Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

40 Joer ass et hir: De Xavier Bettel zu Mexiko City
https://moien.lu/dating-guys-red-flags/ Stories https://moien.lu/t2-light-tank-matchmaking/

best speed dating in dc

Vum 7. bis den 9. Abrëll war eise Premier- a

dating mtn
https://moien.lu/dating-guys-red-flags/ Stories https://moien.lu/t2-light-tank-matchmaking/

ACL: Ee Bazar fir Kannersëtzer

Um kommende Samschdeg organiséiert den Automobiles Club op een neits

Sexuell Aggressioune stinn am Marokko fir Fraen op der Dagesuerdnung. Elo schreift eng Fra doriwwer!
https://moien.lu/dating-guys-red-flags/ Stories https://moien.lu/t2-light-tank-matchmaking/

Sexuell Aggressioune stinn am Marokko fir Fraen op der Dagesuerdnung. Elo schreift eng Fra doriwwer!

Iwwerzeegt dovunner, datt „sexuell Rechter en Deel vun de Mënscherechter“

Den Hugo Gernsback, erkläert

Den Hugo Gernsback, erkläert

Op am Kino, dem Bicherbuttek oder a Comichefter: Science-Fiction ass iwwerall! Mee wousst du, datt e Lëtzebuerger grouss Spueren an deem Genre hannerlooss huet? Besser nach, him souguer den Numm ginn huet?

Nee?

Da kenns de den Hugo Gernsback net!

Den Hugo Gernsback ass de 16. August 1884 zu Bouneweg op d’Welt komm. Wéi en zwanzeg Joer al war, ass en zesumme mat senger Famill an d’USA ausgewandert.

En huet sech net direkt der Literatur gewidmet, mee fir d’éischt mol huet en sech der Technik am allgemengen gewidmet. En huet eng Radio-Statioun mam Numm WRNY gegrënnt, déi mat eng vun den éischte Statioune war, déi Teleesbiller ausgestrahlt hunn.

1926 koum dunn de grousse Schrëtt: En huet d’Zeitung Amazing Stories gegrënnt. An domadder hat en, ganz niewebäi, d’modern Science-Fiction gestart.

Net nëmmen huet en de Begrëff erfonnt, mee och e Rezept uginn: Eng gutt Science Fiction Geschicht besteet zu 75% aus Literatur a 25% aus Wëssenschaft.

1929 huet en d’Kontroll iwwert Amazing Stories verluer. Dat huet en awer net gestoppt: En huet einfach zwee nei Magaziner, Science Wonder Stories an Air Wonder Stories, gegrënnt. Déi huet e spéider zu Wonder Stories fusionéiert.

Vu sengen dräi Bicher war awer leider keen eenzegt erfollegräich oder beléift bei de Kritiker.

Sengem Ugesinn huet dat op laang Dauer net geschuet! Déi wichtegsten Auszeechnung am Genre, den Hugo Award, ass no him benannt ginn. Den Hugo Gernsback krut 1960 selwer och esou een Hugo: e speziellen Award fir den „Father of Magazine Science Fiction“.

A bei der Grënnung vun der Science Fiction Hall of Fame 1996 war hien eng vun den éischte véier Persounen, déi opgeholl gi sinn.

Um Dag vu séngem Dout, den 19. August 1967 ware 80 Patenter op sengem Numm agedroen. Sou vill dann zum Thema Science.

Dem Gernsback säin Afloss geet also wäit. An et ass dann och kee Wonner, datt mer hei zu Lëtzebuerg eis ëmmer nach gäre mat de Stäre befaassen.

Passend zum Event wäerte mer op moien.lu eng Gernsback-Woch organiséieren. Dobäi stelle mer Auteuren, Filmer, Bicher, Serien a Videospiller fir, déi wichteg fir den Science Fiction Genre sinn.

Ähnlech Sujeten Gernsback-Woch 2017, Hugo Gernsback, Kultur, Lëtzebuerg, Science Fiction, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel