Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Wat ass da Christi Himmelfaart?
https://moien.lu/best-hook-up-sites-reddit/ free online dating sites in virginia

gratis nederlandse dating app

Haut wäerte wuel esou munch Leit vum Feierdag profitéieren, fir

idea for dating site
https://moien.lu/best-hook-up-sites-reddit/ free online dating sites in virginia

Sexuelle Mëssbrauch: déi kathoulesch Kierch an Däitschland muss sech den Affer stellen

Haut muss sech déi kathoulesch Kierch an Däitschland zum „sexuelle

Giel Invasioun an der Péitruss – 18. Editioun vum Duck Race
https://moien.lu/best-hook-up-sites-reddit/ free online dating sites in virginia

Giel Invasioun an der Péitruss – 18. Editioun vum Duck Race

Duerch den Dout vum Grand-Duc Jean ass dëst Evenement op

Den Islamesche Staat an der Zwéckmillchen

Den Islamesche Staat an der Zwéckmillchen

Den dschihadistesche Grupp Islamesche Staat (IS) huet a 24 Stonnen zwee ganz wichteg Standuerter verluer. Dat a Syrien an am Irak, dorënner Deir Ezzor, déi lescht grouss Stad ënnert senger Kontroll.

Verschanzt am Grenzgebitt tëscht Syrien an dem Irak, sinn d‘Combattante vum IS an der Zaang a mussen sech den Ugrëff vum béid Säite vun der Grenz erwieren. Nach um Freideg konnt déi irakesch Arméi bestätegen d‘Dschihadisten aus al-Qaïm, engem Grenzposten, verjot ze hunn.

E weidere battere Réckschlag fir den IS, dee schonn um Donneschdeg déi syresch Stad Deir Ezzor huet missen opginn. Déi ass vun de syrescher Arméi, mat der Ënnerstëtzung vu senge russeschen an iraneschen Alliéierten ageholl ginn.

Zu Deir Ezzor hunn d‘Zaldote vum Regimm um Dag no hirem Erfolleg hir Waffen an d‘Luucht gestreckt an de V vun der Victoire gemaach. Dat matten an enger zerstéierter Landschaft: agefalle Gebaier, Bierger vun Trëmmer an zerrappte Beem.

Eng grouss schwaarz Dampsail huet sech iwwert de nërdleche Quartieren erhuewen, do wou d‘Loftugrëff och um Freideg nach gefouert goufen. An der Metropol selwer w si Panzer an Militärgefierer patrulléiert. Op enger Mauer steet geschriwwen: „Iwwerreschter vum IS“.

Déi lescht Phas

Den héije Kommando vun der syrescher Arméi huet an engem Communiqué matgedeelt: „Deir Ezzor ass déi lescht Phas an der totaler Zerstéierung vum IS“. Ugesicht dem Leed an dem Schued deen d‘Dschihadisten iwwert d‘Regioun bruecht hunn, sollten se keng Gnod erwaarden.

Deir Ezzor a seng Provënz déi räich a Pëtrol ass, war 2014 am Chaos vun deem a Syrien ausgebrache Biergerkrich (2011) vum Islamesche Staat ageholl ginn. Elo, no all de Réckschléi a Syrien an am Irak, ass dee Kalifat, deen emol d‘Gréisst vun Italien hat, esou gutt wéi Geschicht.

Am verlaf vun de Schluechte sinn d‘Dschihadisten aus alle grousse Stied – Mossul am Irak, Raqqa a Syrien – verjot ginn, déi sech ënnert de Nol gerappt haten. Wat bleift sinn Dierfer déi an engem wüstenaartege Landstréch am Dall vum Euphrat.

Vun hei hunn se dann och keen Auswee méi, néierens wou se kéinten hin flüchten. Se sinn gefaangen an der Zwéckmillchen, engersäits vun der kurdesch-arabescher Allianz déi se vu Syrien aus uginn, anersäits vun der irakescher Arméi.

A Syrien hält den IS nach ongeféier 35% vun der Provënz vun Deir Ezzor. Hei huet sech an d‘Klengstad Boukamal zréckgezunn, direkt op der Grenz zum Irak. Déi syresch Arméi ass allerdéngs nach knapp 30 Kilometer dovunner ewech an déi russesch Loftwaff ass stänneg am Asaz.

Ouni Pardon, ouni Gnod

Laut dem syreschen Observatoire vun de Mënscherechter (SOHR) gëtt et wéinst de Loftschléi vill Affer bei der Zivilbevëlkerung. De SOHR huet och matgedeelt, Camione gesinn ze hunn déi Dosenden IS-Combattante gelueden haten déi aus al-Qaïm geflücht sinn.

Nach ëmmer laut Informatioune vum SOHR, hätt den IS nach just e puer Dierfer an ee Pëtrolsfeld ënner Kontroll. Iwwert d‘Zuel vun den nach kampffäegen Dschihadisten op syrescher Säit konnt sech weder den SOHR nach de Kommando vun der syrescher Arméi äusseren.

Am Irak war et déi regulär Arméi, déi mat Hëllef vun der internationaler Koalitioun ënnert der Leedung vun den USA, d‘Dschihadisten aus al-Qaïm verdriwwen huet. Den irakesche Premierminister Haider al-Abadi huet dës Victoire begréisst.

Hie geet dann och dovunner aus, ugesicht dem schnelle virukommen, datt seng Truppen an de nächsten Deeg och Rawa wäerten anhuelen. Duerno muss nach just „gebotzt“ ginn. Gemengt ass sech d‘Kontroll iwwert d‘Wüstegebitt tëscht béide Stied (Provënz vun al-Anbar) nees zréckzehuelen. Laut der Koalitioun wieren hei nach bis zu 1.500 IS-Combattante „ënnerwee“.

All déi Réckschléi fir den IS bedeiten dann awer net, dat dee sech geschloe gëtt. Och ouni „Territoire“ wäerten sech d‘Dschihadisten net geschloe ginn a bedauerlecherweis och weiderhin d‘Leed uechter d‘Welt verdeelen. Och wann de Kalifat zerschloen ass, geet den Terror weider.

mat AFP

Foto: Irakesch Kämpfer vun der Hashed al-Shaabi Eenheet bei der Iwwernam vun al-Qaïm den 3. November. © Ahmad al-Rubaye/AFP

Ähnlech Sujeten Deir Ezzor, Irak, islamesche Staat, Kalifat, Syrien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel