Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng Regierung mat 50 % Fraen an ee staarke Gläichstellungsministère
Neiegkeeten Stories

Eng Regierung mat 50 % Fraen an ee staarke Gläichstellungsministère

Den CID – Fraen an Gender ass schockéiert iwwert déi

surprise
Weltwäite Chaos – Jugend geréit a Panik: Facebook war stonnelaang offline
Neiegkeeten Stories

Weltwäite Chaos – Jugend geréit a Panik: Facebook war stonnelaang offline

Wéinst engem (oder méi) Problem(er) hate vill Leit gëschter Mëtteg

De nordkoreanesche Rakéite-Feuilleton
Neiegkeeten Stories

De nordkoreanesche Rakéite-Feuilleton

Op en Neits huet de südkoreaneschen Etat-Major vun der Arméi

Den Heischter: e frëndleche Blonden aus dem Naturpark Öewersauer

Den Heischter: e frëndleche Blonden aus dem Naturpark Öewersauer

Hannert der zweeter Dier vum Béier-Adventskalenner verstoppt sech haut den „Heischter“. E gelleg blonde Béier vum Typ „Blanche“ aus dem Naturpark Öewersauer, dee wierklech Loscht op méi mécht. Gebraut an der Heischter Brauerei, ass et wäit méi ee Béier mat Charakter. Nëmmen déi beschten Ingrediente komme fir d‘Hierstellung a Fro, an dat kann een tatsächlech schmaachen…

Naturdréif a mat vill Léift gebraut, läit säin Alkoholgehalt bei 5,2%. Den Heischter gëtt sech „polyvalent“ an erfreet een beim Apero grad esou wéi um Feierowend. A geselleger Ronn fillt hie sech puddelwuel, iwwerrascht duerch säin erfrëschende Charakter a schmaacht den Damme wéi och den Hären. Dat ass dru geleeën, dat si zu Hengescht bei de Batterstoffer ganz lues gemaach hunn.

Heischter

De Braumeeschter an de Chef sinn immens zefridde mat hirer neier Anlag. An iwwert eppes méi Kapassitéit kann ee sech nëmmen erfreeën. © Martine de Lagardère

Mam Heischter stellt ee sech dann awer och een Hauch vu „Summer“ op den Dësch, an seng schéi gëlle Faarf ënnersträicht dat beschtens. Zerwéiere sollt een den Héischter mat enger Temperatur tëscht 6°C an 8°C, da kommen déi ënnerschiddlech Aromaen am beschten zur Geltung. Hie bitt sech als Begleedung bei Gefligel oder Fëschplaten un. Et ass also och e Béier fir Gastronomen

D‘Brauerei

Déi Heischter Brauerei ass wuel nach ëmmer eng vun de „Klengen“ am Land, mee et dierf een drop hiweisen, datt de Benny Wallers d‘lescht Joer op eng Vergréisserung higewisen hat. An tatsächlech konnt den Challenge erfollegräich ofgeschloss ginn.

Heischter

© Martine de Lagardère

No 10 Joer ass de Betrib gewuess an déi nei Anlag vu Wachsmann (D) huet sech scho bewisen a Braumeeschter wéi Besëtzer si ganz zefridden iwwert des Investitioun. Dat hie seng Plaz am Béier-Adventskalenner huet war selbstverständlech a wien dësen Heischter emol am Frëndeskrees geschmaacht huet, dee gräift ëmmer nees gären drop zréck.

Lëtzebuerg a seng nei Brauerei-Generatiounen: dat alles ass wäit méi wéi eng Succès-Story. Hei gëtt Traditioun mat handwierklecher Excellenz verbonnen. Et ass wäit ewech vum Eenheetsgoût deen déi „industriell“ Béierzorten Opweises hunn. Den Heischter ass en artisanale Béier, dee mat vill Léift an Engagement gebraut gëtt.

Foto: © Martine de Lagardère

Ähnlech Sujeten artisanale Béier, Béieradventskalenner, Heischter, Hengescht, Naturpark Öewersauer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel