Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Pipo Peng: Domm Elteren
Neiegkeeten

Pipo Peng: Domm Elteren

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

Amerika mécht sech de Covid19 zu Notze fir d‘Ajatollahen ze zëssen
Neiegkeeten

Amerika mécht sech de Covid19 zu Notze fir d‘Ajatollahen ze zëssen

Dat se sech zu Washington, dank de beschte Fuerscher a

Testphas op der A6 an A1: 90 km/h zu Stousszäiten um Mueren!
Neiegkeeten

Testphas op der A6 an A1: 90 km/h zu Stousszäiten um Mueren!

Fir de Verkéiersfloss op den Autobunnen zu Stousszäiten ze optimiséieren,

Den OGBL-Ausbléck op 2020

D‘Nora Back ass eng Widderhuelungstäterin mat vill Charme déi d‘Patronat gären eppes rëselt

Den OGBL-Ausbléck op 2020

D‘Patronne vun der gréisster a schéinster Gewerkschaft vum Land, hat scho bei hirer Ried zum neie Joer als CSL-Presidentin däitlech gemaach, wat hir Ziler an déi vun hire Komeroden a Matstreider fir dëst Joer 2020 sinn. Esou war et dann och zimlech ofzegesi wat een ze erwaarden hätt.

Als Gewerkschaftsbond ass den OGBL eng Muecht, firwat hien och eng Eenheetsgewerkschaft fir Lëtzebuerg ustrieft. Ronn 70.000 Memberen zielt den OGBL, an dat mannst wat sech no der éischter Sëtzung vum Nationalcomité behaapte léisst, d‘Aarbecht wéi och d‘Erausfuerderunge ginn net manner. An als klenge Message fir d‘Patronat: „Eise Job ass et d‘Interesse vum Salariat an hir Familljen ze verdeedegen“. A wann d‘Nora Back dat seet, weess een, dat kënnt vun Häerzen…

Et ass jo och nëmme richteg, ugesiichts dem Beholl vun esou muenchen iwwerhiefleche Personnage aus der Wirtschaft (d‘FEDIL am Allgemengen, de Cactus, LuxTram an déi aus dem Bausecteur) datt si sech beim OGBL virgeholl net labber ze loossen, all Erausfuerderung unzehuelen, an op et um Verhandlungsdësch oder op der Strooss ass, d‘Rechter an d‘Wuel vun de Lounofhängege wäert bis op dat äusserst verdeedegt ginn. An et sti véier besonnesch wichteg Themen 2020 am Raum.

Sozial Gerechtegkeet an ee bessere Partage

Datt d‘Welt net iwwer Nuecht wäert besser ginn, dat ass gewosst. Dat ass dann u sech och Grond genuch den Aarsch ze bewegen a fir säi Recht anzestoen. D‘Nora wäert d‘Salariat vun der Welt elo gerett kréien, mee zesumme mat hire Leit kann si déi Ongläichheeten déi mir zu Lëtzebuerg hunn, zumindest an Ugrëff huelen, a wie weess, wann d‘Leit gescheit sinn, schléissen si sech dësem Kampf un. Fir ze verdäitlechen datt dëse soziale Kampf muss gefouert ginn, ee gutt Argument.

Esou huet d‘Nora Back den Rapport vum Oxfam zitéiert, aus deem ervirgeet, datt 2.153 Milliardäre méi Kapital besëtze wéi 60% vun der Weltbevëlkerung, Tendenz steigend. Zudeem wieren déi super räich oft Männer, wat elo d‘Fraen déi am selwechte Fall net charakterlech besser stellt. Trotzdeem kann een novollzéien, datt sech den OGBL fir eng méi feministesch Ekonomie asetze wëll. Dat huet och domadder ze dinn, datt et meeschtens d‘Frae sinn, déi am Niddreglounsecteur ausgebeut ginn.

Den OGBL wëll sech dëst Joer op méi „Ausgläich“ konzentréieren, woumadder eng méi gerecht Remuneratioun vun der Aarbecht gemengt ass. De Mindestloun wier nach ëmmer vill ze niddreg, firwat de Gewerkschaftsbond revendiquéiert, dësen ëm 10% ze hiewen. Donieft misst et och bei de Familljenzoulagen – déi zanter 2006 net ugepasst goufen – zu konkrete Verbesserunge kommen. Net ze vergiessen, datt déi elengerzéiend Menagë méi a besser berécksiichtegt ginn.

Eppes zur Steierreform an dem Logement

Wat déi vun der Regierung ugekënnegt Steierreform betrëfft, esou dierft dat ee vun de Punkte sinn, wou sech den OGBL méi offensiv dierft asetzen. Zum enge wëllen si vun Ufank u mat am Boot sëtzen an iwwert dëse Wee d‘Méiglechkeet erhalen eng méi sozial Steierreform matzegestalten. Sozial Gerechtegkeet kéint et zudeem souwisou nëmme mat enger sozial verdréiglecher Steier ginn. Hei gëtt sech dann och géint eng weider Baisse vun der Besteierung vun den Entreprise gewiert.

D‘Problemer am an duerch de Logement behalen d‘Land a virun allem déi Lounofhängeg am Grëff, firwat och dëse Sujet sech dierft wéi e roude Fuedem duerch 2020 wannen. Den OGBL fuerdert also och weiderhi méi soziale Wunnraum an erwaart sech, datt d‘Regierung endlech der onséileger Spekulatioun an all seng Formen der Reedel virleet. D‘Spezialfongen a ganz generell d‘Faveuren, déi gewësse Leit zougestane gi mussen ophalen, well genee dat de soziale Fridden a Gefor bréngt.

Last not least: de Klimawandel, d‘Kris déi dëse mat sech bréngt an d‘Moossnamen déi hei musse getraff ginn. Datt den OGBL sech kloer an däitlech zu de Klimaziler positionéiert ass gewosst, mee d‘Nora Back gëtt ze bedenken, datt ee kenge Mesuren Zoustëmme kann, déi op d‘Käschte vun de Schwaachen a klenge Lounofhängegen ëm- an duerchgesat solle ginn. Klimapolitik kéint een och nëmme mat an net géint d‘Leit maachen. Hei wëll den OGBL ganz genau uecht doe wat kënnt.

Foto: De Kampf fir méi Gerechtegkeet ass den Alldag fir de Gewerkschaftsbond. Grad den Ament wou sech d‘Direktioun vum Cactus nees op Käschte vun de Beschäftegten d‘Primmen opdeelt an nëmme Gegrimmels fir d‘Foussvollek iwwreg huet. Eng Sauerei sonnergläichen, déi awer och alle Salariéeën am Land sollt d‘Aen opmaachen. Gitt Member an enger Gewerkschaft, e bessere Schutz gëtt einfach nach net. © OGBL / Dept. Eenzelhandel

Ähnlech Sujeten Klimawandel, Logement, Nora Back, OGBL, sozial Gerechtegkeet, Steierrefrom
Nächsten Artikel Virrechten Artikel