Search

You may also like

Den Ernie Hammes mam „Regiis Ostium“ zum groussherzogleche Gebuertsdag!
Neiegkeeten

Den Ernie Hammes mam „Regiis Ostium“ zum groussherzogleche Gebuertsdag!

De Selektiounscomité huet den Ernie Hammes als Komponist vum musikalesche

Zu de gratis Schoulbicher vun app.mybooks.lu
Neiegkeeten

Zu de gratis Schoulbicher vun app.mybooks.lu

Säit der Rentrée 2018/2019 sinn déi obligatoresch Schoulbicher fir d’Schüler

Wat geschitt mat Syrien nom Ofzuch vun den US-Truppen? (Analys)
Neiegkeeten

Wat geschitt mat Syrien nom Ofzuch vun den US-Truppen? (Analys)

Nodeems den Donald Trump beschloss huet seng Zaldoten aus Syrien

Lëtzebuerg: De Covid19 fuerdert en neit Affer

Lëtzebuerg: De Covid19 fuerdert en neit Affer

Och bei eis am Land dréift den onséilege Coronavirus Covid19 weider säin Onwiesen an d‘Woch fänkt mat enger traureger Noriicht un. Eng weider Persoun ass ee Méindeg un de Folge vun der Infektioun verstuerwen. Et ass datt drëtt Affer datt Lëtzebuerg bannent enger Woch bekloe muss.

Domadder sinn zanter Ufank vun der Pandemie bei eis 126 Mënschen un dëser hannerhälteger Virusinfektioun gestuerwen. Trotzdeem bleift d‘Lag bei eis, am direkte Verglach mat eisen Nopere weiderhin iwwersiichtlech. Um Méindegowend ware 26 Persounen Hospitaliséiert, dovunner zwou, déi op der Intensivstatioun musse behandelt ginn. Et wier gutt, wann et weider esou roueg bleift.

Wann et fir den Ament richteg ass, datt sech déi allermeeschten un déi bestoend Reegelen zur Andämmung vun der Pandemie halen, esou muss gewosst sinn, datt de Problem sech net kuerzfristeg wäert léise loossen an ee weider muss virsiichteg agéieren. An dësem Sënn sollt ee sech iwwerleeën, sech géint d‘Wantergripp impfen ze loossen, fir kee weider Problem ze schafen.

Jo et ass gewosst, datt dat net gäre gelies gëtt, mee d‘Medezinner weisen drop hin, datt dës Gripp déi selwecht Symptomer opweist, wéi se beim Covid19 sinn. Et wier folgerichteg judiciéis sech impfen ze loossen, fir datt eise Gesondheetssystem net op ee Schlag aus dem Rudder leeft, well eng weider Epidemie zur Iwwerlaaschtung féiert. Natierlech muss dat jidderee fir sech entscheeden.

Foto: © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Covid-19-Tester, Covid19, Impfung, Lëtzebuerg, Wantergripp
Next post Previous post