Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Strofvollzuch zu Schraasseg muss hannerfrot ginn
Neiegkeeten

De Strofvollzuch zu Schraasseg muss hannerfrot ginn

Um Spéide Freideg Owend ware mir informéiert ginn, datt et

Äishockey: Beaufort Knights géint Bulldogs vu Léck
Neiegkeeten

Äishockey: Beaufort Knights géint Bulldogs vu Léck

De Match, deen e Samschdeg um 19:30 Auer ugepaff ginn ass, huet sech

Wéi gutt kenns du eis Geschicht?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du eis Geschicht?

Lëtzebuerg ass net sou al wéi aner Natiounen an Europa.

Den oppene Bréif un d‘Ambassade vun den USA a Russland

Den oppene Bréif un d‘Ambassade vun den USA a Russland

Nodeems et zu Lëtzebuerg no enger (laanger) Paus nees zu engem Ouschtermarsch komme soll, wat allgemeng ze begréissen ass, huet déi Lëtzebuerger Friddens- a Solidaritéitsplattform den Ambassadeure vun den USA a Russland, en oppene Bréif geschriwwen.

An dësem Schreiwes huet déi Lëtzebuerger Friddens- a Solidaritéitsplattform hir Suerg zur béidsäiteger Kënnegung vum INF-Accord zum Ausdrock bruecht. „..mat der Ofrëschtung vun nukleare Mëttelstreckerakéiten hat de Vertrag derzou bäigedroen datt an Europa säit iwwer 30 Joer Fridden herrscht. Mir sinn der Usiicht, datt dëse muss Vertrag erhale bleiwen a verbessert ginn“.

Esou erwaart sech déi Lëtzebuerger FriSol vun den Ambassadeuren, datt si sech um Rimm rappen. D‘Virwërf bezüglech engem Verstouss géint de genannten Accord missten am Kontext vu Gespréicher an Inspektiounen ofgekläert ginn. Sollt et noutwenneg sinn, muss een den Accord op der Basis vu Verhandlunge verbesseren. Dat wier de richtege Schratt fir méi Sécherheet an Europa.

Déi Lëtzebuerger Friddens- a Solidaritéitsplattform fuerdert d‘Regierunge vun den USA a Russland op, sech mat aller Kraaft dofir anzesetzen, datt den INF-Accord erhale bleift, an déi néideg Schrëtt ënnerholl ginn, fir d‘Ofrëschtung an Europa a weltwäit virunzedreiwen. Si wieren dann och engem Meenungsaustausch opgeschloss. Den US-Ambassadeur, dierft dorunner wéineg Interessi hunn…

An hei kann een dann och feststellen, datt e sech schéngt un de „Fridden“ esou gewinnt ze hunn, datt en engem bal aus dem Sënn komm ass. Dëse Fridden awer, dee fir jidderee selbstverständlech ass, eis net „geschenkt“ ginn, an dësen ze erhalen, verlaangt méi wéi politescht Engagement. Grad an Zäite wéi mir se aktuell mam Donald Trump an anere Gesellen erliewen, sollt ee matmaachen.

D‘Konsequenzen déi Konflikter hunn, ginn eis all Dag virun Ae gefouert, wat och zu enger gewësser Distanz, fir net ze soen „Middegkeet“ vu Matgefill a Géigewier gefouert huet. Sech um Ouschtermarsch ze bedeelegen ass dann och kee muttwëllegen Akt. Et weist een der Politik wat engem wichteg ass, a firwat si dem gesellschaftleche Wonsch no Fridde Rechnung droe mussen.

Ähnlech Sujeten FriSol, INF-Accord, Lëtzebuerger Friddens- a Solidaritéitsplattform, Mëttelstreckerakéiten, Oppene Bréif
Nächsten Artikel Virrechten Artikel