Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

UN-Agenda 2030: „Ee Vull fir d‘Kaz“
Neiegkeeten

UN-Agenda 2030: „Ee Vull fir d‘Kaz“

17 sozial-, wirtschaftlech-, ëmwelt- a friddenspolitesch Ziler sinn an der

Konscht am Gronn – Dëse Sonndeg nach eppes méi extravagant
Neiegkeeten

Konscht am Gronn – Dëse Sonndeg nach eppes méi extravagant

E Sonndeg de 4. August stellt sech d‘Stad Lëtzebuerg ganz

Cannabis: Nopere wéinst zukünfteger Legaliséierung besuergt
Neiegkeeten

Cannabis: Nopere wéinst zukünfteger Legaliséierung besuergt

Datt zu Lëtzebuerg, bannent de nächsten zwee Joer de Cannabiskonsum

Den FNCTTFEL zum ëffentlechen Transport

Fir sécher, qualitativ héichwäerteg Aarbechtsplazen a massiv Neiastellungen

Den FNCTTFEL zum ëffentlechen Transport

Als éischt Land vun der Welt wëll déi nei Regierung den ëffentlechen Transport ab 2020 zu Lëtzebuerg gratis offréieren. Fir dës Déngschtleeschtung ëmzesetze mussen awer d’Konditioune stëmmen!

Dëst ass momentan awer net de Fall an dofir gëtt d’Initiative vun der Regierung mat engem däitlechen NEE beäntwert. De Gratistransport kann net vun de Problemer, déi all Dag vun den Notzer wouer geholl ginn, am ëffentlechen Transport oflenken. Pünktlechkeet, Zouverlässegkeet an eng exzellente Betreiung vun de Cliente mussen zum Markenzeeche vum ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ginn. De konsequenten Infrastrukturausbau, d’Beschafung vu Material a virun allem genuch qualifizéiert Personal sinn heibäi wichteg Bedéngungen.

De Landesverband warnt, datt bei der CFL-Generaldirektioun, an Erwaardung op de Gratistransport, Virentscheedungen a punkto Personalausstattung bei den zentralen Déngschtplazen, de Garen an, an den Zich getraff ginn. Fir de Landesverband mussen awer nach weider Bedéngungen erfëllt ginn, fir datt de gratis Transport garantéiert ka ginn.

Fir een neien „Contrat de service public“ mat 15 Joer Lafzäit

De „Contrat de service public de transport de voyageurs par chemins de fer et par route“ muss an éischter Linn ëmgeännert ginn. Den FNCTTFEL-Landesverband fuerdert, datt een neie Kontrakt ënnerschriwwe gëtt, den eng Lafzäit vu 15 Joer huet, an dat nach ier de gratis Transport agefouert gëtt. De Membere vum Landesverband ass et absolut wichteg, datt d’Aarbechtsplaze bei der Eisebunn erhale bleiwen an ausgebaut ginn.

D’Betreiung vun de Cliente muss donieft duerch qualifizéiert Personal verstäerkt a verbessert ginn. Fir d’Ufuerderunge vum aktuelle Kontrakt ze erfëlle muss an Zukunft massiv Personal agestallt ginn. Déi ganz Offer am ëffentlechen Transport, souwéi op de Gare muss ausgeschafft ginn, am Sënn vun de Reesenden.

Fir Geeschtergaren ze verhënneren ass et extrem wichteg, datt déi personell Präsenz op alle Gare verbessert gëtt. Garen, déi schonn zou sinn, mussen nees opgemaach ginn. An dësem Zesummenhang wëll den FNCTTFEL op den Artikel 9 vum Vertrag hiweisen, den beseet, datt de Client déi beschtméiglech Informatioune kritt. Dës Moossnam ka just mat qualifizéiertem Personal ëmgesat ginn.

Donieft fuerderen si, datt d’Déngschtleeschtunge bei den eenzele Garen an der Tabelle vun der Annexe 5 vun der Veruerdnung iwwerschafft ginn an esou un d’Uspréch vum Client ugepasst gëtt.

D’Déngschtleeschtunge mussen ëmmer erëm kontrolléiert ginn. Den Artikel 30 beseet, datt reegelméisseg Kontrollen, souwéi Audits duerchgefouert ginn. Fir dës Ufuerderungen ze garantéieren, muss dëst vum qualifizéierte Personal, de sougenannte „Contrôleur de route“, sou wéi vum RGTR-Personal iwwerpréift ginn. Dës Iwwerpréiwung soll bei allen Déngschtleeschter duerchgefouert ginn (RGTR, AVL, TICE, CFL, Luxtram).

Et ass verständlech, datt de Client beim Kafe vun engem Ticket erwaart, de beschte Service ze kréien. Hien an den Ubidder sinn u verschidde Betribsbestëmmunge gebonnen. Fir de Client sollten déi allgemeng Bestëmmunge bekannt sinn, schonn eleng, well se an de Garen ausgeschëldert sinn. Sollt den ëffentlechen Transport an Zukunft gratis gi muss ee vun engem fräien Ticket schwätzen. Als Landesverband fuerderen si, datt dës Karte weiderhi vum Personal an den Transportmëttel a Garen un de Client verdeelt ginn.

Donieft fuerdert de Landesverband, datt d’Fräikaarten nummeréiert, an un déi allgemeng Bestëmmunge gebonne sinn. Wann ee Client déi 1. Klass notze wëll, muss dëst jo och un d’Bestëmmunge gebonne sinn.

De Client huet d’Méiglechkeet mam Ticket de Park & Ride ze notzen. Dës Ariichtung erméiglecht et den Autofuerer, hire Wee mam ëffentlechen Transport virun ze fueren. Déijéineg, déi des Parkplazen notzen, hunn d’Méiglechkeet de Parking a Verbindung mat hirem Transportticket 24 Stonne laang gratis ze benotzen.

Ähnlech Sujeten 1. Klass, FNCTTFEL, Gratis Ëffentlechen Transport, Konditiounen, Park & Ride, Zuch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel