Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nom Referendum an Egypten: „Si hunn et net besser verdéngt“
speed dating in detroit area Stories https://moien.lu/how-can-i-hookup-without-craigslist/

https://moien.lu/best-dating-sites-madison-wi/

Eigentlech wollten d‘Egypter den demokratesche Prozess an hirem Land etabléieren,

best hookup sites kenya
speed dating in detroit area Stories https://moien.lu/how-can-i-hookup-without-craigslist/

OGBL-Nationalcomité: Nee zum Steierdumping zu Lëtzebuerg

Et ass, d‘Joer ass jo och nach nei, déi éischt

What the Fakt – Den Tom Hanks a säin 63. Gebuertsdag!
speed dating in detroit area Stories https://moien.lu/how-can-i-hookup-without-craigslist/

What the Fakt – Den Tom Hanks a säin 63. Gebuertsdag!

Spéitstens duerch seng Roll am Film „Forrest Gump“ ass den

surprise

Den Impakt vum Brexit op den Alldag: d‘Stad wiesselen oder d‘Liewen änneren?

Den Impakt vum Brexit op den Alldag: d‘Stad wiesselen oder d‘Liewen änneren?

Se si Landwirt oder Museker, Entrepreneuren oder Studenten, Gebierteger oder Immigréiert: mee knapp ee Joer virum Austrëtt vu Groussbritannien (Brexit) aus der EU, bereeden se sech all drop vir, en anert Liewen ze liewen.

D‘AFP huet fënnef Briten an hirem Land, an fënnef anerer déi anzwousch anescht an Europa „doheem“ sinn befrot. Och fënnef europäesch Expatriéiert, déi a Groussbritannien eng nei Heemescht fonnt hunn, waren Deel vun der Ëmfro.

Jee no hirer perséinlecher Situatioun an der politescher Meenung, begréissen oder bedaueren se de Vote fir de Brexit. A wann et der gëtt, déi fäerten hiert Geschäft mussen opzeginn, esou gëtt et och déi, wou mat grousser Begeeschterung eng nei Nationalitéit fir sech fuerderen.

Zu Madrid ass de Matt Davies, en 32 järege Britt, deem et sichtlech schwéier ze fale schéngt, sech seng Zukunft virzestellen. „Leit am mengem Alter“, esou seng Erklärung „fänken un sech z‘installéieren, méi laangfristeg Pläng ze maachen. Mee mir fält et schwéier eng Projektioun iwwert den 29 Mäerz 2019 ze maachen. Ech hunn einfach keng Ahnung wat no dësem Datum wäert sinn“.

A sengem Gebuertsland, ass et déi grouss polnesch Communautéit, déi sech Froen zu der Zukunft stellt. „De Brexit dréckt op all d‘Beräicher vun eisem Liewen“, betount d‘Gosia Prochal, eng polnesch Journalistin vu Peterborough. Si stellt sech d‘Fro, wat ze maachen ass, fir de Statut als stännege Resident ze erhalen.

BrexitA Nordirland sëtzt de William Lynch, 63 Joer al, Gestionnaire vun enger Austerenzucht. Austeren déi fir de gréissten Deel a Frankräich exportéiert ginn. Hien denkt ganz am Eescht driwwer no, seng Entreprise ëm e puer Kilometer ze verlageren, an d‘Republik Irland.

De Grond läit op der Hand, mam Brexit muss gefaart ginn, datt et nees „Grenze“ gëtt. Mat de Grenze kommen d‘Taxen, d‘Paperassen an e sëllechen aner onbekannt Problemer op hien duer. „Ech ka mir net erlabe bis op de leschte Stëppel ze waarde fir ze plënneren“, esou de fréiere Pompjee.

Plënneren oder direkt d‘Nationalitéit wiesselen?

Op där aner Säit, de Pip Simpson, ee Schoofziichter aus der Regioun Cumbria an Nordengland. Hie steet och weiderhin zum Brexit a beschëllegt Bréissel, d‘Verhandlungen esou komplizéiert wéi nëmme méiglech ze gestalten. Dat mam erkläerten Zil aner Länner dovunner ofzehalen, et Groussbritannien nozemaachen.

De Pip Simpson ass sech bewosst, datt him d‘EU-Subventioune verluer ginn. Also ergräift hie Moossnamen, a stellt seng Entreprise op verschidde Standbeen. Fir unzefänke ginn elo emol Zëmmer fir Touristen ageriicht, eng kleng „Gastronomie“ wäert de nächste Schratt sinn.

Mat 41 Joer, huet de Andrew Ketley säi Liewe ganz ëmgestallt. Dëse britesche „Beroder“ ass schonn am Februar 2017 op München geplënnert. „Mir hate keng Loscht an engem Land ze liewen dat sech zerrappt“, esou den Andrew, sichtlech enttäuscht vun der britescher Politik.

A Polen dann, de Barnaby Harward. Hie lieft schonn zanter 2005 zu Warschau, an huet de Gedanken, jeemools zréck a Groussbritannien wunnen ze goen, endgülteg opginn. Hie mécht dann och Neel mat Käpp an huet déi polnesch Staatsbiergerschaft ugefrot.

„Dat ganzt Gedeessems huet mech decouragéiert, et huet mech iwwerzeegt, datt mäi Land net méi dat ass wat et emol war“, bedauert de Barnaby, deen net gewëllt ass d‘Virdeeler vun Europa géint d‘Nodeeler vun engem isoléierte Groussbritannien ze tauschen.

Esou gesäit et och d‘Emily Macintosh. Déi 30 järeg Beamtin vum europäesche Bureau fir d‘Ëmwelt zu Bréissel, huet och hir Naturalisatioun ugefrot. „Ech wëll eng europäesch Biergerin bleiwen. Ech fille mech schottesch, britesch, europäesch, an hoffe geschwënn belsch ze ginn“, seet eis d‘Emily mat engem breede Grinsen am Gesiicht.

Aner immigréiert Europäer hunn déi selwecht Schrëtt ënnerholl, allerdéngs op der „Insel“. Mat 32 Joer, lieft d‘Gabriel Szomoru a Groussbritannien zanter si groussjäreg ass. A Rumänien opgewuess, hätt si gären déi britesch Staatsbiergerschaft: „Ech sinn hei doheem!“ beschwiert et déi jonk Fra, déi hiren Diplom als Comptabel an England erhalen huet, an op der Schaff ganz zefridden ass.

Vum Gefill Europäer ze sinn

An der Geschäftswelt, sinn et dann awer éischter juristesch Bedenken déi de Brexit ervirrifft. Hei geet et nëmmen ëm d‘Geld, a wéi een es méiglechst vill dovunner kann an d‘Täsch stiechen. Do ass d‘Motivatioun „Europäesch“ ze sinn, dann och eng ganz aner.

„Et ass wichteg en Accord mat der EU ze fannen, an dat ganz séier, esou datt et den Entreprise méiglech ass, d‘Zukunft am A ze behalen“, esou de Richard Stone, Direkter vun enger Investissement-Societéit op der Londoner Bourse. „Ech sinn enttäuscht, datt dat ganzt esou laang brauch, mä bleiwen optimistesch, och wann d‘Prozedur penibel ass“, esou een deen dem Brexit absolut favorabel géinteniwwer steet.

Brexit

Zanter dem Referendum ass seng Entreprise, déi exklusiv mat der englescher Pond handelt, vum Wiesselcours verschount bliwwen. Dat ass dann awer net de Fall fir de Laurent Faure, engem franséische Wäinhändler a Besëtzer vun engem „Bistrot“ zu London.

De schlechten Zoustand vun der englescher Währung huet de Wäinhändler gezwongen, seng Marge ze iwwerdenken. „Wann den Ëmsaz et net méi erméiglecht d‘Chargen ze bezuelen, da gëtt et Zäit de Schlëssel ënnert den Teppech ze leeën“, seet de Laurent Faure enttäusch a gesäit an, datt hien duerchaus kéint gezwonge gi Groussbritannien nees ze verloossen.

Fir den Dimitri Scarlato, en italieneschen Dirigent vu 40 Joer, deen eng Plaz als Professer op dem renomméierten „Royal College of Music“ zu London huet, ass et wichteg ëmmer déi gutt Säite vun enger Verännerung am A ze behalen. Och oder vläicht grad, wann d‘Zukunft ongewëss ass. Woubäi hie bemierkt: „Den eenzege gudde Punkt an dëser Geschicht ass, datt et mir wierklech d‘Gefill ginn huet Europäer ze sinn.

mam Robin Millard/AFP

Ähnlech Sujeten Brexit, Business, Europa, Nationalitéit, Staatsbiergerschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel