Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Berlin: Seehofer a Merkel fannen am Asylsträit de Kompromëss
inland empire hookup Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-a-taurus-man-long-distance/

Se sinn sech eens ginn, de streideregen Inneminister vun der

headlines for a dating website examples
inland empire hookup Neiegkeeten

Eng Oflenkung op Käschte vun der LGBT-Communautéit

Wéi d’Wahlresultat läscht Joer bis stoung, krut een nach oft

US-Budget: Washington kritt e Kompromëss hin
inland empire hookup Neiegkeeten

US-Budget: Washington kritt e Kompromëss hin

Eigentlech ass de Fait, datt sech den US-President an den

money

Den elektroneschen Handel fir lëtzebuergesch Geschäfter gefërdert

Den elektroneschen Handel fir lëtzebuergesch Geschäfter gefërdert

Op Initiativ vum Wirtschaftsministère ass de GIE „Luxembourg for Shopping“ dëse 16. November geschafe ginn. Dëse Grupp këmmert sech ëm den Opbau an d‘Gestioun vun nationaler Plattform fir elektroneschen Handel.

Den Akt ass vum Francine Closerner, Staatssekretärin fir Wirtschaft; dem Carlo Thelen, Direkter vun der Handelskummer; dem Laurent Schonckert, Vizepresident vum Lëtzebuerger Handelsverband; an den 13 Buergermeeschter vun de Lokalitéiten déi sech als éischt um Projet bedeelegen, ënnerschriwwe ginn.

LetzShop.lu bitt den urbane Geschäfter d‘Méiglechkeet hir Offer a Produiten an enger „elektronescher“ Vitrine a Valeur ze setzen an och direkt Online ze verkafen. D‘Wueren déi hei am Internat kaf ginn, kënnen dann direkt am Geschäft ofgeholl oder op Wonsch geliwwert ginn. D‘Geschäftsleit profitéieren hei vum enger solidariséierter Léisung, déi dann awer 500 Euro/Joer kascht. Dofir mussen d‘Geschäftsleit da keng Kommissioun op d‘Transaktioune bezuelen.

E Projet den sech an de Pakt „Pro-Commerce“ zur Ënnerstëtzung vum urbanen Handel aschreift. De GIE begleet d‘Geschäftsleit um Wee an d‘Digitalisatioun an deem hinnen e weidere Kanal fir de Verkaf vun hire Wueren ugebuede gëtt. Ähnlech Projeten an Däitschland oder der Schwäiz hu ganz positiv Resultater erginn, an och fir méi Leit an de Stadzentre gesuergt.

Handel

Familljefoto vun de Signatairen © MECO/SIP

Bei der Ënnerschrëft huet d‘Francine Closener festgehalen, datt bis ewell nëmmen 9% vun de Lëtzebuerger Geschäfter och eng „Léisung“ zum Akaf iwwert den Internet ubidden. Dobäi ass de Lëtzebuerger EU-Champion am online akafen. Dank der Plattform LetzShop.lu, wëll de Wirtschaftsministère d‘Ongläichheet, deem de Lëtzebuerger Handel ausgesat ass, entgeintwierken.

Matbegrënner vum Gruppement mat Wirtschaftsinteressen (GIE) sinn nieft dem Wirtschaftsministère, der Handelskummer an dem Lëtzebuerger Handelsverband: D‘Stad Lëtzebuerg, Diddeleng, Ettelbréck, Iechternach, Réimech, Gréiwemaacher, Dikrech, Wolz, Mäertert, Miersch, Péiteng a Réiden.

D‘Plattform LetzShop.lu ass nach am Opbau a soll am éischten Trimester 2018 online goen. D‘Geschäfter déi wëlle matmaachen an hir Produkter online kommerzialiséiere sollen sech mam Wirtschaftsministère ënner contact@letzshop.lu fir méi Informatiounen oder Detailer a Verbindung setzen.

Ähnlech Sujeten e-commerce, Francine Closener, Handelskummer, Lëtzebuerger Handelsverband, Wirtschaftsministère
Nächsten Artikel Virrechten Artikel