Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Wéi gutt kenns du d’Nordstad?
Meenung WTF

Wéi gutt kenns du d’Nordstad?

Och wann d‘Nordstad nach éischter eng Theorie wéi eng Tatsaach

Summeruni – Een informative Weekend ëm d’Klimaproblematik a méi!
Meenung WTF

Summeruni – Een informative Weekend ëm d’Klimaproblematik a méi!

Um 27. an 28 Juli organiséieren déi Lénk d’Summeruni, ee

Jemen: 1 Millioun Kanner vun Hongersnout bedreet!
Meenung WTF

Jemen: 1 Millioun Kanner vun Hongersnout bedreet!

Haut huet d‘ONG „Save the Children“ déi international Communautéit virun

surprise

Den ëffentlechen Transport entwéckelt sech zum Wahlthema

E Kommentar

Den ëffentlechen Transport entwéckelt sech zum Wahlthema

Et soll een sech zwar net op d’sozial Netzwierker verloossen, fir eng Stëmmung ze erfaassen. An dach kann een gewëssen Trends feststellen. Een Trend ass mer kloer zënter dem 10. Dezember opgefall: D’Zich kommen ëmmer mi oft ze spéit. An d’Zuel vun deenen, déi sech online opreege, klëmmt och.

Datt d’CFL do e Problem huet, huet och de Marc Hoffmann dem Radio 100,7 vis a vis missen zouginn. A si mer eis éierlech, den nationale Zuchreseau kann net eleng fir seng Problemer. Wéi den Direkter fir de Beräich Passagéier am Interview seet, ginn och munch Verspéidungen aus dem Ausland importéiert. An datt et zu Pannen am technesche Beräich kënnt, dat kënnt och am beschten Zugreseau vir. Mee aner Problemer, déi sinn hausgemaach.

D’Investitioune brauchen nach Zäit, bis se gräifen. Mee dat lenkt net vu grondleeënde Problemer vum Reseau of.

Mir kruten all di lescht puer Méint widderhuelt ze héieren, wéi vill Investitiounen an de Reseau gestach ginn. Déi sinn och gutt, mee hiren Effet wäert eréischt no Joren ze spiere sinn. Si kënnen och net iwwer d’Versäumnisser vun der Vergaangenheet ewech täuschen: Oft huet een d’Gefill, den Zugreseau wier vernoléissegt ginn. Zënter dem Réckbau aus den 60er Joren an der Elektrifizéierung, déi bis an 90er gedauert huet, war et laang roueg. Mee d’Passagéierzuele si geklommen, no an no, wat u sech eng begréissenswäert Entwécklung duerstellt. Wier de Reseau nëmme mat gewuess.

A sécherlech ass et esou, datt mëttlerweil Saache geschéien. Den Ausbau vun der Gare an déi zweet Linn op Beetebuerg si gutt Projeten, grad esou wéi den Ausbau vun der Gare Ettelbréck. Mee et muss een sech och d’Fro stellen, op et net interessant wier, de Reseau an aner Richtungen auszebauen. Leider war am Fall vu Saarbrécken et – trotz Diskussiounen – verpasst ginn, en Zuchstreck ze bauen. Mee och d’Haaptstadlastegkeet vum Reseau bréngt Problemer. Hapert et an der Stad, hapert et am ganze Land.

An deen Ament si mer och direkt bei der Landesplanung: Wann d’Majoritéit vun den Aarbechtsplazen an der Haaptstad ze fanne sinn, ass et nëmme logesch, datt och jiddereen (wa méiglech nach zur selwechter Zäit) dohinner wëll. Nohalteg wier do wuel, déi aner Entwécklungspolen ze valoriséieren an och den ëffentlechen Transport deementspriechend auszeriichten. Kuerz: den ëffentlechen Transport kéint zu engem wichtegen Thema fir dëse Wahlkampf ginn, mee groussaarteg vill nei Iddien si bis elo nach net opgetaucht. Mee eventuell kommen déi nach, wann d’Wahlprogrammer sech bis konkretiséieren.

Nächsten Artikel Virrechten Artikel