Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Weess du, wéi eng Uertschafte sech hannert dëse franséische Nimm verstoppen?
https://moien.lu/dating-sites-chicago-il/

Weess du, wéi eng Uertschafte sech hannert dëse franséische Nimm verstoppen?

Et ass gewosst, datt eis Uertschaften souwuel e Lëtzebuergeschen Numm

https://moien.lu/free-disability-dating-sites-australia/
https://moien.lu/dating-sites-chicago-il/

Kollektivvertrag fir d‘Buschaufferen aus dem Privatsecteur

Patronat a Gewerkschafte ginn sech beim Ausschaffe vum Kollektivvertrag vun

Déi lénk kritesch am Ëmgang mam ArcelorMittal-Dossier
https://moien.lu/dating-sites-chicago-il/

Déi lénk kritesch am Ëmgang mam ArcelorMittal-Dossier

„CSV an LSAP hunn d‘Stolindustrie u Mittal ausgeliwwert!“. Esou d‘Iwwerschrëft

Den Nordstad-Bus 512 gëtt elektresch!

Den Nordstad-Bus 512 gëtt elektresch!

E Méindeg ass den neie Projet vun der Elektrifikatioun vun der Linn RGTR 512 Gilsdref-Warken vum Staatssekretär fir Infrastruktur Claude Turmes virgestallt ginn. Ab November 2018 gëtt dëse Wee mat zu 100% elektresche Busser gefuer.

Aus dësem Grond huet Voyage Koob SA., Bedreiwer vun der Linn, véier Gefierer vum Typ VDL CITEA bestallt. Am Dezember dëst Joer gëtt d’Linn och op Bettenduerf a Méischtref verlängert.

Fir eise Staatssekretär markéiert de Projet eng éischt Etapp a Richtung Dekarboniséierung vum ëffentlechen Transport. Hien ënnersträicht dobäi: „D’Initiative vun der elektrescher Linn 512 verfollegt genau an d’Politik déi virgesäit bis 2030 all RGTR Busser zu Lëtzebuerger op Null Emissioun ze kréien. Ech si stolz, datt Lëtzebuerg een europäesche Virreider vun elektresche Busser an der Dekarboniséierung vum Transport ass.“

Bis 2019 sinn 70 weider zu 100% elektresch RGTR Busser geplangt, déi d’Stad Lëtzebuerg an säin Ëmkrees, de Süden, den Uelzechtdall an Nordstad usteieren. De Choix ass hei an éischter Instanz op d’Linn 512 gefall fir d’Liewensqualitéit um Niveau Loft a Kaméidi an der Nordstad ze verbesseren.

Am Kader vun der neier Organisatioun vum Busreseau Mëtt 2019 wäert d’Elektrifikatioun vun de Busser an de Virdergrond gedréckt ginn. D’Konzept ass op Express-Linnen opgebaut mat Uschloss un Navetten. Hei wäert „Leestell“ déi optimal Ausféierung vun den Uschlëss garantéieren.

Foto: (v.l.n.r.) André Bauler, Deputéierten, Claude Turmes, Staatssekretär fir Infrastruktur, Jean-Marc Friederici, Projektmanager Nordstad, Jean-Paul Schaaf, Buergermeeschter vun der Stad Ettelbréck, Gérard Anzia, Deputéierten an Schäffen vun der Gemeng Useldeng, Paul Tros, Schäffen vun der Gemeng Bettenduerf, Roland Simon, Gérant vu Voyages Koob SA
© Voyages Koob SA

Ähnlech Sujeten Bus, Claude Turmes, Elektrifizéierung, Elektromobilitéit, Nordstad
Nächsten Artikel Virrechten Artikel