Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

MSC: Europa an d‘USA mat géigesätzlechen Usiichten
Neiegkeeten

MSC: Europa an d‘USA mat géigesätzlechen Usiichten

Ob der Münchener Sécherheetskonferenz (MSC) hu sech déi grouss Demokrate

Vun Alkoholkontrollen an rabiat Nuetsgesellen
Neiegkeeten

Vun Alkoholkontrollen an rabiat Nuetsgesellen

Et ass Fuesent an d‘Police hat et ugekënnegt: et kënnt

Affär Epstein: Hu seng Giischtercher gepennt statt uecht ze dinn?
Neiegkeeten

Affär Epstein: Hu seng Giischtercher gepennt statt uecht ze dinn?

Eigentlech ass et en Trappewitz vun der Geschicht, an déi

EU-Vertriedung zu Lëtzebuerg: Den europäesche Gesondheetsprogramm fir 2020

EU-Vertriedung zu Lëtzebuerg: Den europäesche Gesondheetsprogramm fir 2020

Et war e Mëttwoch nees eppes méi lass am Haus vun Europa an d‘Cheffin Yuriko Backes, war ganz Zefridde mam Interessi deen dës éischt Konferenz an der Mëttegstonn erwächt huet. A Passend zum Thema huet si de Public dann och mat enger „Gutt Joer an eng gutt Gesondheet“ Begréissung empfaangen. Et ass jo ëm déi 6 Prioritéite vun der EU am ëffentleche Gesondheetsberäich gaangen.

Als Conferencier hat d‘Haus vun Europa den John F. Ryan, Direkter vun der EU-Kommissioun fir ëffentlech Gesondheet, agelueden a den iresche Beamten huet sech aleedend dem leschte Rapport vun der Kommissioun ugeholl, an deem e Bilan zur Gesondheetssituatioun 2019 gezu gëtt. Hei geet et ënnert anerem ëm déi „mental Gesondheet“ an laut dem Rapport ass mëttlerweil 1 vu 6 Europäer betraff.

Et geet och riets iwwert d‘Investitiounen am ëffentleche Gesondheetsberäich, wou vill Geld verbëtzt gëtt. Mir ginn an der Unioun net iwwerall gläich al an d‘Liewenserwaardung wier zudeem réckleefeg, firwat et och méi Preventioun a méi „Gerechtegkeet“ brauch, well hei nees d‘Prekariat primär betraff ass.

Déi nei Prioritéiten déi d‘EU sech ginn huet, passe voll a ganz an de Kontext vum Green Deal deen d‘EU-Kommissiounspresidentin rezent virgestallt huet. Et wier jo e wichtegen Indicateur fir d‘EU-Kommissäre fir d‘Gesondheet an d‘Liewensmëttelsécherheet, wat och erkläert datt déi 6 Prioritéite ganz an dësem Sënn opgestallt gi sinn.

Gesondheet richteg bewäerten

Eng dovunner betrëfft de Kriibs, deen als déi zweet heefegst Doudesursaach vum John F. Ryan genannt gëtt. 40% vun de Fäll kéinten eigentlech séier diagnostizéiert a folglech och geheelt ginn, wann et dann emol esou eppes wéi en eenheetleche bei der Preventioun an der Fréierkennung an der EU hätt. Dat kascht awer och Geld an eng Rei Länner brauchen dat fir aner Zwecker.

Aneres wat dem mann Suerge bereet, sinn d‘Problemer déi mat de Krankheeten anhier ginn: esou den Accès zu den Traitementer, oder d‘Recht drop „vergiess ze ginn“ an den Usproch op e wierdegen Oftrëtt. Mee och do gëtt an der EU keng eenheetlech Linn. De 4. Februar soll dann awer emol eng ëffentlech Consultatioun lancéiert ginn…

Eng aner Prioritéit bezitt sech op d‘Impfungen. Hei huet de John F. Ryan richteg festgestallt, datt sech ëmmer méi Leit verweigere well si op d‘Lige vun den Impfgéigner erafalen oder aus reliéise Grënn dergéint sinn. D‘EU-Kommissioun wëll awer – wei vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) suggeréiert – bei de Riedelen e Vaccinatiounstaux vu 95% erreechen.

Op et awer esou einfach soll sinn, wéi sech dat de Beamte wënscht, routineméisseg säin Impfstatut iwwerpréiwen ze loossen an déi an de verschiddene Liewensphasen opzefrëschen? En europäeschen Impfpass wier eng Méiglechkeet an dëse sollt och „elektronesch gedeelt“ kënne ginn. En online Portal kéint geschafe ginn, fir objektiv an transparent iwwert den Notze vun den Impfungen opzeklären. Eng gutt Iddi, déi awer d‘Vertrauen an d‘Institutioun EU viraussetzt.

Last not least: d‘Immunitéitsresistenz! De falschen Ëmgang mat Antibiotiken, d‘Problemer mat de sougenannte „Resistenzen“ a villes méi, géif d‘EU 1,5 Milliarden Euro kaschten an all Joer fir bis zu 25.000 Doudesfäll verantwortlech gemaach ginn. Käschte reduzéiere kann een och, andeems ee sech bei de Generika bedéngt. Zudeem huet de John F. Ryan eng Lanz fir déi nohalteg Landwirtschaft an eng gesond Ernärung gebrach.

Ofschléissend ass zréckzebehalen datt och de Klima wichteg fir d‘Gesondheet ass, firwat dann elo d‘EU-Kommissioun propper Energie benotze wëll a sech fir eng nohalteg Industrie a Mobilitéit asetze wëll.

Foto: „Mir mussen de Leit aus de Gesondheetsberuffer déi Formatioun zoukomme loossen déi noutwenneg ass fir am Vertrauen Impfen a sech géint d‘Retizenzen zur Wier setzen ze kënnen“, esou de John F.Ryan. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten EU-Gesondheetsprogramm, Haus vun Europa, John F. Ryan
Nächsten Artikel Virrechten Artikel