Search

You may also like

D‘Äntwert vum Minister op d‘Reproche vum HOA
Erkläert

D‘Äntwert vum Minister op d‘Reproche vum HOA

Den Direkter vun ARVAL Lëtzebuerg a Member vum Haus vum

Aus Israel e jiddeschen Nationalstaat gemaach?
Erkläert

Aus Israel e jiddeschen Nationalstaat gemaach?

Wat fir déi eng d‘Bestätegung ass, gesinn déi aner als

Demissioun vun der britescher Inneministesch bréngt Theresa May an d‘Bredouille
Erkläert

Demissioun vun der britescher Inneministesch bréngt Theresa May an d‘Bredouille

Um Sonndeg huet d‘Amber Rudd, déi britesch Inneministesch, hir Demissioun

Den Etat d’Urgence, erkläert

Den Etat d’Urgence, erkläert

Demnächst gëtt an der Chamber zum Thema vum Etat d’Urgence gestëmmt. Fir datt des Ännerung vun der Verfassung vum Grand-Duché ugeholl gëtt, muss se 3 / 4 vun de Stëmme kréien. Mee wat steet do eigentlech dran an deem Artikel?

Firwat gëtt d’Verfassung geännert?

No den Attentater a Frankräich am November 2015 huet de Premier et fir noutwenneg empfonnt, d’Verfassung punktuell unzepassen. Dobäi handelt et sech em den Artikel 32, Paragraph 4. Dëst gräift enger gréisserer Verfassungsrevisioun vir.

A wéi engem Fall kann den Etat d’Urgence ausgeruff ginn?

Den Artikel definéiert et puer Fäll: International Krisen, reell Geforen fir vital Interessen vun der ganzer oder engem Deel vun der Bevëlkerung, oder enger imminenter graver Bedreeung fir d’ëffentlech Sécherheet.

Wat kann am Etat d’urgence geschéien?

Falls d’Chamber net fäeg wier, schnell ze handelen (z.b. Gesetzer ze stëmmen) fir mat der Kris em ze goen, kéint d’Exekutiv higoen a per groussherzoglechem Reglement agräifen. Dëst soll awer nëmmen am Aklang mat Verfassung an internationalem Gesetz geschéien.

Wéi laang kann den Etat d’Urgence daueren?

Ab dem Ausruffen 10 Deeg. E kann allerdéngs op bis zu dräi Méint erweidert ginn. Dëst muss allerdéngs per Gesetz geschéien.

Wee gesäit des Ännerung kritesch, a firwat?

Souwuel Chambre des fonctionnaires et employés publics als och d’Chambre de Commerce hunn an hiren Avisen d’Schwammegkeet vum Text kritiséiert. Virun allem kann een an de Begrëff vun der internationaler Kris vill eran interpretéieren. D’Chambre des salariés huet dogéint vun engem Proportionalitéitsmangel geschwat.

 

 

Related topics Erkläert, Etat d'Urgence, Lëtzebuerg
Next post Previous post