Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

„de Konsument“ vum Abrëll: Europa stäerkt d‘Rechter vun de Konsumenten
Stories

„de Konsument“ vum Abrëll: Europa stäerkt d‘Rechter vun de Konsumenten

Déi nei Ausgab vum „de Konsument“ vum Konsumenteschutz (ULC) ass

Memorial Day zu Hamm – Gedenken un déi amerikanesch Affer
Stories

Memorial Day zu Hamm – Gedenken un déi amerikanesch Affer

De Staats- a Prmeierminister Xavier Bettel huet um vergaangene Samschdeg

dislike
Attentater op Politiker weisen, wéi gewaltbereet Rietsextremer sinn
Stories

Attentater op Politiker weisen, wéi gewaltbereet Rietsextremer sinn

Et si schlëmm Noriichten, déi een al Dag erreechen. Zënter

Och den Eeschtfall muss trainéiert ginn

Och den Eeschtfall muss trainéiert ginn
Ier et lasgeet, kréien d‘Observateuren den Zeenario nach emol um Pabeier gewisen. © Martine de Lagardère/moien.lu
Och den Eeschtfall muss trainéiert ginn
Déi Fräiwëlleg Pompjeeën aus dem Réiserbann hunn als „Affer“ matgemach. © Martine de Lagardère/moien.lu
Och den Eeschtfall muss trainéiert ginn
Virun der Übung muss alles op senger Plaz stoen. Den Exercice soll esou realistesch wéi iergendwéi méiglech sinn. © Martine de Lagardère/moien.lu
Och den Eeschtfall muss trainéiert ginn
Deen eleiten hat déi schlecht Roll. Säi Auto huet gebrannt an esouwäit bekannt, huet den Dummy d‘Übung net iwwerlieft. © Martine de Lagardère/moien.lu
Och den Eeschtfall muss trainéiert ginn
Et brauch eng grouss Equippe fir alles op d‘Plaz ze kréien, an déi wou sech dat ganzt ukucken waren och zu genuch. © Martine de Lagardère/moien.lu
Och den Eeschtfall muss trainéiert ginn
Déi eng läschen den Auto, déi aner maachen de Plafong naass. Esou gëtt verhënnert, datt déi ënnert dem Afloss vun der Hëtzt afale kann. © Martine de Lagardère/moien.lu
Och den Eeschtfall muss trainéiert ginn
Wann dovunner riets ass, datt een no Affer muss Sichen, da bedeit dat, grëndlech virgoen, an och ënnert de Gefierer nokucken, oder wéi en dësem Fall taaschten. © Martine de Lagardère/moien.lu
Och den Eeschtfall muss trainéiert ginn
Uecht gedoe beim Evakuéiere muss ginn. D‘Aart vun der Verletzung entscheet iwwert d‘Form vun Evakuéierung. © Martine de Lagardère/moien.lu
Och den Eeschtfall muss trainéiert ginn
Hei koum all Hëllef ze spéit. Beim „Chauffeur“ vum Auto dat Feier gefaangen huet konnt kee Liewenszeeche méi festgestallt ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu
Och den Eeschtfall muss trainéiert ginn
Eng Übung, besonnesch wéi déi um Houwald, verlaangt rou an Standhaftegkeet. De Kommandant vun Hesper ass dat ganzt dat och mam gebuedenen Eescht ugaangen. © Martine de Lagardère/moien.lu
Och den Eeschtfall muss trainéiert ginn
Méi liicht blesséierter, ginn zum Deel och „erausgeschleeft“. Zäit ass bei engem Accident an engem Tunnel genau dat wat keen huet. © Martine de Lagardère/moien.lu
Och den Eeschtfall muss trainéiert ginn
Otemschutz an e ganze Koup weider Ausrëschtung maachen den Asaz oft schwiereg. D‘Übunge sinn och geduecht, de Pompjeeën eng Gefill ze vermëttelen, fir beschtens op den Eeschtfall virbereet ze sinn,. © Martine de Lagardère/moien.lu
Och den Eeschtfall muss trainéiert ginn
Otemschutz an e ganze Koup weider Ausrëschtung maachen den Asaz oft schwiereg. D‘Übunge sinn och geduecht, de Pompjeeën eng Gefill ze vermëttelen, fir beschtens op den Eeschtfall virbereet ze sinn,. © Martine de Lagardère/moien.lu
Och den Eeschtfall muss trainéiert ginn
De ganzen Asaz muss dokumentéiert ginn. © Martine de Lagardére/moien.lu
Och den Eeschtfall muss trainéiert ginn
Vill Plaz fir eng Persoun aus dem Auto ze huelen ass am Tunnel net. Trotzdeem muss et schnell goen. © Martine de Lagardère/moien.lu
Och den Eeschtfall muss trainéiert ginn
Vill Plaz fir eng Persoun aus dem Auto ze huelen ass am Tunnel net. Trotzdeem muss et schnell goen. © Martine de Lagardère/moien.lu
Och den Eeschtfall muss trainéiert ginn
Eng éischt Analys vun der Übung, iert et méi spéit an den Detail ka goen. © Martine de Lagardère/moien.lu
Och den Eeschtfall muss trainéiert ginn
E schweesdreiwenden Exercice. Zäit sech ze erblosen huet een am Eeschtfall awer éischter net. © Martine de Lagardère/moien.lu
Och den Eeschtfall muss trainéiert ginn
E schweesdreiwenden Exercice. Zäit sech ze erblosen huet een am Eeschtfall awer éischter net. © Martine de Lagardère/moien.lu
Och den Eeschtfall muss trainéiert ginn
Den eeschte Bléck no der Übung. Natierlech kann een et ëmmer besser maachen, mee Übunge sinn och do fir d‘Feeler ze gesinn an z‘analyséieren. © Martine de Lagardère/moien.lu

Wat fir vill Automobilisten tëscht dem Freideg 21:00 an dem Samschdeg 19:00 Auer eng „Plo“ war, hat e bedeitenden Hannergrond. Tëscht dem Irgäertchen an dem Gaasperecher Kräiz war d‘A1 zum Zweck vun enger grousser Pompjeesübung am Tunnel Houwald gespaart.

D‘Beruffspompjee aus der Stad an déi Fräiwëlleg vun Hesper hunn hei den Eeschtfall probéiert. Den Zeenario: en Accident tëscht verschidden Autoen an engem Bus, bei deem dunn och e Feier ausgebrach ass. Staarken Damp huet sech gebilt an och e Camion huet sech hannert dem Onfall queesch an den Tunnel gestallt.

Déi ronn 30 Pompjeeën déi den Asaz geüübt hunn, haten dann och den Oflaf gutt gemeeschtert, wéi et aus enger éischter Matdeelung vun den Observateuren heescht. Alles an allem, ware fir den Oflaf eng 100 Mataarbechter vun de Ponts & Chaussées, der Aarbechtsinspektioun, der Police an eben de Pompjeeën op der Plaz am Asaz.

Mat System

Den Accident ass geschitt, den Alarm ausgeléist. Am Tunnel den Opruff aus de Lautsprecher: „Feier, Liewensgefor, verloosst den Tunnel“. D‘Pompjeeën op der Plaz musse fir unzefänken d‘Situatioun beuerteelen. Dat geet da just bis bei d‘Feier, eréischt wann dat geläscht ass, ka weider no Verletzten oder an de Gefierer blockéierten Affer gesicht ginn.

Mat sougenannte „Pucks“ déi a veschiddene Faarwe liichten, gi Markéierunge geluecht. Orange bedeit, datt op där Plaz e Verletzten entdeckt ginn ass. Déi blo wéist un wou de Läschzuch sech a Positioun muss bréngen. Dat alles verlaangt Koordinatioun, an heifir ass et wichteg, datt den Kommandant, deen den Asaz leet, déi richteg Informatioune vum Inspektiounstrupp kritt.

Da maachen sech och schonn zwee Pelotonen (zwou Gruppe vu fënnef Leit) op de Wee fir d‘Feier ze läschen. Eng vun den zwou Equippe läscht d‘Feier, déi aner nätzt de Plafong vum Tunnel. Domatter gëtt verhënnert, datt duerch d‘Hëtzt eppes kann afalen. En Asaz deen Zäit verlaangt, säit dem Alarm sinn do schonn 20 Minutte vergaangen.

Evakuéiere muss schnell goen

Wann d‘Feier da bis geläscht ass, mussen déi Blesséiert esou schnell wéi méiglech aus dem Tunnel evakuéiert ginn. Firwat sech bis nom läsche vum Feier keen ëm d‘Léit gekëmmert huet, läit un der spezifescher Situatioun. Am Géigesaz zu engem Hausbrand, wou et heescht „rette virum läschen“ ass et am Tunnel ëmgedréit: Hei muss vir unzefänke geläscht gi fir datt e rette kann.

D‘Lëtzebuerger Pompjeeën üben hiren Asaz am Tunnel generell an der Schwäiz. Hei hunn se de entspriechend Erfarung an et gëtt och Tunnelle fir d‘Übung realistesch ëmzesetzen. Zu Lëtzebuerg muss awer och op mannst zwee mol am Joer den Eeschtfall geüübt ginn. Am Fall wou muss et bekanntlech schnell goen, an zu dësem Zweck stinn déi Übungen dann och un.

D‘Manöverkritik, déi no esou enger Übung wichteg ass, dréit dozou béi, dass d‘Ofleef zäitlech besser ofgestëmmt kënne ginn, manner Zäit verluer geet. Woubäi ee awer soll berécksiichtegen, datt keen Asaz deem anere gläicht, an et virun allem dorëms geet e rouege Kapp ze behalen.

Fotosgalerie: Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Hesper, Houwald, Pompjeeën
Nächsten Artikel Virrechten Artikel