Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nordkoreanesche Staatschef spillt nees mam Feier
Geek International Neiegkeeten Web WTF

Nordkoreanesche Staatschef spillt nees mam Feier

De Staatssender huet an der Nuecht (eiser Zäit) bericht, datt

Dem US-President säin neit Feindbild: Facebook, Google an Twitter
Geek International Neiegkeeten Web WTF

Dem US-President säin neit Feindbild: Facebook, Google an Twitter

„Si musse gutt oppassen!“: den US-President Donald Trump huet en

Bréisseler Krise Sommet zum Atomofkommes mam Iran
Geek International Neiegkeeten Web WTF

Bréisseler Krise Sommet zum Atomofkommes mam Iran

Beim Sommet vun den EU-Ausseminister zu Bréissel, zu där sech

geeksurprise

A Russland wëll d‘Regierung den Internet kontrolléieren

A Russland wëll d‘Regierung den Internet kontrolléieren

Mam neie Gesetz gëtt sech déi russesch Regierung eng eegent Internet, dat no eegenem Wonsch un- an ausgeschalt ka ginn. Wat et bedeit a wéi et soll funktionéieren? Hei ee puer Erklärungen:

Fir déi russesch Regierung (wéi fir déi meescht, och därer déi sech als demokratesch gesinn) geet et drëms eng besser Kontroll iwwert d‘Bierger ze hunn. Fir sech déi ze ginn, wëllen sech d‘Russen elo en eegent Internet opbauen. Dee soll vum weltwäiten Internet lassgekoppelt ginn. En entspriechend Gesetz ass gëschter um 1. November a Kraaft getrueden. U Kritik fir dëse „Projet“ feelt et net.

InternetGewosst ass awer, datt mat engem „onofhängegem“ russeschen Internet ënner staatlecher Kontroll, d‘Meenungs- a Pressefräiheet net ageschränkt, mee carrement onméiglech gemaach gëtt. Dat géif zudeem Russland „digital isoléieren“, ass eng weider Kritik um neie Gesetz. Fir dat elo méiglech ze maachen, muss a Russland ee ganz neie Reseau opgebaut ginn. Dat ass dann och net esou einfach.

Zudeem mussen all d‘Netzbedreiwer eng Hardware a Software installéieren, mat där de gesamten Dateverkéier kontrolléiert a gefiltert ka ginn. Domatter ginn d‘Internetuser vum RuNet transparent an all Schratt dee si am Internet maachen, ka vun den Autoritéiten iwwerwaacht an novollzu ginn. Net ze vergiessen, datt déi den Dateverkéier dann och nach no Loscht a Laun ënnerbrieche kënnen.

Et geet nëmmen ëm d‘Sécherheet

Wéi de Vladimir Putin dem Senateur Andrej Klichas säi Gesetz am Mee ënnerschriwwen huet, ass dësen onkonventionelle Schratt erkläert ginn: Russland a Rohstoff- an Atommuecht misst ugesiichts méigleche Cyber-Ugrëff aus dem Ausland an anere Geforen iwwert en eegenen Internet verfügen. Et wier eng Fro vun der nationaler Sécherheet, esou de russesche President géintiwwer de Kritiker.

Deene liicht trotz dëser „Erklärung“ net an, firwat ee Staat seng eege Bierger iwwerwaache muss, fir d‘Sécherheet géintiwwer Attacken aus dem Ausland sécherzestellen. Et sinn dann och virun allem déi jonk Russen, déi sech géint dëst Gesetz agesat haten. Si befierchten zu Recht, datt déi russesch Regierung den Internet aus politesche Grënn kéint ofschalten. Moskau hält dergéint…

InternetAus dem Kreml heescht et „Keen huet d‘Absicht, Russland vum World Wide Web ofzekoppelen“, an et gëtt drop verwisen, datt d‘Gefor virun allem doranner géif bestoen, datt de Weste Russland vum weltwäiten Internet kéint trennen. Dat wier u sech scho Grond genuch sech mat engem eegene Reseau auszestafféieren. E Reseau deen et esou nach net wierklech gëtt a muss opgebaut ginn.

Ob a wéi de Kreml seng Pläng ëmgesat kritt, dat steet op engem anere Blat. Et dierften an éischter Linn technesch Barrière ginn, déi de Projet RuNet a Schwieregkeete brénge kann. Esou dierft, mat all deene Filteren déi sollen agesat sinn, d‘Geschwindegkeet vun deem wat da „Runet“ heescht, eppes leiden. Et gëtt geschätzt dat de russeschen Internet ronn eng hallef Milliard Euro kascht.

mat indymedia/mow

Foto: Einfach esou de Stecker zéie wäert wuel net goen. Mee d‘Russe sinn am digitale Beräich net „hannendran“ an iwwert den Ausbau vun engem eegene Reseau, mat alle Risiken déi dat mat sech bréngt, hu scho méi Länner nogeduecht. Och an der europäescher Unioun wëll een den Internet net méi eleng amerikanesche Konzerner iwwerloossen. (Envato)

Ähnlech Sujeten Cyberkriminalitéit, Internet, Onofhängegkeet, Runet, Russland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel