Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Esch-Uelzecht: D‘Fixerstuff soll déi nächst Woch hir Dieren opmaachen
Neiegkeeten

Esch-Uelzecht: D‘Fixerstuff soll déi nächst Woch hir Dieren opmaachen

Bis ewell war huet et just eng Fixerstuff ginn, an

Den Netanyahu kritt keng Koalitioun hin
Neiegkeeten

Den Netanyahu kritt keng Koalitioun hin

Keng gutt Zukunftsaussiichte fir de Benjamin „Bibi“ Netanyahu, dee mat

geek
Editorial: Ka Linux den Desktop erueweren?
Neiegkeeten

Editorial: Ka Linux den Desktop erueweren?

Et ass awer heiansdo fir d‘Flemm ze kréien. Wéi kann

Den Nordpol geet spadséieren

Magnéiteschen Nordpol deplacéiert sech ëmmer méi séier

Den Nordpol geet spadséieren

Normalerweis gëtt de Weltmagnéitmodell („World Magnetic Model“) all fënnef Joer aktualiséiert. Mat dësem Modell gëtt den Zoustand vum Magnéitfeld vun der Äerd beschriwwen a rechent aus, wéi dëst sech déi kommend Joren entwéckelt. Wéinst enger Rei Anomalien hu brittesch an amerikanesch Geophysiker sech dozou entscheet, den 30. Januar de Modell fréizäiteg ze aktualiséieren.

Géif dat net geschéien, da stéinge Piloten, Schëffskapitänen an all Notzer vu Google Maps virun engem Problem, falls de GPS mol ausfale sollt. Et ass nämlech dem Magnéitmodell ze verdanken, datt déi prezis Navigatioun per Kompass funktionéiert. De Modell beschreift beispillsweis, wéi de magnéiteschen Nordpol zum geografeschen Nordpol steet.

De magnéiteschen Nordpol ass déi Plaz, wou d’Feldlinne vum Äerdmagnéitfeld senkrecht an de Buedem stoussen. Déi Plaz läit e puer honnert Kilometer vum geografeschen Nordpol ewech an deplacéiert sech och mat der Zäit. Déi lescht Joren iwwer geet de magnéiteschen Nordpol ëmmer méi séier „spadséieren“, an zwar vu Kanada aus a Richtung Sibirien.

Firwat ass d’Magnéitfeld vun der Äerd esou wichteg?

Kuerz gesot, ouni Magnéitfeld géif et kee Liewen op eiser Äerd ginn. Op mannst mol keng méi héich entwéckelt Planzen, Déieren oder eis Mënschen. Wéi en onsiichtbare Schëld schützt en eise Planéit viru kosmescher Stralung a geluedene Partikelen, déi vun der Sonn erausgeschleidert ginn. Duerch d’Magnéitfeld konnt also eng stabil Atmosphär entstoen, an där sech Liewen entfale kann.

Magnéiteschen Nordpol

Do lauert se, am Hannergrond. Ouni Sonn géif op der Äerd näischt lafen. Trotzdeem musse mer awer och e Stéck wäit vun hir geschützt ginn, an dat mécht d’Magnéitfeld vun der Äerd.

Allerdéngs soll an de leschte knapp 200 Joer d’Magnéitfeld ëm 15 Prozent méi schwaach gi sinn. Fir erauszefannen, wat et domat op sech kéint hunn, huet d’European Space Agency (ESA) 2013 dräi Satellitten – déi sougenannt Swarm-Satellitten – an den Orbit geschéckt. Dës sollen d’Magnéitfeld prezis moosse kënnen.

D’Magnéitfeldlinne kann ee sech e bësse wéi en Netz virstellen, dat eise Globus ëmspaant. Woubäi muss festgehale ginn, datt dëst „Netz“ ongläichméisseg ass. Dat bedeit, datt et Plazen op an iwwert der Äerd gëtt, wou d’Magnéitfeld ënnerschiddlech staark ass a soumat och méi, respektiv manner viru Stralung schützt. Den Ament ass d’Magnéitfeld iwwert dem Südatlantik samt Südamerika a Südafrika besonnesch schwaach.

D’Äerd generéiert hiert Magnéitfeld iwweregens selwer: de bannenzege Kär ass wéinst dem enormen Drock fest a besteet haaptsächlech aus Eisen an Néckel. Vun dësem Kär aus klëmmt Hëtzt an de baussenzegen, flëssege Kär – et kënnt zu sougenannte Konvektiounsstréimungen. Well dat Material beim Opsteigen ofkillt, fält et nees zeréck a méi déif Schichten: et entsteet also e Kreeslaf. Zudeem kommen duerch d’Äerdrotatioun säitlech Beweegungen dobäi. An doduerch, datt Eisen an Néckel Elektrizitéit gutt leede kënnen, entsteet d’Magnéitfeld vun der Äerd.

Magnéiteschen Nordpol

D’Swarm-Satellitten an hirer Konstellatioun am Äerd-Orbit: Si sollen hëllefen, d’Magnéitfeld besser erfuerschen ze kënnen. © ESA/ATG medialab

Steet d’Äerd virun enger Ëmpolung?

Dëse System ass nawell vu villen Onreegelméissegkeete gepräägt, wat am Extremfall esouguer zu enger Ëmpolung féiere kann. An deem Fall géif de magnéiteschen Nordpol zum Südpol ginn an ëmgedréit. An dësem Zenario géif dat bedeiten, datt d’Magnéitfeld immens geschwächt wäert ginn an d’Äerd enger gréisserer direkter Stralung ausgesat wier.

Analysen no soll sou eng Ëmpolung duerchschnëttlech all 250.000 Joer virkommen – déi lescht datéiert awer vu viru 780.000 Joer a schéngt soumat iwwerfälleg. Wärend de magnéiteschen Nordpol am 20. Joerhonnert ronn 15 Kilometer am Joer gewandert ass, huet en zanter den 90er Joren zolidd un Tempo zougeluecht: ganzer 50 Kilometer am Joer. Dëst kann en Indiz op eng Ëmpolung sinn, muss et awer net. 

Eng aner Theorie beseet, datt de Grond fir déi séier „Wanderung“ doranner läit, datt e Stroum aus flëssegem Eisen 3.000 Kilometer ënnendrënner an déi selwecht Richtung ënnerwee ass.

Dëst soll alles keng „Panikmache“ sinn, weist awer nun mol d’Wichtegkeet vun de Swarm-Satellitten fir méi iwwert d’Äerdmagnéitfeld erfuerschen ze kënnen. Iwwer dat Bannenzegt vun der Äerd ass den Ament nämlech manner bekannt wéi iwwert d’Sonn.

Opmaacherfoto: Pixabay

Ähnlech Sujeten Ëmpolung, ESA, Kompass, Magnéiteschen Nordpol, Magneitfeld
Nächsten Artikel Virrechten Artikel