Lëtzebuerg bereet sech op den haarde Brexit vir

Et war den 23. Juni 2016, wou a Groussbritannien d‘Bierger um Referendum zum Austrëtt aus der europäescher Unioun (Brexit) deelhuele konnten, an déi wou participéiert hunn, waren iwwerzeegt datt eng Scheedung fir si déi beschte Léisung ass.

De 25 November 2018, waren EU a Groussbritannien (endlech) zu engem Accord komm. Dee misst eigentlech nach just vun de respektive Regierunge ratifizéiert ginn, mee während sech déi „27“ eens sinn, gëtt sech am Britesche Parlament (House of Commons) zolidd gestridden. Et leeft alles op den haarde Brexit duer, an och Lëtzebuerg bereet sech op dat schlëmmst vir.

Ënnert der Presidence vum Ausseministère, kënnt et elo zu ad hoc Reunioune vum interministerielle Comité zur Koordinatioun vun der Europapolitik (CIPCE) fir eng Bestandsopnam vun de Virbereedungen an de Ministèren ze maachen. Zanter der Ukënnegung vum Austrëtt aus der EU, huet dëse Sujet reegelméisseg op der Dagesuerdnung vum CIPCE an dem Ministerrot gestanen.

Hei goufen dann och thematesch an/oder sektoriell Reuniounen organiséiert. Dat mat de Ministèren an Administratiounen. De stännege Representant vu Lëtzebuerg bei der EU, oder seng Vertrieder, si bei dëse Reunioune present, wat derzou bäidréit e gudden Informatiounsaustausch tëscht den Entwécklungen zu Bréissel a Lëtzebuerg ze assuréieren.

An dësem Kontext fannen och reegelméisseg Reunioune mat de Servicer vun der EU-Kommissioun statt, fir déi Froen ze behandelen déi en partikularen Interessi fir Lëtzebuerg duerstellen.

Fir op d‘Froe vun de britesche Matbierger zu Lëtzebuerg, esou wéi déi vun de Lëtzebuerger déi a Groussbritannien wunnen ze äntweren, huet d‘Regierung en Informatiounsdossier online gestallt. Am selwechte Kontext, ass um Site guichet.lu en Dossier mat heefege Froen (FAQ) ugeluecht ginn, dee reegelméisseg aktualiséiert gëtt, esou wéi nei Informatiounen disponibel sinn.

Illustratioun: © imago