Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Stëll ass d’Nuecht!
Money Neiegkeeten

What the Fakt – Stëll ass d’Nuecht!

Mir all kennen wuel d’Lidder, déi un Helleg Owend gesonge

Ieweschten US-Geriichtshaff: ass dem Trump säi Kandidat e Sexualtäter?
Money Neiegkeeten

Ieweschten US-Geriichtshaff: ass dem Trump säi Kandidat e Sexualtäter?

Si hunn et an de Bistroen, am Bus, am Auto

58% vun de Kanner profitéieren zu Lëtzebuerg vun enger Betreiung
Money Neiegkeeten

58% vun de Kanner profitéieren zu Lëtzebuerg vun enger Betreiung

Dëst erginn aktuell Zuelen, déi den Eurostat verëffentlecht huet a

money

Asselborn: “Si hunn eis den Handelskrich erkläert”

Asselborn: “Si hunn eis den Handelskrich erkläert”

No der Bedreeung duerch den Donald Trump, Douanestaxen op Stol (+25%) an Aluminium (+10%) fir all Import an d‘USA ze erhiewen, huet um Méindeg den Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) de Punkt gemaach.

De Jean Asselborn, e Minister dee sech ëmmer fir den TTIP ausgeschwat huet, huet sech gëschter missen engem Thema zouwennen, bei deem de Fräihandel méi wei nëmmen a Fro gestallt gëtt. An esou muss och den Ausseminister sech agestoen, datt mat dëse Mesuren d‘Amerikaner och eis den Handelskrich erkläert hunn.

Gutt, et muss ee relativiséieren, ëmmerhin exportéiert Lëtzebuerg grad emol 10% vu senger Stolproduktioun, haaptsächlech Palplanchen an Träger, a Richtung USA. Dat bedeit net, datt den Drock fir de lëtzebuergesche Standuert dofir manner grouss wier, an eng Kris ze fäerten ass.

Den Ausseminister ass sech deemno wuel bewosst, datt déi nach 4.000 Aarbechtsplazen an der Siderurgie zu Lëtzebuerg duerch d‘Entscheedung vum US-President bedreet sinn. An de Jean Asselborn, deem matgedeelt gouf, datt ongezielten Héichhaiser an den USA mat de laangen Träger aus Déifferdeng zesummegeneelt ginn, bleift dann awer optimistesch.

Hien ass also iwwerzeegt, datt d‘Beroder vum US-President esou e Feelverhalen net kënnen duerchgoe loossen. Mee hien ass sech och bewosst, datt wann et den Trump ass, deen sech duerchgesat kritt, och Lëtzebuerg vun enger Stolkris betraff wier.

Dat hate schonn anerer wëlles

Schonn de President Bush wollt 2002 eng ähnlech Mesure wollt ëmsetzen. Dobäi war erauskomm, datt der US-Wirtschaft ronn 200.000 Aarbechtsplaze verluer gaange sinn. Protektionismus ass nu emol en zweeschneidegt Messer.

Den Ausseminister ass der Usiicht, datt eis Industrie mat ongerechte Mëttel ugegraff gëtt. Mee et dierft een elo d‘Zouversiicht net verléieren. Am November géing of den internationale Stol-Forum ustoen.

Zu Berlin war sengerzäit de Problem vun der Iwwerproduktioun ugeschwat ginn. Et sinn Léisunge fonnt ginn, an deem Reegele festgeluecht goufen, mat deenen d‘Subventiounen an déi kënstlech Ënnerstëtzung ënner Kontroll gestallt gi sinn. Esou huet sech China verflicht gehat  seng Produktioun ze drosselen. China huet eng Iwwerproduktioun vun 300 Milliounen Tonnen.

Dat festgestallt, muss ee sech awer bewosst sinn, datt déi vum Donald Trump versprache Mesuren, bei eis an och an Europa fir schwéier Zäiten an der Stolindustrie kéinte suergen. Bréissel sollt do schonn um haidegen Dënschdeg méi Informatiounen hunn an entspriechend reagéieren.

Net ouni Géigewier

Den Ausseminister ass dann och kuerz op d‘Aussoe vum EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker vum leschte Freideg agaangen. Deen hat gemengt, datt wann d‘USA wéilten topeg Handelsbarrièren opstellen, esou kéint d‘EU dat och. An de Jean-Claude Juncker hat dann och eng ganz Lëscht u Produite genannt, déi och vun enger Import-Steier kéinte betraff ginn.

Et ass dann awer alles net esou einfach wéi et den Donald Trump, de Jean-Claude Juncker an de Jean Asselborn gesinn. Zum enge gëtt et d‘Welthandelsorganisatioun (WTO) déi Reegelen opgestallt huet, deenen all déi hei genannte Parteien zougestëmmt hunn.

Dat heescht, datt dës Institutioun sech – ähnlech wei am Fall Bush – d‘Mesure vun den Amerikaner ganz genee wäert ukucken, an dozou en Avis ofgëtt. Dowéinst falen elo déi Douanestaxen net ewech, an och an Europa wäert e genéidegt sinn, eng Lëscht mat US-Produkter opzestellen, déi mat besonnesche Steieren ze belaaschte sinn.

Hei dierft en Drëttel vun de Produiten aus dem Stolsecteur kommen. Déi aner zwee Drëttel betreffe Fäerdegprodukter a Liewensmëttel. De Jean Asselborn ass dann och besuergt, well den US-President och den Import vun europäeschen Autoe méi staark besteiere wëll.

Dat wier eng Mesure déi iwwert d‘Mooss déi däitsch Industrie belaaschte géif. An eng bosseg nach derbäi, well jo awer gewosst ass, datt et grad déi däitsch Autohiersteller sinn, déi massiv an Nordamerika produzéieren. Fir den Ausseminister ass dem Donald Trump seng Entscheedung esou net nozevollzéien. A bei dësem Handelskrich kann et keng Gewënner ginn.

Ähnlech Sujeten Aluminium, Donald Trump, Handelskrich, Jean Asselborn, Stol
Nächsten Artikel Virrechten Artikel