Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

coolsurprise
GLOW ass frësch, speziell a staark
Neiegkeeten

GLOW ass frësch, speziell a staark

Gorgeous Ladies of Wrestling. Dofir steet GLOW. Den Numm ass

angry
SIGI: Den Dateschutz suergt fir Kappzerbrieches
Neiegkeeten

SIGI: Den Dateschutz suergt fir Kappzerbrieches

D‘Erwaardungen un d‘Comitéssëtzung vum Interkommunale Syndikat fir d‘Gestioun vun der

Bilansgespréicher: Net nëmmen e Buch, mee e wierklecht Konschtwierk
Neiegkeeten

Bilansgespréicher: Net nëmmen e Buch, mee e wierklecht Konschtwierk

„De Wanter kënnt, kaf der Buch“ sot ee mer an

Den nationalen Dag vum Bam

Virstellung vun der offizieller Uplanzung zu Lilien an dem Bam vum Joer

Den nationalen Dag vum Bam

Haut ass de 27. nationalen Dag vum Bam, an uechtert d‘Land ginn eng ganz Rei un Aktiounen duerchgefouert. Ugefaangen huet et mat der Uplanzung vu Beem op enger Wiss zu Lilien (Gemeng Manternach) déi der Stëftung „Hëllef fir d‘Natur“ gehéiert.

Dag vum Bam

© Stëftung Hëllef fir d‘Natur

Op dëser Wiss- huet d‘Administratioun vun der Natur an de Bëscher (ANF), zesumme mat lokale Politiker eng Rei beem geplanzt. A well et sech bei dëser Wiss, déi 400 Meter déif an 23 Breet ass, ëm eng besonnesch wichteg a visibel Plaz handelt, huet d‘Stëftung d‘Plantatioun dem Groussherzog gewidmet, a se no dësem benannt: „Ekologesch Struktur Groussherzog Jean“.

Dag vum Bam

© Stëftung Hëllef fir d‘Natur

Den Dag vum Bam, ass och d‘Geleeënheet eng Sensibiliséierungscampagne ze lancéieren, an all Gemeng, Administratioun, Entreprise, mee och d‘Privatleit ze encouragéieren e Bam ze planzen. Doriwwer eraus sollen d‘Bierger ermontert ginn, besser op déi regional Beem an Hecken uecht ze doen, well si d‘Biodiversitéit vun der Fauna an der Flora begënschtegen.

Den Iesskäschtebam

Als Member vum „Kuratorium Baum des Jahres“ dréit „natur&ëmwelt“ al Joer derzou bäi e Bam vu besonneschem Interessi fir Lëtzebuerg auszewielen. Dëst Joer ass datt den Iesskäschtebam. Dëse Bam ass de meeschte virun allem wéinst senge Friichte bekannt. Den Iesskäschtebam war am Süde vun Europa de „Broutbam“ vun den aarme Leit, a gëtt bis haut an der Schwéngsmaascht genotzt.

Dag vum Bam

De Séisskäschtebam, Castanea sativa Mill., dee Käschten dréit, ass e Bam aus dem Süde vun Europa, a gouf am Norden, vun de Réimer praktesch gläichzäiteg mat der Rief agefouert. De Séisskäschtbam gëtt et nach an Nordafrika an a Westasien. An Europa ass et den eenzege Vertrieder vun der Gattung Castanea.

Dës och als „Séisskäschtebam“ bezeechent Beem kënne bis zu 600 Joer, an eenzele Fäll esouguer e Joerdausend al ginn. Bei dësen „eeleren“ Exemplaren ass et awer oft nëmmen en huele Stamm deen nach erhalen ass. Wéinst senger gudder Regeneratiounsfäegkeet, si Käschtebeem a ville Géigenden als „Niederwälder“ bewirtschaft ginn. Agefouert gouf de Bam bei eis vun de Réimer.

An de leschte Joren hunn esouwuel d‘Friichten, wéi och d‘Holz, vum Iesskäschtebam nees méi Beuechtung erhalen. Mam Bléck op de Klimawandel, ass dës éischter a waarm-dréchene Regioune verbreet Bamzort, och fir d‘Bëschwirtschaft eng reell Alternativ. Et kéint een esou behaapten, datt den Iesskäschtebam net nëmmen de Bam 2018, mee och de Bam vun der Zukunft ass.

Foto: © Stëftung Hëllef fir d‘Natur

Ähnlech Sujeten Dag vum Bam, Groussherzog, Iesskäschtebam, natur&ëmwelt, Stëftung Hëllef fir d‘Natur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel