Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Donald Trump denoncéiert eng politiséiert Justiz
how to tell if a girl is dating someone else

Den Donald Trump denoncéiert eng politiséiert Justiz

E Mëttwoch huet den US-President Donald Trump d‘Existenz vun enger

things to do when dating
how to tell if a girl is dating someone else

dating website in swaziland

En Donneschdeg hunn déi gréng am Kontext vun de Chamberwahle

D‘Schwäizer mussen haut iwwer Waffegesetz a Steierrecht Ofstëmmen
how to tell if a girl is dating someone else

D‘Schwäizer mussen haut iwwer Waffegesetz a Steierrecht Ofstëmmen

No den Terroruschléi a Frankräich (2015) hat d‘EU alles an

Den Hugo, e verkannten Nationalheld?

Den Hugo, e verkannten Nationalheld?

Dir hutt et villäicht matkrut: Mir haten déi ganz Woch op eisem Site Artikelen iwwert Science Fiction. De Grond dofir: Mir feieren de Weekend de 50. Doudesdag vum Hugo Gernsback. Hien huet ënnert anerem de Begrëff Science Fiction erfonnt. An en ass wuel ee vun deene wéinege Lëtzebuerger, no deenen eng Auszeechnung benannt ass. Dat ass dach eppes, oder?

Leider feelt et nach un Unerkennung zu Lëtzebuerg fir den Hugo Gernsback. Op mannst ass dat mäi Gefill. Ëmmerhin ass eng Strooss um Kierchbierg no him benannt. An dach hunn ech d’Gefill, datt vill Leit en net kennen an och net ze schätze wëssen. Dëst hänkt och domadder zesummen, datt zu Lëtzebuerg d’Science Fiction oft stéifmütterlech behandelt gëtt. Virun allem bei der Literatur gesäit een dat: An de Bichergeschäfter spillen se meeschtens kaum eng Roll. A wann een an Däitschland no Iwwersetzunge sicht, da fënnt een oft näischt. Op Englesch a Franséisch gëtt ee schonn éischter fündeg – ma och dëst sinn net ëmmer Literatursproochen, déi engem 100%eg leien.

Dat ass am Fong traureg, hätte mer dach, dem Hugo sei Dank, e relatiivt grousst kulturellt Identifikatiounspotenzial. Ma och Lëtzebuergesch Schrëftsteller an deem Beräich sinn eng Seelenheet a bekannt sinn se net. Oder kennt dir e Claude Peiffer? Leider éischter net. Mee dat hänkt wuel och domatter zesummen, datt d’Auteuren hei zu Lëtzebuerg wuel insgesamt net esou geschätzt ginn.

Villäicht sollt een an där Hisiicht d’Lëtzebuerger méi sensibiliséieren. Op d’Auteuren am allgemengen an op fantastesch Literatur am spezifeschen. Sécherlech ass dat net jidderengem senges, mee et gëtt och vill Beréierungsängst bei Leit, déi et mol net probéiert hunn. An do wier e méi an Zeen gesaten Offer an de Bibliothéiken a villäicht souguer an de Schoulen emol guer net esou falsch.

Update (13:40): E bëssche Nuance dobäi gesat, wat eis Bibliothéike ugeet nodeems d’Bibliothéik Esch eis op hier Offer opmierksam gemaach huet.

Update (15:00): Remarken iwwert de Bestand vun der Science Fiction Literatur an de Bibliothéiken am Land gouf opgrond mangelnde Fakte geläscht.

Ähnlech Sujeten Gernsback-Woch 2017, Hugo Gernsback, Literatur, Science Fiction
Nächsten Artikel Virrechten Artikel