Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

LSAP an déi Konservativ – Vu Roserei, iwwert Enttäuschung bis Freed war alles dobäi
online dating profile creator

LSAP an déi Konservativ – Vu Roserei, iwwert Enttäuschung bis Freed war alles dobäi

Et sinn zwou Parteien, déi sech an hire Wäerter an

https://moien.lu/namibian-online-dating-chat/
online dating profile creator

Dës Kooperatioun soll d’Fuerschung zu Lëtzebuerg stäerken

NVIDIA sinn zwar haaptsächlech fir hier Grafikkaarte bekannt, déi néideg

18 äiskal Filmer, déi s de fir Chrëschtdag kucke kanns
online dating profile creator

18 äiskal Filmer, déi s de fir Chrëschtdag kucke kanns

Dir kennt et all: D‘Feierdeeg sinn do, et hockt ee

Den IS vergräift sech un Teheran

Éischt Attack dëser Aart am Iran

Den IS vergräift sech un Teheran

Gëschter hunn Attentäter an der iranescher Haaptstad matten am Parlament ronderëm sech geschoss. Och ee Selbstmäerder huet sech beim Imam Khomeiny sengem Mausoleum an d’Luucht gejot. Dat ass déi éischte Kéier, datt et souzesoen eng simultan Attack op esou héich symbolesch Plazen zu Teheran ginn huet

Wéinst Syrie-Konflikt am Viséier

Wéi de Pressespriecher vum Site Ali Khalili der Agence IRNA matgedeelt huet, soll eng Persoun an de Mausoleum agedronge sinn, geschoss an du seng Ceinture mam Sprengsaz gezünt hunn. Heibäi sinn fënnef Mënsche blesséiert ginn. Am Parlament hu weider Attentäter vun hire Waffe gebrauch gemaach an dräi Mënsche verletzt, dorënner ee Sécherheetsbeamten. Eng weider Bomm konnt hei entschäerft ginn.

Iwwert d’Agence Amaq huet de Grupp „islamesche Staat“ (IS) dësen Uschlag revendiquéiert: „Combattante vum IS hunn dem Khomeiny säi Mausoleum an de Sëtz vum Parlament ugegraff (…) Zwee Märtyrer hunn hir Ceinture am Mausoleum gezünt“, gëtt vun der Propaganda-Agence matgedeelt.

Den Iran, schiitesch orientéiert, ënnerstëtzt militäresch de syresche Regime géinteniwwer de Rebellen an dem IS. Och den Irak kritt an der Lutte géint de sunnitesch gepräägten dschihadistesche Grupp ënnert d’Äerm gegraff. Militäresch Beroder a Fräiwëlleger, mee och Afghanen a Pakistaner paken den irakescher a syrescher Arméi eng Hand un.

Nach am Mäerz hat den IS ee Video-Message verëffentlecht an dee den Iran offe Bedréit gi war. Hei hunn d’Dschihadisten affirméiert déi islamesch Republik wëllen ze „eruewere fir d’Land der moslemescher sunnitescher Natioun zréck ze ginn“ an datt si all d’Schiite géifen ëmbréngen.

Bis ewell nëmme wéineg Undeelnam

Déi Vereenegten Emirater hunn och nach um Mëttwoch déi hannerlëschteg Attack, déi leschten Nouvelle no zwielef Mënscheliewe kascht huet condamnéiert. Dëst obschonns d’Bezéiungen tëscht béide Länner net zum beschte stinn. „Eis Positioun géintiwwer dem Terrorismus ass ganz kloer. Dat ass schwaarz op wäiss an all terroristesch Dot an egal wéi enger Haaptstad, déi géint Onschëlleger geriicht ass, ass eppes wat d’Emirater ofleenen a veruerteelen,“ sot de Staatsminister vum Auswäertegen Amt, Angwar Gargash der AFP.

D’Land huet sech mat den aneren arabesche Länner verbonnen, déi hir Bezéiungen zum Katar ënnerbrach hunn, well deem virgeworf gëtt, den Terrorismus ze ënnerstëtzen an sech dem Iran wëllen ze rapprochéieren. En uralen territoriale Sträit, bei deem et ëm dräi Inselen am Mondstéck vum Golf (Strooss vun Hormus) geet, suergt bis haut fir Reiwereien tëscht béide Länner. Richteg ass, datt den Iran dës Insele säit dem Ofzuch vun de briteschen Truppen 1971, besat hält. Den Emirat revendiquéiert dës fir sech.

Och de Katar huet den Uschlag vun Teheran condamnéiert. Den Ausseministère deelt mat: „De Staat Katar condamnéiert an denoncéiert déi zwou Attacken déi an der iranescher Haaptstad stattfonnt hunn a sëllech Doudeger a Verletzter gemaach huet.“ De Katar, dee wéi gesot ënner Drock steet wëll hie beschëllegt gëtt, béid, den Terrorismus an den Iran ze ënnerstëtzen, huet am Communiqué och ënnerstrach datt hien „eng behäerzt Attitude“ géinteniwwer der Gewalt huet an all Aart vu kriminellem Agéieren ofleent.

Als bis elo eenzegt europäescht Land, huet och Däitschland dësen Uschlag condamnéiert. Den Ausseminister Sigmar Gabriel deelt an engem Communiqué mat: „Op een neits hu skrupellos Krimineller Onschëlleger an den Doud gerappt (…) Mir adresséieren eist Matgefill un d’Famillje vun den Affer. Mir hoffen, datt déi sëllech Blesséiert geschwënn nees gesond ginn.“

Mat AFP

Foto: AFP PHOTO / FARS NEWS / Hossein MERSADI

Ähnlech Sujeten Iran, IS, Teheran, Terrorismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel