Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bréngt Fleeschverzicht der Ëmwelt wierklech eppes?
International Money Neiegkeeten

Bréngt Fleeschverzicht der Ëmwelt wierklech eppes?

Un enger Modellrechnung hunn US-amerikanesch Fuerscher elo berechent, wat de

Krisegebitt Mëttelmier: op der Ocean Viking ginn d‘Liewensmëttel knapp
International Money Neiegkeeten

Krisegebitt Mëttelmier: op der Ocean Viking ginn d‘Liewensmëttel knapp

D‘Ocean Viking, déi vun den Hëllefsorganisatioune SOS-Méditérranée an Dokteren ouni

Covid-Test fir d’Déngschtrees: Recommandatiounen zur Demarche
International Money Neiegkeeten

Covid-Test fir d’Déngschtrees: Recommandatiounen zur Demarche

Duerch déi rezent Evolutioun a Saache Covid-19 hunn d’Generaldirektioun vun

money

Den europäesche Finanzsommet

Den europäesche Finanzsommet

Haut geet et zu Bréissel ëm den EU-Budget an d‘Finanzhëllefe vun der Coronavirus-Kris. Et wäert zolidd gestridde ginn an esou wierklech schéngt keen um Konsens interesséiert ze sinn. Zäit sech ee Bléck op déi ënnerschiddlech Fuerderungen a Wënsch ze vergënnen.

De leschte physeschen EU-Sommet Enn Februar war virun allem vun de 4 „Spuersamen“ gepräägt ginn. Dänemark, Éisträich, Holland a Schweden hunn nämlech net nëmme wëlles d‘Ausgabe vun der Unioun ze begrenzen, nee si wëllen déi kierzen. Hire „Spriecher“, de Ministerpresident vun Holland, Mark Rutte, hat bei dësem Treffe kloergestallt: „Ech loosse mech net ënner Drock setzen“.

Verständlech datt dëse Grupp och de 750 milliardeschwéiere Konjunkturprogramm vun der EU net wierklech begréisst, dofir éischter kritesch agestallt ass. Si hunn en zolitte Problem domadder, datt e groussen Deel vun dësem Geld an déi am schlëmmste vun der Coronavirus-Kris betraffe Länner soll fléissen, ouni datt dës Länner d‘Finanzhëllef mussen zréckbezuelen. Et wier quasi ee Kaddo…

Dës Propos, de Länner „einfach Geld ouni Konditiounen ze iwwerweisen“ koum vu Berlin a Paräis. D‘Angela Merkel an de ń Emmanuel Macron hunn dat zumindest esou virgeschloen. En Deel vum Geld soll sech d‘EU-Kommissioun léine goen, wat dann och géif bedeiten, datt d‘EU fir déi éischte Kéier a senger Geschicht, géif „eege“ Scholde maachen. An dat ass ee Paradigmewiessel.

Bis dohinner war Berlin eigentlech ëmmer – wéi de Grupp vun de véier Spuersamen – géint eng Vergemeinschaftung vun de Scholden, mee ugesiichts dem enorme wirtschaftleche Schued, deen d‘Coronavirus-Kris ugeriicht huet, hunn eis däitsch Noperen hir Positioun nach emol iwwerduecht a verfueren elo nom Motto: „Nëmme wann Europa gutt geet, geet et och Däitschland gutt“.

Kee Konsens a Siicht

Dat gesinn Dänemark, Éisträich, Holland a Schweden anescht: Si sinn der Meenung, datt 750 Milliarden Euro vill ze vill sinn, firwat si am Mee en eegene Virschlag virgeluecht haten, fir d‘EU aus der Kris erauszeféieren. Si hate virgeschloen, déi europäesch Wirtschaft mat gënschtege Kreditter nees a ze relancéieren, woubäi dës Nouthëllef op zwee sollt begrenzt ginn.

An natierlech hätten d‘Länner dëst Geld dann och missen zréckbezuelen. Mat wéi engem Geld déi Länner hir Scholden zréckbezuele sollen, konnten déi „véier“ dann awer och net erklären. Italien hat dës Fuerderung zréckgewisen, esou wéi si och d‘Hëllef vum ESM verworf hunn. D‘Regierung zu Roum sech net wollt Reformen opzwénge loossen, wéi dat mat Griicheland gemaach gi war.

Den éisträichesche Kanzler Sebastian Kurz, huet dergéint gehalen an nach emol ënnerstrach: „Et dierf keng Scholdenunioun duerch d‘Hannerdier ginn“. Mëttlerweil huet de Chrëschtdemokrat eng Koalitioun mat den Ekologiste gebilt an déi fannen den EU-Konjunkturprogramm éischter fir gutt, firwat de Sebastian Kurz eng méi „conciliant“ ass, a fir eng „ausgewoe Balance“ plädéiert.

Konkret heescht dat, datt et en Equiliber tëscht de Kreditter an de Finanzsprëtzen, déi net missten zréckbezuelt ginn, bréicht. D‘Éisträicher bestinn och drop, datt d‘Geld muss a Projete fléissen, déi Zukunftsorientéiert sinn: Klimaschutz an Digitaliséierung wieren do eng Prioritéit. Et géif een awer net laanscht eng Reforme kommen, wéi administrativ Vereinfachung oder Steierhannerzéiung.

Dem Charel säi Kompromëss

Wann elo gewosst ass, datt et och Holland dierft dru geleeë sinn, datt ee gemeinsam aus dëser Kris erauskënnt, da kéint dem EU-Rotspresident Charles Michel säi Wee zum Kompromëss sech als ëmsetzbar erweisen. Hie war de Kritiker mat engem neien Entworf entgéint komm, a wier bereet de pluriannuelle Budget vun den nächste siwe Joer liicht ze kierzen. Et soll zudeem Rabatter fir déi als Nettozueler bezeechent Länner kommen, wat och de Pierre Gramegna erfreeën dierft.

Zudeem soll de Länner méi Matsproocherecht bei der Verdeelung vum Geld aus dem Programm gewäert ginn. 30% vum Geld sollen an de Klimaschutz gestach ginn, wat nees d‘Länner aus dem europäeschen Norden a Westen erfreet, dofir bei de Länner vum Visegrad-Grupp (Polen, Slowakei, Tschechien an Ungarn) op massive Widderstand stéisst, déi fäerte Subventiounen ze verléieren.

An dann ass do och nach den ominéise Gedanken, datt ee kann d‘Finanzhëllef un d‘Anhale vun der Rechtsstaatlechkeet kéint knäppen. Déi däitsch Bundeskanzlerin huet d‘Anhale vun de Grondrechter zu engem zentrale Punkt vun der däitscher EU-Rotspresidence erkläert. An d‘Propos vum Charles Michel gesäit fir, datt Länner déi d‘Onofhängegkeet vun der Justiz, Meenungsfräiheet a Pressefräiheet beschneiden, kéinte manner Geld zougewise kréien.

Randnotiz:

Iwwert dat Ganzt sollen d‘Memberlänner mat der sougenannter qualifizéierter Majoritéit befannen, wat géif bedeiten, datt 55% vun de Länner déi zesummegeholl mindestens 65% vun der EU-Bevëlkerung ausmaachen, dem Entworf missten zoustëmmen. Villen ass dat eng Hürd déi vill ze héich ugesat ginn ass, mee et gëllt jo hei awer och déi „kleng“ Memberen ze berecksiichtegen.

An da sinn do nach Polen an Ungarn, déi sech kategoresch géint de „Rechtsstaatmechanissem“ ausgeschwat hunn. Si hunn et net esou mat der Demokratie, Naturschutz a Mënscherechter, firwat si stänneg mat Verfare bedreet musse ginn. Trotzdeem hu si ganz gutt Aussiichten hie krätzeg Fuerderungen ëm- an duerchgesat ze kréien. Dat ass dem Fait geschëlt, datt den EU-Budget muss eestëmmeg ugeholl ginn. Dës ultrakonservativ a nationalistesch Regierungen hu quasi e Vetorecht.

mat indymedia/bru

Illustratioun: © Marek Studzinski / unsplash

Ähnlech Sujeten Budget, EU-Sommet, Konjunkturpak, Scholden, Vetorecht
Nächsten Artikel Virrechten Artikel