Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sécherheet an allen Éieren, mee mat Mooss
International Neiegkeeten

Sécherheet an allen Éieren, mee mat Mooss

Bal 35 Joer no der Ënnerzeechnung vum Schengen-Ofkommes huet Däitschland

UNRWA: Washington leescht keng Beiträg méi!
International Neiegkeeten

UNRWA: Washington leescht keng Beiträg méi!

De 24. August huet d‘Trump-Administratioun annoncéiert, der UN-Agence fir palestinensesch

Weess du, wat déi Saachen hei heeschen?
International Neiegkeeten

Weess du, wat déi Saachen hei heeschen?

D’Lëtzebuergesch Sprooch ass eng räich Sprooch. Dat vergësst een heiansdo

Den Netanyahu kritt keng Koalitioun hin

Den Netanyahu kritt keng Koalitioun hin

Keng gutt Zukunftsaussiichte fir de Benjamin „Bibi“ Netanyahu, dee mat senger Regierungsbildung gescheitert ass an säi Mandat dofir un de President Reuven Rivlin zréckginn huet. Domatter ass et elo um Erausfuerderer Benny Gantz säi Gléck ze versichen an eng Regierung op d‘Been ze stellen.

Vun enger Regierung ass een an Israel wäit ewech. De Likud-Chef huet d‘Koalitiounsverhandlunge missen opginn, firwat de President Reuven Rivlin dem Benny Gantz – den eigentleche Gewënner vun de Parlamentswahlen – den Optrag zur Regierungsbildung ka ginn. Mee och fir de Leader vum blo-wäisse Bündnis wäerten d‘Verhandlungen zéi ginn. A wéi komplizéiert et ass beleeën Zuelen.

Zur Erënnerung: bei de Wahlen am September huet d‘Likud (Nationalkonservativ) 32 Mandater, Kahol Lavan (Sozialliberal) 33 Mandater zougesprach kritt. Dogéint huet de Benny Gantz dann awer nëmme 54 „Recommandatioune“ fir d‘Mandat vum Ministerpresident kritt, wougéint de Benjamin Netanyahu der 55 konnt virleeën. Dat hat dësen ermächtegt Verhandlungen ze féieren.

Eigentlech sollt een dovunner ausgoen, datt eng grouss Koalitioun déi „besser“ Léisung fir Israel wier, mee ganz esou einfach ass et dann awer net. Tëscht dem Likud a Kahol Lavan gëtt et jo och en zolitten Dissens, well de Benjamin Netanyahu ee ganz besonnescht Interessi um Mandat vum Regierungschef huet. Ouni dëst Mandat stinn him eng ganz Rei juristesch Problemer an d‘Haus.

Dat gesäit de Benny Gantz ähnlech an dësen huet däitlech gemaach, datt et mam Benjamin „Bibi“ Netanyahu net zu enger Eenheetsregierung komme kann, zumindest net esoulaang dësem eng Uklo fir Bestiechlechkeet, Bedruch a Vertrauensmëssbrauch dreet. Eng Koalitioun wier deemno nëmme méiglech wa sech de Benjamin Netanyahu géif zréckzéien, wat awer den Ament ausgeschloss ass.

Sollt elo och de Benny Gantz un der Regierungsbildung scheiteren – hien huet dofir véier Wochen Zäit – da kéint et an Israel bannent engem Joer zur drëtter Parlamentswahl kommen. Kahol Lavan steet fir e laizistesche Staat, während de Likud e Partenariat mam „rietse“ Block an de reliéise Parteien ustrieft. Do géif déi arabesch Minoritéit ze kuerz kommen, betount de Benny Gantz.

mat indymedia/tlv

Foto: © techami

Ähnlech Sujeten Benjamin Netanyahu, Benny Gantz, Eenheetsregierung, Israel, Regierungsbildung, Reuven Rivlin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel