Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

FC Red Star: „Et wier un der Zäit de Wierder och Dote follegen ze loossen“
economist speed dating single parents mingle dating site

dating in your late 40's

De FC Red Star Märel/Belair fuerdert an engem oppene Bréif

11 difference between dating a girl and a woman
economist speed dating single parents mingle dating site

Chantier LuxTram: déi häertste 24 Méint kommen op eis duer

Wéi d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) leschte Mëttwoch iwwert déi weider

En Treffen tëscht dem Landwirtschaftsminister a BIOG
economist speed dating single parents mingle dating site

En Treffen tëscht dem Landwirtschaftsminister a BIOG

De Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung Romain Schneider

Den Escher Theater an de Conservatoire hunn e volle Programm

Den Escher Theater an de Conservatoire hunn e volle Programm

De Kulturschäffe vun Esch/Uelzecht, de Jean Tonnar, ass e Mann vun de wéinege Wieder. Bei der Virstellung vun der neier Saison huet e just gemengt et wier „ëmmer nees ee Spannende Moment“. Hien huet dann trotzdeem net vergiess de Direktere, stellvertriedend fir hir Mataarbechter, Merci ze soen.

Dem Charel seng läscht

Fir de Charles Muller ass d‘Saison 2017/18 déi läscht. Duerno geet hien a eng verdéngte Pensioun. Woubäi ee sech dierft sécher sinn, datt den Theatermann eis op de Brieder, déi d’Welt bedeite, wäert erhale bleiwen. Ze grouss ass säi Wëssen, ze Ambitiéis säi Kënnen.

Mee iert et esouwäit ass, bléckt hie kuerz op déi nach net ofgeschlosse Saison 2016/17 zréck. Bis zum 29. Juli huet den Escher Theater 29.837 Gäscht gezielt, an et dierften der nees eppes iwwer 31.000 sinn, wann d‘Saison da wierklech op Enn ass.

Fir déi kommend Saison sinn 69 Evenementer, verdeelt op 95 Virstellungen, am Programm festgehalen. Ee Programm dee seng Uspréch huet an duerch ee sëlleche Kooperatioune gekennzeechent ass. „Kooperatiounen si sënnvoll, et bedeit, datt keen Haus eleng riseg Zomme muss opbréngen“, ënnersträicht de Charel dëse Volet u Produktiounen.

Ee ganz faarwege Programm

Wann et op dëser Plaz méiglech wier déi ganz Saison am Detail duerchzehuelen, jo da bréichten se zu Esch keng Broschüre méi ze drécken. Trotz allem wëlle mer den Interesséierten de Mond wässereg maachen an hunn eis erlaabt ee klengen Tour duerch dat gutt 200 Säite staarkt Bichelchen ze ënnerhuelen.

Esou ass all Zirkusfrënd gutt beroden sech de 9. Oktober Scotch & Soda net entgoen ze loossen. D‘Australier bidden deen Owend eng Zirkusshow, do vergeet engem d‘Kucken an d‘Soen. Eng Rees an ee Parallel-Universum aus Zirkus a Spelunken-Jazz.

Direkt duerno, den 17. & 18. Oktober eng Koproduktioun mam Theâtre du Centaure an dem Kulturhaus vu Nidderaanwen: Performance mam Jules Werner an enger Inzenéierung vum Anne Simon. Et ass d‘Geschicht vum Benoît Pleimer, Bankemployée zanter Joer… an dee wëll eigentlech just ganz vill Leit erschéissen.

Matten an der Fuesend, also den 22. & 23. Februar 2018, eng eege Produktioun, La Chambre des Larmes an enger Inzenéierung vum Catherine Schaub, mam Valerie Bodson, Denis Jousselin, dem Steve Carier an engem nach net genannte Schauspiller. Eng Farce (oder och net) iwwert de Vatikan. Fir Leit déi net an de Keller musse fir ze laachen.

Och Escher Meedchen ass eng eege Produktioun an et sollt een, och wann ee net Escher ass, sech den 8. oder 9. Mäerz am Kalenner rout umolen. An dësem Solostéck vum Mandy Thiery kritt den Zuschauer déi „richteg Paus“ bäibruecht. Eng besonnesch Siicht op dat wat een ënnert Kommunikatioun versteet (oder och net).

Jugendtheater an Danz

Och un déi Jonk ass geduecht ginn an déi maachen d‘Saison dann och op. Mat Curtains – Vorhang auf für Mord! steet dem Public eng gelonge Kombinatioun vu Krimi a Backstage-Musical bevir. Dëst den 5. & 6. Oktober.

Kuerz viru Krëchtdag, also den 10.Dezember, eng Koproduktioun mat ILL, dem Kulturhaus Nidderaanwen an dem CAPE: D‘Glühschwéngschen. Hei en Theaterstéck vum Luc Caregari an dem Nora Wagner fir d‘Butzen ab 6 Joer. Ee multidisziplinäert Konzept an ee Spill a Lëtzebuerger Sprooch.

De 25. November dann een Danztheaterstéck: Wanderer. Siwen Dänzer versichen hei an enger Inzenéierung vum Hannah Ma (The People United) dem Public déi mënschlech Sich no Heemecht an dem Verlaangen no Ritualen, no ze bréngen.

Bleiwe mer nach ee kuerzen Ament beim Danz a kommen zu engem bossegen, mee héich interessanten Danzprojet: Breakin‘ Mozart. Breakdance op d‘original Musek vum Wonnerkand aus Wien. D‘Grupp DDC Breakdance mam Christoph Hagel um Piano an dem Darlene Ann Dobisch (Gesang) bidden hei ganz ausgefalene Programm.

Gemëscht kuckenswäert

Dann huet den Escher Theater nach Oper an Operette, Concerten an Fräiraum fir d‘Associatioune. Do beispillsweis fir de „Kabarä Feierstëppler“ deen ënnert der Regie vum Clod Thommes: Al ginn ass näischt fir Feiglinger den 12. Oktober ubitt. Hei dierf net nëmmen, et wäert musse gelaacht ginn. Wëll do wou déi eng op 50, déi aner op 60 Joer zouginn, an se sech alleguerte wëllen nach een Dram erfëllen, jo du muss et bosseg zougoen.

D‘Peffermill(ch)en ass den 21. Januar mat … an um Enn och nach e Buch! zu Gaascht. Ee Koméidistéck als Äntwert op dat am Dezember 2016 vum Lëtzebuerger Literaturarchiv erausbruechte Buch iwwert den genannten Ensembel. Et versprécht also ee lëschtegen Owend ze ginn.

Gutt Aussiichten och fir de Conservatoire

Fir den Direkter vun der Museksschoul Marc Treinen ass esouwäit och alles an der Rei. An der vergaangener Saison waren d‘Besuchszuelen mat ronn 2.300 Gäscht, stabil. De Programm fir d‘Saison 2017/18 ass nees villfälteg gestalt an och Neies hues seng Plaz fonnt.

Nieft dem gewinnten also elo nach Barock, Projete fir a mat Kanner, mee och d‘Fërderung vu jonken Talenter. Domadder steet fest, datt och wann de Conservatoire vläicht méi Leit a senge Raimlechkeete kéint empfänken, se sech hei awer hirer kultureller Verantwortung duerchaus bewosst sinn.

Déi zwee Ziler déi d‘Institutioun verfollegt sinn domadder dann och erreechbar. Éischtens ee Programm ze hunn dee jidderengem eppes ze bidden huet, zweetens, de jonken Artisten eng Bühn ze bidde fir se engem gréissere Public zougänglech ze maachen. Geännert huet sech dann awer nach d‘Programmatioun u sech. Méi Concerte sinn op Freides verluet, wëll sech och d‘Gewunneschten veränneren.

Ee méi déiwen Abléck an de Programm lount sech definitiv. Wien sech d‘Brochure net wëll op de Nuetsdësch leeë kann alles am Internet noliesen op www.theatre.esch.lu an www.conservatoire.esch.lu

Ähnlech Sujeten Kultur, Lëtzebuerg, Theater
Nächsten Artikel Virrechten Artikel