USA: Déidlech Policegewalt
Et gëtt natierlech keen Zesummenhang tëscht de Virfäll vun Hong
Et gëtt natierlech keen Zesummenhang tëscht de Virfäll vun Hong
D‘Eisebunnergewerkschaft Syprolux, hat e Freideg an e Samschdeg, am Virfeld
Zanter dem 1. September ass et an der EU verbueden
Um 30. Januar hat de Sozialversécherungsminister Romain Schneider d‘Prioritéite vun sengem Ministère fir 2018 virgestallt. Heibäi hat de Minister och e Réckbléck op 2017 geworf, woubäi et ënner anerem och ëm d‘Reform vun der Fleegeversécherung gaangen ass.
Hien hat géintiwwer der Press gemengt, datt mat der Reform d‘Qualitéit erhéicht, méi Flexibilitéit erreecht an de Besoine vun de Betraffene Rechnung gedroe gi wier. Dat awer schéngt ee beim OGBL eppes differenzéiert gesinn, firwat een elo eng Drénglechkeetssëtzung mam Minister agefuerdert huet.
Den OGBL wier beim Ausschaffe vun der Reform vun der Fleegeversécherung widderholl fir d‘Bäibehalen, a méi nach, eng Verbesserung vun der Qualitéit vum System vun der Déngschtleeschtung, am Beräich vun de Soinen zu Lëtzebuerg, agetrueden. Et hätt ee sech mat Hänn a Féiss géint eng Reform gewiert, déi dëser Grondfuerderung net gerecht gi wier.
An dësem Kontext, an ugesicht de verschiddenen Diskussiounen, déi et am Bezuch op d‘Begrëffserklärung an d‘Uwennung vun diversen Déngschtleeschtunge ginn huet, gëtt d‘Entrevue mat Nodrock gefuerdert. Den OGBL verlaangt dann och Kloerheet an hätt et och gären, wann et fest Zousoe géif ginn, wat déi nei gesetzlech Dispositiounen an folgende Beräicher betrëfft:
Bei der Entrevue, well den OGBL dann och déi sëlleche Problemer agoen, déi de Secteur vum Handicap betreffen. Hei dann och op e neits op seng Revendicatiounen agoen, déi sech op déi informell Hëllefen, d‘Administratioun déi zoustänneg fir d‘Evaluatioun an d‘Kontroll vun der Fleegeversécherung ass.
Schlussendlech, a bezunn op d‘Tendenz déi aktuell vun de Salariéeën am Secteur ze spieren ass, stellt sech den OGBL formell all Form vun Drock entgéint, deen op Leit um Terrain ausgeüübt, a wirtschaftlech motivéiert gëtt.
Den OGBL wäert et net dulden, datt Personal am Zesummenhang mam neie Regimm vun der Fleegeversécherung entlooss gëtt. Dofir fuerdert den OGBL esouwuel vun der Regierung, wéi och vun de Gestionnaire vun den Déngschtleeschtungsbetriber, d‘Virlag vun enger Aarbechtsgarantie fir d‘Membere vum Personal.