Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Kollektivvertrag an der Fonction Publique ka kommen
what to avoid in online dating Stories

matchmaking takes forever for honor

Et war e wäite Wee bis zum Ofschloss vum Kollektivvertrag

https://moien.lu/when-do-nancy-and-jonathan-start-dating/
https://moien.lu/classy-dating-profile-headlines/
what to avoid in online dating Stories

D‘Handelskummer begréisst TVA-Propose vun der Regierung

Nodeems den europäesche Geriichtshaff d‘Praxis vu verschiddene Länner a Punkto

Näischt Neies, an awer gutt genuch: Set it up ass eng ënnerhalend Romcom
what to avoid in online dating Stories

Näischt Neies, an awer gutt genuch: Set it up ass eng ënnerhalend Romcom

Netflix probéiert zënter enger gudder Zäit schonn, sech als Filmproduzent

Den „Eschlescher“ vun der Sauer

Den „Eschlescher“ vun der Sauer

Wat engem am klenge Geschäft – an natierlech och um Comptoir – vum Hôtel de la Sûre ënnert dem Numm „Eschlescher“ ugebuede gëtt, ass ee ganz agreabelen „Brown Ale“, dee an der Heischter Brauerei gebraut gëtt. Dësen ambréierte Béier, bilt, wann en an d‘Glas fléisst, eng kleng Blumm déi sech um Glasrand festzehale schéngt.

Säi liicht sprëtzege Malzgeroch kann ee scho beim zerwéiere matkréien. Am Mond, ass den Eschlescher agreabel kräfteg, seng Réischt-Aromaen erkennbar awer net opdrénglech. Beim Ofgang gëtt hien eppes séiss, mee bleift insgesamt harmonesch an ausgeglach. Et ass dann och een, dee sech ënnert deene sougenannten „Groussen“ behaapte kann.

Den Eschlescher ass, mat senge 5,8% Alkoholgehalt liicht batter, wat hien zu engem gudde Begleeder vun deftegem Iesse mécht. Dëse Lëtzebuerger Brown Ale passt generell zur eisen nationale Rezepter, a gëtt vu Gourmeten och gäre bei Wëld ugebueden. Et ass zudeem ee vun där Zort, deen am Summer duerchaus erfrëschend ass, woubäi een en awer sollt a Moosse genéissen.

Sauer

Entwéckelt gouf den Eschlescher vum Hôtel de la Sûre, a presentéiert gëtt hien, nieft der klassescher 0,33er Fläsch, mat dräi ënnerschiddlechen Etiketten. Déi „Neutral“ wou d‘Bild vum „Duerf“ drop ass, an da jee eng Variant fir eis Dammen, an eng fir d‘Hären… © Martine de Lagardère/moien.lu

De Client ass Kinnek

Interessant um Eschlescher, esou de Patron vum Hotel de la Sûre, Ronald Streumer, et ass dat eleiten en „Hausbéier“. Et kritt een en nëmme bei hinnen, an dat meescht och Sënn. Hien ass beléift bei den Touristen an de Lëtzebuerger gläichermoossen, wat erkläert datt 2018 schonn iwwer 5.000 Fläschen u glécklech an zefridde Cliente verkaf goufen.

Op d‘Iddi sech en Hausbéier zouzeleeën, koum de Ronald Streumer virun elo gutt dräi Joer. Den Hôtel de la Sûre, deen eng helle Wull u Servicer – wéi de Wellness & Beauty Center, eng Konschtgalerie a Plaz fir Seminaire – ubitt, ass en innovativen a moderne Betrib, an deem alles gemaach gëtt, fir dem Client gerecht ze ginn. Hei ass een eben nach Kinnek…

A wat kann dann och méi schéi sinn, wéi an dësem romanteschen Ëmfeld (hei steet ëmmerhin déi eelste Buergruin aus dem Land an bis an de Naturpark huet een et och net wäit) d‘Liewe mat engem Eschlescher ze genéissen? Ma eventuell d‘Tatsaach, datt een sech hei e puer Fläsche ka mathuelen. Et gëtt dozou iwwregens eege Glieser, déi och wann se net geschenkt sinn, zum Béier gehéieren.

Foto: Den Eschlescher, den originellen Hausbéier vum Hôtel de la Sûre. En éierlechen artisanale Béier deen an der Heischter Brauerei exklusiv fir de Ronald Streumer hiergestallt gëtt. Wien sech dësem emol higinn huet, wëll en net méi lassloossen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Adventskalenner, artisanale Béier, Craft Beers, Eschlescher, Hôtel de la Sûre, Ronald Streumer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel