Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

déi gréng: Eist Land brauch eng besser Kulturpolitik
Money Neiegkeeten

déi gréng: Eist Land brauch eng besser Kulturpolitik

Nodeems déi gréng sech déi lescht Woch fir de Wunnengsbau

Meenung: Venezuela am Journal-Kommentar
Money Neiegkeeten

Meenung: Venezuela am Journal-Kommentar

Ëmmer méi oft fält de Patrick Welter am „Journal“, dem

Den Anthony Scaramucci, erkläert
Money Neiegkeeten

Den Anthony Scaramucci, erkläert

Den Anthony Scaramucci huet zwou Wochen erlieft, déi duer goe

money

Den (haarde) Brexit aus der Siicht vun der Handelskummer

Iwwer Konsequenzen an Impakt op eis Wirtschaft huet sech de Carlo Thelen Gedanke gemaach

Den (haarde) Brexit aus der Siicht vun der Handelskummer

A sengem Blog, ass den Direkter vun der Handelskummer, Carlo Thelen, op d‘Konsequenzen an den Impakt vum Brexit agaangen. Groussbritannien wier e wichtegen Handelspartner, an ob elo mat oder ouni Accord, den Austrëtt aus der europäescher Unioun, huet Folge fir de Wuesstem.

Esou ass net verwonnerlech, mee éischter verstänneg, wann de Carlo Thelen säi Bäitrag mam Titel „Brexit: Entreprise bereet iech vir!“ versäit. Hie weist drop hin, datt Groussbritannien, jee nodeem aus wéi engem Wénkel et betruecht gëtt, als 5. oder 7. wichtegste Wirtschaftspartner vu Lëtzebuerg ze bewäerten ass. Et muss ee sech och nëmmen ee puer Zuelen ukucken, fir deem zouzestëmmen.

Den Handelsvolummen tëscht Groussbritannien a Lëtzebuerg, huet sech 2017 beim Export op 518 Milliounen a beim Import op 425 Milliounen Euro bezunn. Dat ass nëmmen de Wuerenaustausch. Bei de Servicer explodéiert de Compteur: 12,9 Milliarde beim „Export“ an 12,6 Milliarden Euro beim „Import“. Op d‘Finanzplaz ëmgeluecht: sinn et 7 Milliarden Export a 7,8 Milliarden Import.

Et schéngen dann och éischter d‘Entreprisen aus den Finanzsecteur ze sinn, deenen d‘Waasser bis zum Hals stoe kéint, wann de Brexit – egal a wéi enger Form – zum droe kënnt. De Carlo Thelen weist drop hin, datt vun den 139 Banken déi sech zu Lëtzebuerg néiergelooss hunn, der 8 aus Groussbritannien kommen. Déi wäerten sech eppes mussen afale loossen, wann et soll viru goen.

Iwwerhaapt sinn d‘Brite lëschteg Investisseuren, a kommen direkt no den USA op déi zweet Plaz. Hire Maartundeel bei den Investitioune läit bei 18,4%. An Zuelen ausgedréckt entsprécht dat engem Gesamtvolumme vu 421 Milliarden Euro. Dat stëmmt een nodenklech, woubäi unzeféieren ass, datt sech datt ganzt britescht Geld, net den 29. Mäerz a Loft opléisst, och wann de Gedanken amuséiert.

Wat bedeit dat elo konkret fir Lëtzebuerg?

Wann et ëm d‘Konsequenze geet, esou bestätegt den Direkter vun der Handelskummer, datt eis wirtschaftlech „Gesondheet“ och mam britesche „Wuelbefannen“ verknäppt ass. Oder anescht ausgedréckt: wann d‘Briten houschte kréie mir de Schnapp. Dorausser ergëtt sech, dat mir eis Wuesstemsprognosen nach emol mussen iwwerdenken, an eis no Alternative sollten ëmkucken.

Laut dem Carlo Thelen, géif de Wuesstem sech fir 2019 op 3% an 2010 op 2,7% beschränken. Op d‘Unioun ausgeluecht – esou zumindest d‘Estimatioun vum Weltwährungsfong (IMF) – misst een dovunner ausgoen, datt de Wuesstem ëm 1,5% géif zréck goen, a Lëtzebuerg zesumme mat der Belsch, Holland, Irland, Malta a Zypern, déi gréisste Laascht beim Brexit operluecht kréien.

De Weltwährungsfong stellt a senger Analys fest, datt den Export a Richtung Groussbritannien 4% vun eisem Bruttoinlandprodukt (BIP) ausmécht. Dofir muss ee sech besonnesch bei engem haarde Brexit waarm undoen. Den Direkter vun der Handelskummer wéist an dësem Kontext drop hin, datt déi schwéier administrativ Laascht déi domatter verbonnen ass, dem Handel net zoudréiglech ass.

Säi Rot un d‘Entreprisen ass einfach, an déi wou sech schonn eppes méi laang mam Sujet befaasse sollten och entspriechend virbereet sinn. De Carlo Thelen mengt: „D‘Onsécherheeten am Verbond mam britesche Feuilleton mussen en Enn fannen: et muss een domatter ophalen ofzewaarden, a vun enger Roll als Observateur, an d‘Roll vum Acteur iwwergoen“. Dat misst längst geschitt sinn…

Foto: (Archiv) Carlo Thelen, Direkter vun der Handelskummer © Martine de Lagardère

Ähnlech Sujeten Brexit, Carlo Thelen, Finanzplaz, Handelskummer, Wirtschaftswuesstem
Nächsten Artikel Virrechten Artikel