Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Thailand: …an ob emol war do eng Kinnigin
International Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-site-unblocked/

Dräi Deeg viru senger Kréinung, huet den thailännesche Monarch Vajiralongkorn

boundaries in dating cloud
International Neiegkeeten

Granzeg Mamm: Disney World-Verbuet fir Koppelen, ouni Kanner?

Kanner ze kréien ass eng perséinlech Decisioun. Eng granzeg Mamm

Editorial: Mr Twitter provozéiert mat „fake news“
International Neiegkeeten

Editorial: Mr Twitter provozéiert mat „fake news“

Datt den amerikanesche President sech der Welt iwwer Twitter matdeelt,

USA: Kontroverséiert Sanktioune fir den Iran an Knéien ze zwéngen

USA: Kontroverséiert Sanktioune fir den Iran an Knéien ze zwéngen

Sechs Méint nodeems d‘USA d‘Nuklearofkommes mam Iran zerrappt hunn, huet Washington e Freideg bestätegt, datt all d‘Sanktioune géint den Iran, vun deenen an éischter Linn de Pëtrol an d‘Bankgeschäfter betraff sinn, nees a vollem Ëmfang ugewannt ginn. Mee et gëtt Zweiwel…

„De President Donald Trump setzt déi häertsten, jeemools ugewannte Sanktiounen a Kraaft, fir den Iran an d‘Knéien ze zwéngen“, esou d‘Wäisst Haus. An engem Communiqué e Freideg, huet de Milliardär erkläert, datt „et d‘Zil ass de Regime ze zwéngen e Choix ze treffen: entweder seng zerstéierend Haltung opzeginn, oder engem wirtschaftlechen Desaster entgéint ze goen“.

Eng Entscheedung déi op wéineg Zoustëmmung vun den anere Signataire vum Nuklearofkommes stéisst. D‘EU, Frankräich, Däitschland a Groussbritannien, déi den Accord vun 2015 – deen zum Zweck hat den Iran ofzehalen sech mat der Atombomm auszerëschten – ënnerschriwwen hunn, hu wéineg Versteesdemech fir dës Entscheedung, déi zur Destabiliséierung an der Regioun féiere kann.

D‘Sanktiounen an hir Ausnamen

Am Summer waren éischt Sanktioune retabléiert ginn, ab e Méindeg sollen all d‘Sanktiounen nees am vollen Ëmfang gräifen. Et geet heibäi drëms, dem Iran den Zougang zum amerikanesche Maart ze verbidden. All déi Länner an/oder Entreprisen, déi ab e Méindeg nach Pëtrol aus dem Iran kafen, oder mat Banken aus der islamescher Republik „Handel bedreiwen“ solle streng bestrooft ginn.

„Eist Zil ass, dem Regimm dat Akommes ze entzéien, dat hie benotzt fir Dout an Zerstéierung uechter d‘Welt ze droen“, esou den US-Ausseminister, Mike Pompeo. Deen huet allerdéngs annoncéiert, datt aacht Länner och weiderhin dierfe Pëtrol aus dem Iran bezéien. „Si hu grouss Efforte gemaach, hire Pëtrol-Import op bal Null erofzefueren“, behaapt de Mike Pompeo.

D‘Lëscht vun dëse Länner, wëll d‘US-Administratioun e Méindeg verëffentlechen. Bis heihinner ass gewosst, datt d‘EU net op dëser „Lëscht“ wäert optauchen, dofir awer d‘Tierkei. Experten aus dësem Beräich erwaarden sech zudeem, datt et och fir Südkorea, Indien, Japan a vläicht esouguer China, dierft zu Derogatiounen dierft kommen. Just iwwert den Ëmfang sinn se sech net eens.

Zil: Regimewiessel

Säitens der Trump-Administratioun gëtt verséchert, datt d‘Ëmsetzung vun de Sanktiounen, dës Kéier wiesentlech méi aggressiv wäert vu Statte goen: manner Derogatiounen, méi Kontroll. Awer, esou den US-President um Freidegowend, ass et wichteg ze betounen, datt d‘Aktioun vun den USA géint de Regime, an net géint dat iranescht Vollek – dat schonn esou laang leide muss – geriicht ass.

Et wier ersiichtlech, datt sech d‘Sanktiounen net géint d‘Iraner als Vollek wennen. D‘Liewensmëttel an d‘Medikamenter wiere vun de Sanktiounen ausgeholl, an dat scho säit längerem. Dofir huet den US-Finanzminister, Steven Mnuchin, sengersäits affirméiert datt déi amerikanesch „schwaarz Lëscht“ ëm 700 Nimm erweidert gëtt. 300 Méi wéi der 2015 vun dëser Lëscht erofgeholl goufen.

Hien huet och d‘Fuerderung vun den USA nach emol virbruecht, déi iranesch Finanzinstitutioune vum internationale Bank-Circuit „Swift“ auszeschléissen.

„Swift muss e Choix treffen: entweder sech den US-Sanktiounen ënnerwerfen, oder weiderhin d‘Transaktioune mat Banke vun der schwaarzer Lëscht erliichteren“, erfreet sech de Benham Ben Taleblu, vun der Stëftung „Foundation for Defense of Democracies“, déi sech fir eng „haart Linn“ asetzt. Hei muss een drop hiweisen, datt de Numm vun der Stëftung net dat hält wat e versprécht.

Déi „nordkoreanesch“ Strategie

„Dës Sanktiounen di wéi“, behaapt en europäeschen Diplomat. D‘Wirtschaft an d‘Währung (Rial) leiden zanter Méint, a laut dem Diplomat ass et „déi selwecht Kampfstrategie wéi mam Kim Jong-un an Nordkorea: Sanktiounen, maximalen Drock an duerno wieren se bereet nees ze verhandelen“. Mat deem wat den Iran schonn alles erdroen huet, sollt ee sech dovunner net ze vill verspriechen.

D‘US-Administratioun mécht och keen Heel dorausser, sech vun dëser Strategie inspiréieren ze loossen, vun där si iwwerzeegt ass, datt se erfollegräich war. Ëmmerhin hätt sech de „béise Jong“ vu Pyongyang, während engem historesche Sommet mam US-President zu Singapur bereet erkläert, d‘Hallefinsel ze denukleariséieren. Dat wier nëmmen duerch d‘Sanktioune méiglech gewiescht.

An de republikanesche Milliardär widderhëlt, datt hie bereet ass de Leader vun der islamescher Republik ze begéinen, fir e globalen Accord ze verhandelen, wann déi 12 Konditioune vun den USA erfëllt ginn. Dozou gehéiere méi streng Restriktioune wéi am Text vun 2015, d‘Verbreedung vun de ballistesch Rakéiten an hir an de Réckzuch aus de Konfliktzone vum noen Osten.

Laut dem Communiqué vum Donald Trump: „Mir si bereet et zu engem neien Accord kommen ze loossen!“. Dat betruecht den Ali Vaez vum „International Crisis Group“ als „Fromme Wonsch“. Hien ënnersträicht: „trotz wirtschaftlechem Drock, konnten d‘Iraner hir regional Alliéiert iwwer 40 laang ënnerstëtzen“. Wien esoulaang mat Sanktioune konnt ëmgoen, ass schwéier ze beandrocken.

Washington determinéiert

Et sollt een am aktuelle Kontext drun denken, datt een haut enger anerer Situatioun géinteniwwer steet, wéi de Barack Obama 2012, deen déi Sanktiounen opgestallt hat déi haut nees agefouert ginn. Deemools huet d‘Welt „vereent hannert de Sanktioune géint den Iran gestanen“, erkläert d‘Barbara Slavin, vun der Denkfabrick „Atlantic Council“.

Si stellt fest: „Dës Kéier geet et ëm d‘Trump-Administratioun, déi dem Rescht vun der Welt wëll eng Politik opzwéngen, déi vun de meeschte Länner verworf gëtt“. Esou d‘EU, déi beméit ass déi wirtschaftlech Beneficer vum Accord aus 2015 ze erhalen, an esou verhënnere wëll, datt et op e neits zu engem atomare Wettsträit kënnt. Bréissel huet e Freideg bestätegt, weider drun ze schaffen.

Wann dann elo gewosst ass, datt d‘USA determinéiert sinn, esou leien hir Absichten am Dréiwen. De Mike Pompeo wëll d‘Demokratie (no US-Reegelen) nees retabléieren, an den Ali Vaez mengt „et geet drëms de Regime ze entmuechten“, mam Risk datt déi ultrakonservativ gestäerkt ginn.

Net ze vergiessen, datt déi ganz Strategie dorobber opgebaut war, datt et am noen Osten zu enger strategescher Allianz tëscht den arabesche Länner vum Golf, Egypten a Jordanien sollt kommen. Déi sollt sech dann dem schiiteschen Iran entgéintstellen. Säit dem Doud vum Jamal Khashoggi – an net wéinst dem Krich am Jemen – ass d‘Bezéiung USA-Saudiarabien awer ofgekillt…

mam Francesco Fontemaggi/AFP

Ähnlech Sujeten Atomofkommes, Donald Trump, Iran, Sanktiounen, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel