Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Legaliséierung vum Cannabis: Wou si mer drun?
Neiegkeeten

Legaliséierung vum Cannabis: Wou si mer drun?

Fir de gesetzlecher Kader am Kontext vun der Legaliséierung vum

CGDIS: Keng Blesséierter bei gréisserem Feier zu Esch-Uelzecht!
Neiegkeeten

CGDIS: Keng Blesséierter bei gréisserem Feier zu Esch-Uelzecht!

Um 17:30 Auer si gëschter eng Zwanzeg Appelle bei de

USA entzéien der General-Procureure Fatou Bensouda de Visa
Neiegkeeten

USA entzéien der General-Procureure Fatou Bensouda de Visa

Dat huet et esou nach net ginn, mee aktuell kann

Den Oktober gëtt Rosa – Lafe géint Broschtkriibs

Den Oktober gëtt Rosa – Lafe géint Broschtkriibs

Am Kader vum rosa Oktober, internationale Mount vum Broschtkriibs, proposéiert d’Europa Donna Luxembourg Asbl eng Rëtsch Aktivitéiten zur Sensibilisatioun ëm des Thematik un.

Haaptevenement ass säit 16 Joer de Broschtkriibslaf, den e Samschdeg, den 6. Oktober 2018 am Péitrussdall statt fënnt. Start an Ziel vum Laf ass d’Abtei Neimënster am Gronn. Ab 8:30 Auer kann ee sech aschreiwen, um 10:00 Auer fält de Startschoss fir d’Jogger, eng véierel Stonn méi spéit dierfen och d’Nordic Walker de Parcours vu 4 km starten. De wichtegste Sponsor ass dëst Joer d’CMCM.

Ee rosaen Touch mam Spezialtimber „Bléift net eleng!“

Säit dem 18. September 2018 ass d’Sammlereditioun am Verkaf. Sou kënnt och dir är Solidaritéit weisen, andeems dir bei ärer Post dëse rosaen Timber wärend dem ganzen Oktober benotzt.

Och duerch Droe vun der rosaer Schläif kann een den Gemeinschaftsgeescht zu den erkrankte Fraen a Männer weisen. Wärend der leschter Ladies’ Night den 25. a 26. September goufe schonn eng grouss Partie u Schläife verdeelt, weiderhi fannt Dir der och nach op den Aktiounsstänn an de Geschäfter vun der Stad Lëtzebuerg a bei der Expo Pink Shoes.

450 Puer rosa Schong

Duerch déi formidabel Iddi vum Haus Leben e.V. Leipzig/Germany goufe virun 2 Joer 450 Puer Schung mat rosa Suel gesammelt. Ee Puer Schong steet symbolesch pro Fra, déi 2014 zu Lëtzebuerg u Broschtkriibs erkrankt ass. Wärend dem Laf kann een des Aktioun bewonneren an och selwer vergréisseren.

All Informatioune fannt Dir HEI oder um Internetsite www.broschtkriibslaf.lu.
An HEI fannt Dir déi wonnerbar Aktioun vun Europa Donna Luxembourg Asbl.

Ähnlech Sujeten Broschtkriibslaf, Europa Donna Luxembourg Asbl, Kriibs, Rosa, Rosa Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel