De VC Belair hat dem Favorit VC Fenteng näischt entgéint ze setzen
Déi éischt Ronn vun der Coupe de Luxembourg am Volleyball,
Déi éischt Ronn vun der Coupe de Luxembourg am Volleyball,
ARVAL ass eng vun de „grousse“ Leasingfirmaen zu Lëtzebuerg. Enn
Nach virun der Verhandlung, wéinst der Organisatioun vun engem illegale Protest zu Hong Kong, huet de prominenten Aktivist Joshua Wong sech schëlleg bekannt. Hie soll och annoncéiert hunn, bereet ze sinn dofir an de Prisong ze goen. Och seng „Komplizen“ Agnes Cham an Ivan Lam hu sech Schëlleg bekannt. Déi dräi Aktiviste muss bis zur Uerteelsverkënnegung am Prisong bleiwen.
Hinne bléie bis zu fënnef Joer feste Prisong, wann d‘Geriicht d‘Gesetzer wuertgetrei interpretéiert. De Joshua Wong hat sech scho virum Prozess derzou bekannt, den 21. Juni 2019 eng net geneemegt Versammlung virum Kommissariat am Staddeel „Wan Chai“ organiséiert ze hunn. Den Ugekloten ass och weiderhin der Usiicht, datt et sech heibäi héchstens ëm e geréngfügege Verstouss handelt.
Den Aktivist huet awer och däitlech gemaach, datt hie mat senge Matstreider virbereet ass direkt an de Prisong ze goen an d‘Haftstrof ze verbéissen. Gläichzäiteg hoffen d‘Aktivisten, datt dëse Prozess weltwäit fir Opmierksamkeet suergt. Si hoffen datt d‘Weltgemeinschaft – trotz Coronavirus – wäert d‘Manipulatiounen am Justizsystem vun der Sonnerverwaltungsregioun duerch Peking erkennen.
Säitens der Zentralregierung gouf et bis ewell dozou keng Reaktiounen. Och d‘Regierung vun Hong Kong wollt sech net zum Prozess a sengen Hannergrënn äusseren. Verständlech, wëllen dach béid Verwaltungen dem 24 järegen Aktivist net nach méi Reklamm maachen. Ëmmerhin ass de Joshua Wong eent vun de bekanntste Gesiichter vun der Demokratiebeweegung zu Hong Kong.
De Protest, respektiv de Wonsch no méi Demokratie a manner China, hat 2014 mat de sougenannte „Präbbeli-Protester“ säin Ufank. De Joshua Wong huet schonn als Teenager „rebelléiert“ an esou och Protester organiséiert. Virun ee puer Joer war hien zesumme mat aneren, zu méintelaange Prisongsstrofe verurteelt ginn. 2019 war dann de virleefegen Héichpunkt vun de Protester erreecht.
Als Äntwert op den undauernde Protest huet Peking duerchgegraff. Esou koum et nieft den deels heftegen Zesummestéiss tëscht Police an Demonstranten, da schlussendlech och zur Virlag vum héchst ëmstriddene Sécherheetsgesetz fir Hong Kong. Et ass dat dee bis ewell gréissten Agrëff an d‘Autonomie. Alles wat no: subversiv, separatistesch oder terroristesch ausgesäit kritt et ze spieren.
Ob d‘Aktiviste vill Ënnerstëtzung wäerten erhalen? D‘Walen an de USA si gelaf, do gëtt et elo net méi de groussen Interêt sech anzemëschen. Europa huet och aner Suergen… Dat sinn net déi bescht Viraussetzunge wann ee sech als Aktivist engem Geriicht stelle muss, dat jo besonnesch an dësem Prozess och déi duerchaus wichteg politesch Komponent wäert musse „berécksiichtegen“.
mat indymedia/tpe