Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Digital Lëtzebuerg hat um Weekend säin 3. Hackathon organiséiert
ip address hookup Neiegkeeten

tarek dating model

Mat der Ënnerstëtzung vum Nohaltegkeetsministère, huet Digital Lëtzebuerg um Weekend

https://moien.lu/female-scammers-on-dating-sites/
ip address hookup Neiegkeeten

Nach herrscht Fridden tëscht dem OGBL an dem Aarbechtsminister

Bei enger éischter Entrevue tëscht dem OGBL an dem neien

What the Fakt – de Gebuertsdag vun der Konscht
ip address hookup Neiegkeeten

What the Fakt – de Gebuertsdag vun der Konscht

D’Konscht setzt sech mat der Gestaltung aus de verschiddenste Materialen,

Den Handy huet hannert dem Steier näischt verluer

National Campagne zur Verkéierssécherheet „Um Steierrad ofgelenkt“

Den Handy huet hannert dem Steier näischt verluer

„Wann een ‚d‘Rudder am Grapp‘ huet da sollt ee sech gefällegst op dat konzentréieren, wat op der Strooss lass ass“, esou de Polizist deem mir d‘Fro gestallt hunn, wat et mat der neier Campagne op sech huet. Déi ass e Méindeg ugelaf a leeft nach bis den 30. Juni.

Bis e Sonndeg also, wäert d‘Police een eppes méi opmierksame Bléck an d‘Gefierer werfen. Sënn an Zweck vun der Campagne ass et, d‘Leit ze sensibiliséieren an drop hinzeweisen – noutfalls mat engem kräftege Protokoll – datt d‘Benotze vum Handy hannert dem Steierrad keng Optioun ass an et keng valabel Begrënnung ka ginn, dëse während der Fahrt aktiv, also net iwwert d‘Fräispriechanlag ze notzen.

Wann de Smartphone haut net méi aus dem Alldag ewech ze denken ass a sécherlech vill Virdeeler mat sech bruecht huet, esou verbiergen sech hannert dem technologesche Fortschrëtt och zolidd Geforen. Eng dovunner ass d‘Benotze vum Handy während der Fahrt mam Auto. A wann een sech doriwwer eens ass, datt dat „einfacht Telefonéieren“ schonn Oflenkung genuch ass, sollt een net och nach mussen iwwert „Schreiwen“ schwätzen.

Nee, et muss een net dru goen

Mee dat schéngt den neien Challenge ze sinn. Während hautdesdaags eigentlech all neien Auto mat enger Fräispriechanlag ausstafféiert ass, d‘Technik esou „gescheit“ gouf, datt een Text-Messagen och diktéiere kann, gesäit een all Dag e sëlleche Persounen hannert dem Steierrad, all dat manuell maachen. Dat ouni sech eppes derbäi ze denken, schliisslech ass „Multitasking“ haut esou eppes vu selbstverständlech…

A genee doranner läit déi grouss Gefor. Et sollt ee sech an Erënnerung ruffen, datt een am urbane Raum, mat enger Vitess vu 50Km/H 13,9 Meter pro Sekonn hannert sech bréngt (bei 30Km/H sinn dat ëmmerhin nach 8,3 Meter). Egal wat sech engem do an de Wee stellt, wann d‘Aen um Schierm an net op der Strooss pechen, da knuppt et. Geréit ee bei deene genannte Vitessen e Liewewiesen, dann ass dëst Dout!

Natierlech wäert sech nees geiergert ginn a vu Policestaat rieds sinn. Woubäi d‘Zankerten sech eng besser Beschäftegung virstelle kënnen, wéi ëmmer nees onasiichtegen Zäitgenossen op d‘Spréng hëllefen ze mussen. Sécherheet am Verkéier geet eis alleguerten eppes un. Vill Leed kéint eis erspuert bleiwen, wa mir alleguerte mat ee bëssi Verstand a Récksiicht op der Strooss ënnerwee wieren. Dofir: „Benotzt wann ech gelift är Fräispriechanlag oder kaaft iech endlech eng!“

Ähnlech Sujeten Gefor, Handy, Police, Sensibiliséierungscampagne, Verkéier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel