Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Gewalt beim G20-Sommet: éischt Prisongsstrof zu Hamburg ausgeschwat
Neiegkeeten

Gewalt beim G20-Sommet: éischt Prisongsstrof zu Hamburg ausgeschwat

Den éischte „Manifestant“ ass zu Hamburg wéinst der Uwennung vu

Rechtsstaat: d‘EU fuerdert vu Warschau Kloerheet
Neiegkeeten

Rechtsstaat: d‘EU fuerdert vu Warschau Kloerheet

De Vizepresident vun der EU-Kommissioun, Frans Timmermans, huet um Mëttwoch

D’Europäesch Unioun erkläert – vum CGP Grey
Neiegkeeten

D’Europäesch Unioun erkläert – vum CGP Grey

WEIDER ARTIKEL ZUM THEMAWéi fonctionnéiert en Handelskrich?Laurel oder Yanny? Esouguer

Den OGBL kritt eng nei Spëtzt

Den OGBL kritt eng nei Spëtzt

An der gréisster Gewerkschaft vum Land, dem OGBL, soll et am Kader vun der Modernisatioun a Verjéngung, zu engem Wiessel un der Spëtzt kommen. Dat huet en Dënschdeg de President André Roeltgen, nodeems hien zu oppenen Dossiere Stellung bezunn hat, esou ugekënnegt.

Bei senger leschter Sëtzung vum Gewerkschaftsjoer 2017/18 huet den nationale Comité d‘Nora Back vum Gesondheets-, Sozial- an Educatiounsservice als nei Generalsekretärin vum OGBL virgeschloen. Wéi eng Roll dem Nora Back säin Engagement an d‘Victoire am Sozialkonflikt mat de Fleegeheemer gespillt huet, ass dobäi net erwähnt ginn.

Den André Roeltgen huet dann awer op d‘Aktualitéit vu verschiddenen Dossiere gemaach. Esou de Gesetzprojet zu den Zäitspuerkonten am Privatsecteur: „Den Text entsprécht de Konditioune vum Sozialdialog an ech hoffen datt deen esou séier wéi méiglech ëmgesat ka ginn“. Woubäi den OGBL-President sech am Bezuch op de Wahlprogramm vun der DP besuergt gewisen huet.

„D‘Corinne Cahen huet Deeler vum DP-Programm präisginn, déi sech op d‘Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit an eng Reform vum Elterecongé bezéien. Mir waarden op d‘Virschléi vun der DP, a wäerten eis dergéint positionéieren, wann déi géint eng adequat Zesummeféierung vun Aarbechts- a Privatliewe geet an den Elterecongé zu enger Diskriminéierung vu jonken Eltere féiert“.

D‘Regierung hält sech net un d‘Ofsprooch

Wat guer net geet, ass datt den Accord, dee mat der CGFP, dem LCGB an der Regierung Enn November 2014 beschloss gouf, net gehale ginn ass, an och net méi an dëser Legislaturperiod gehale ka ginn. Am Accord war ee sech eens, dat beim Akraafttriede vun den Dispositiounen, déi d‘Héicht vun de Familljenzoulage regelt, et zu enger periodescher Upassung komme soll.

Beim däregen Dossier „Fleegeversécherung“, wou d‘Reform direkt zum Sozialkonflikt gefouert hat, stellt den André Roeltgen fest, datt de Streik géint d‘Patronat geriicht war. Kritik hunn déi Leit déi gestreikt hunn aus Patronatskreesser erhalen, net awer vun der Regierung. Hei begréisst den OGBL dann och datt sech de Sozialminister perséinlech agesat huet, an eng Léisung erbäigefouert huet.

Net gutt ze spriechen ass den OGBL-President op d‘Kollege vun der chrëschtlecher Gewerkschaft. De LCGB hätt sech bei senger leschter Maniff um Rousegäertchen schwéier am Toun vergraff. Hei, esou den direkte Virworf un d‘Adress vum LCGB-Nationalpresident, hätt ee populistesch Methoden ugewannt, wat fir eng Gewerkschaft moralesch an ethesch net ze rechtfäerdegen ass.

Foto: En Dënschdeg huet den Nationalcomité vum OGBL sech fir d‘Aféierung vum Poste vun engem Generalsekretär entscheet. Eng Entscheedung déi mat der Nofolleg vum aktuelle President am Zesummenhang steet. Dëse Posten ass mat 89% vun de Stëmmen un d‘Nora Back (Mëtt vum Bild) vergi ginn. Den André Roeltgen huet awer schonn ugekënnegt, sech am nächste Joer nach emol fir d‘Mandat als President opzestellen. (Archivfoto) © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten André Roeltgen, Nora Back, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel