperen dëst verhalen nach eppes manner ausgepräägt ass. Esou läit de Prozentsaz an der Belsch bei 60%, am Frankräich da scho bei 67% a bei eisen däitschen Nopere sinn dann awer 75%. D‘Zuele sinn awer nëmmen indikativ.

A bei Cushmann & Wakefield nuancéiert een dat dann och. Do an éischter Linn den Impakt vum e-Kommerz am direkte Verglach mat Entreprisen, déi sech net am Stadzentrum an/oder mat héije Loyeren erëmzeschloen hunn. D‘Shoppingzenter wieren dann och besser opgestallt, trotz dem Fait, datt de Maartundeel vum e-Kommerz weider klëmmt. Alles kann e-Kommerz dann awer net…

Déi kleng musse weechen oder wuessen

Richteg wier awer och, datt déi kleng Geschäfter, also Entreprise mat begrenzter Verkafsfläch, kaum Zukunftsfäeg sinn, wouduerch sech erkläert, datt – an dat gëllt ganz besonnesch fir déi sougenannte Marke-Geschäfter – d‘Plazbedierfnësser entspriechend gewuess sinn. Haut misst een dem Client eng Aventure, jo esouguer en Erliefnes ubidden, heescht an der genannter Etüd.

Haut kann sech de Secteur vum Eenzelhandel op ronn 32.000 M² Verkafsfläch beruffen, datt ass fir 2018 eng Hausse vun 11% géintiwwer 2017. Dat kéint, esou d‘Analys vu Cushmann & Wakefield, 2019 nach emol iwwertraff ginn. Eng Verkafsfläch huet och e Coût. Am Duerchschnëtt muss een zu Lëtzebuerg: an der Groussgaass 2.160 €/M² an am Garer Quartier 1.080 €/M² d‘Joer berappen.

Foto: Andreas Lischka /Pixabay

Ähnlech Sujeten Cushman & Wakefield, e-commerce, Eenzelhandel, Shoppingzenter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel