Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Spionéiert de BND an Éisträich Institutiounen an Entreprisen aus?
Neiegkeeten

Spionéiert de BND an Éisträich Institutiounen an Entreprisen aus?

Déi éisträichesch Exekutive huet um Samschdeg vun Däitschland Erklärunge gefuerdert,

D’Zwiebelfreunde an Däitschland geroden an d’Viséier vun der Police
Neiegkeeten

D’Zwiebelfreunde an Däitschland geroden an d’Viséier vun der Police

Et ass e Fall, dee staark kritiséiert gëtt. An Däitschland

money
Den elektroneschen Handel fir lëtzebuergesch Geschäfter gefërdert
Neiegkeeten

Den elektroneschen Handel fir lëtzebuergesch Geschäfter gefërdert

Op Initiativ vum Wirtschaftsministère ass de GIE „Luxembourg for Shopping“

Den OIKOPOLIS-Zentrum Minsbech hat kinnekleche Besuch!

Bäuerlech Bio-Vermaartungsstrukture stellen sech vir

Den OIKOPOLIS-Zentrum Minsbech hat kinnekleche Besuch!

An der Syrdallgemeng Minsbech huet eise Groussherzog den zentrale Standuert vun der Lëtzebuerger OIKOPOLIS-Grupp besicht, déi aus der 1988 gegrënnter Biobauere-Genosseschaft Lëtzebuerg (BIOG) entstanen ass. Domat ass de Groussherzog der Aluedung, déi hien am Juli op der Foire Agricole krut, nokomm, déi hien vun der BIOG-Genosseschaft krut.

Ënn Oktober huet de Groussherzog elo, begleet vum Landwirtschafts- Wäibau- a Verbraucherschutzminister Fernand Etgen an enger klenger Delegatioun, den OIKOPOLIS-Zentrum besicht. Hei kënnen d’Visiteuren ee Bléck hannert d’Kulisse vun enger Rei kooperéierende Betriber werfen, déi ee Groussdeel vun der Wäertschöpfungsketten ofbilden: den Transport, Verpackungen a Lagerung vu Friichte bis hin zur Weiderveraarbechtung a schliisslech zum fäerdege Produit am Handel.

Vernetzt, fair an assoziativ

Den Ufank huet den Tom Kass, Virsëtzende vun der OIKOPOLIS-Gesellschaft, de Marc Emering, President vun der BIOG-Genosseschaft an den Änder Schank, Virsëtzende vun OIKOPOLIS Participations S.A. Gemaach. Heibäi gouf d’Gewiicht op d’Virdeeler vu kooperéiernde Vertriebsstrukturen an Kleng- a Familljebetriber gesat, deenen een eng gewësse Fräiheet bidde muss.

Uschléissend huet den Bio-Pionéier Änder Schank d’Entwécklung vum OIKOPOLIS-Netzwierk bis hin zur Grënnung vun de Schwesterentreprisen BIOGROS an NATURATA presentéiert, wouduerch och de Label „Fair & associative“ entstanen ass. Dëst Qualitéitszeechen dierf just op Produite sinn, déi aus noweislech an transparent kooperéierenden Produktiounszesummenhäng kommen.

Bio

Am Zentrum steet de Wee vu landwirtschaftleche Bio-Produiten. Hei gesitt Dir d’Offëlle vu BIOG-Miel bei BIOGROS. © Luxpress/OIKOPOLIS

D’Nohaltegkeet am Fokus

Zur Sprooch koumen hei souwuel déi ökosozial Leetwäerter vun OIKOPOLIS, wéi och rezent Erausfuerderungen, deenen sech landwirtschaftlech an aner biologesch wiertschaftend Klengbetrieber an der Regioun géigeniwwer stelle mussen, säit „Bio“ a Moud komm ass a massiv vermarkt gëtt.

Eise Groussherzog, den selwer staark um Naturschutz bedeelegt ass, huet sech wärend der Féierung, gutt informéiert an immens interesséiert gewisen. Sou hu sech beispillsweis Gespréicher iwwert Aspekter vun der Nohaltegkeet, neit Verpackungsmaterial an neiaarteg Liewensmëttelkonservéierungen erginn. An dësem Kontext konnten déi Verantwortlech op de viru kuerzem entstanenen Nohaltegskeetsbericht vun der OIKOPOLIS-Grupp verweisen, den dës a vill weider Themen ausféierlech duerstellt.

Nom Besuch vun der Cuisine Artisanale vu BIOGROS S.A., vum OIKO-Bakhaus an de verschiddene Lagere gouf uschléissend nach den NATURATA Bio Marché zu Minsbech, mat sengem Fachgeschäft NATURATA beauty & culture an dem NATURATA Bio Resto & Café besicht. Duerno ass den Éierewäin zerwéiert ginn, mat, natierlech, engem hausgemaachte Bio-Catering, och mat vegane Spezialitéiten.

Bio

Am OIKO-Bakhaus erklärt de Jos Houtmann (2 v.l.) de Visiteure wéi duerch d’Bedeelegung vun OIKOPOLIS d’Zukunft vum Betrib gerett konnt ginn. © Luxpress/OIKOPOLIS

Ähnlech Sujeten Fernand Etgen, Groussherzog, Landwirtschaft, Minsbech, Naturata, OIKOPOLIS, Tom Kass
Nächsten Artikel Virrechten Artikel