Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Aarbechtslosenzuel entwéckelt sech positiv
International Neiegkeeten Stories

D’Aarbechtslosenzuel entwéckelt sech positiv

D’Noriichte bleiwe weider gutt, wat d’Aarbechtslosegkeet am Land ugeet. Op

De SYVICOL huet Fuerderungen
International Neiegkeeten Stories

De SYVICOL huet Fuerderungen

Bei senger Sëtzung vun e Méindeg, huet de Syndikat vun

Nowuess an der groussherzoglecher Famill – Hei ass de Prënz Charles!
International Neiegkeeten Stories

Nowuess an der groussherzoglecher Famill – Hei ass de Prënz Charles!

Um 10. Mee 2020 ass de Prënz Charles Jean Philippe

Den Immunolog warnt a kee lauschtert no

Den Immunolog warnt a kee lauschtert no

Den US-Immunolog Dr. Anthony Fauci huet virun der Gesondheetskommissioun vum US-Senat – an enger Videokonferenz – nach emol däitlech gemaach, datt bei d‘Lackerungen net virschnell dierf gehandelt ginn, a Schutzmoossnamen nach laang musse Bestand hunn, wann een d‘Zuel vun den Affer wëll an de Grëff kréien. Esou Aussoen, matten am Wahlkampf, stoussen net op Géigeléift.

Et war en interessant Bild dat de Kapitol zu Washington gebueden huet: D‘Senateure sëtze wäit vun enaner ewech an hir „Gespréichspartner“ gesinn an héieren si iwwert de Bildschierm. Ganzer véier Gesondheetsexperte waren ageluede ginn, fir der Gesondheetskommissioun vum US-Senat Reid an Äntwert ze stoen. Eng wichteg Fro: „Wéi effektiv ass d‘Gestioun vun der Kris vun der Regierung?“

Den Dokter Anthony Fauci, ee vun de wéinegen am Team Trump, deem nach esou eppes wéi Vernonft kann zougestane ginn, hält u senger Positioun fest: „Meng Suerg ass et, datt et a ville Staaten, Regiounen a Stied virschnell zur Reprise kënnt, ouni dem Virus effektiv an effizient begéinen ze kënnen. Hei kann et zu klengen Ausbréch kommen, déi séier ausser Kontroll geroden“.

Mat esou Aussoe mécht sech den Immunolog – dee sech selwer ënner Quarantaine gestallt huet, nodeems am Team Trump vill positiv Fäll entdeckt goufen – weder beim Chef nach bei de Senateuren aus dem republikanesche Lager beléift, mee hie bleift standhaft, an dat gëtt ganz oppen, an der Washington Post vum Trump-Supporter Jeff Bezos, mat engem Meenungsartikel kritiséiert.

An dësem Artikel heescht et dann och: „Genuch vum Dr. Fauci!“. Seng Warnunge géifen de Leit just Angscht maachen, heescht et an domadder ass de Beitrag och scho resuméiert. Elo denken awer vill Leit esou wéi d‘Autorin vum Artikel. Ganz vill Amerikaner wëllen esou séier wéi iergendwéi méiglech nees weider maache wéi ëmmer. Datt Leit stierwen, e Präis dee se ze bezuele bereet sinn.

Offiziell sinn elo iwwer 82.000 Amerikaner un de Folge vun der Covid19-Pandemie verstuerwe, woubäi déi reell Zuel wäit driwwer wäert leien. Den Immunolog betount nach emol géintiwwer de berodungsresistente Senateuren, datt déi Leit wou „doheem stierwen“ guer net matgezielt ginn an d‘Stierffäll an den Altersheemer kaum – wann iwwerhaapt – an der Statistik berécksiichtegt ginn.

Den Dr. Anthony Fauci stellt nach emol kloer: „Mir wëssen net alles iwwert dëse Virus an mir sollte virsiichteg sinn. Och wann et dobäi ëm Kanner geet. Mir gesinn elo, datt eng Rei Kanner déi sech mam Covid19 infizéiert hunn, ee bedenklecht Entzündungssyndrom opweisen“. Eleng zu New York ginn Dosende Fäll vun dësem Syndrom dokumentéiert, 3 Kanner sinn schonn dorunner gestuerwen.

Hien insistéiert dann och nach emol: „Bis an ee bis zwee Joer en Impfstoff disponibel ass, musse Schutzmoossnamen an de Sécherheetsofstand agehale ginn. (…) Wat ech vun enger zweeter Well halen? Jo et ass absolut méiglech datt de Virus nees zréckkënnt an ech hoffen, datt mir dann an der Lag sinn, mëttels Tester, Schutzkleedung an Tracing, eng nei Verbreedung effektiv anzedämmen“.

De Milliardär hëlt et labber

Fir den Donald Trump ass dat alles dommt Gebraddels. Alles wier ënner Kontroll, esou den US-President an och d‘Infektiounen am Wäissen Haus géifen onnéideg héich gespillt. Datt sech awer mëttlerweil d‘Katie Miller, d‘Pressespriecherin vum Mike Pence an dem Showmaster säi Butler ugestach, wéi eng ganz Rei Agente vum „Secret Service“ sech de Covid19 agefaangen hunn, egal…

Dräi Leit déi Kontakt mam Katie Miller hate wieren a Quarantaine, mee bis ewell negativ getest ginn. Blöd wann et sech bei dëse Persounen ëm déi Leit handelt, déi der Gesondheetskommissioun vum US-Senat eng Rei Froe beäntwerte sollen, fir eng zügeg Reprise och argumentativ ze stëtzen.

Nieft dem Anthony Fauci, deem seng Siicht op d‘Situatioun aleedend ausféierlech geschëldert gouf, waren dat de Chef vun der Gesondheetsverwaltung CDC, Robert Redfield, an de Chef vun der amerikanescher Liewensmëttel- a Pharmaadministratioun FDA, Stephan Hahn. Wärend déi lescht genannten dem Milliardär de Réck éischter stäipen, bereet de Fauci dem President Suergen.

Déi lescht Woch, nodeems den Immunolog am vun den Demokrate geleete Representantenhaus hätt sollen Aussoen, huet den US-President vu sengem Recht gebrauch gemaach, an dem Anthony Fauci säin Optrëtt ënnersot. Interessanterweis, esou de Constat, obwuel den Donald Trump den Dokter op den Dout net leide kann, bis ewell huet hie sech nach net getraut dësen aus dem Team ze geheien.

Also gëtt weider gelunn an d‘Faiten erofgespillt, dat natierlech a gewinnter Manéier: „Mir hu schockéierend vill Leit am Wäissen Haus, an nëmmen een Infektiounsfall. All Dag kënnt eng grouss Zuel vu Leit heihinner, well mir ee Land ze regéieren hunn a mir wëllen d‘Land um lafen halen. De Mike an ech, mir ginn all Dag getest a mir sinn a beschter gesondheetlecher Verfassung“.

Trotzdeem hunn se elo och am Wäissen Haus d‘Maskeflicht agefouert – déi natierlech weder fir den US-President oder säi Vizepresident gëllt – awer keng weider Froen opwerft. Fir den Donald Trump wier dat net noutwenneg, well hie jo kengem ze no komme géif. Zudeem wieren d‘Zuelen, am Kontext vun den Neiinfektiounen, substantiell réckleefeg, et muss e sech keng Suerge maachen.

Datt villeruerts, och an der Haaptstad d‘Pandemie net ënner Kontroll ass; an deene Staate wou sech d‘Gouverneuren „trauen“ Ausgangsspären oprechtzeerhalen, d‘Kurv längst net ofgeflaacht ass, dat gëtt ausgeblend. An esou ass net ersiichtlech, wéi et soll besser ginn a wat eng Reprise soll bréngen. E gutt Beispill liwwert d‘Fleeschindustrie, déi per Dekret hir Aktivitéite muss oprechterhalen.

mat indymedia/was

Bild: Den Immunolog, Dr. Anthony Fauci huet sech selwer ënner Quarantaine gesat, nodeems de Covid19 sech am Westfligel vum Wäissen Haus ausgebreet huet. Hien huet an enger Visiokonferenz de republikanesche Senateuren nach emol eng kloer Siicht zur Situatioun ofgeliwwert. Direkt duerno sinn d‘Bourssen nees an de Keller gaangen, an den US-President war eppes saierlech.

Ähnlech Sujeten Anthony Fauci, Coronavirus, Covid19, Donald Trump, US-Senat
Nächsten Artikel Virrechten Artikel