Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wësse mer d’Buch net genuch ze schätzen?
International Neiegkeeten

Wësse mer d’Buch net genuch ze schätzen?

Literatur ass eist Portal an aner Welten, aner Zäiten a

Italien kritt elo awer eng „populistesch“ Regierung
International Neiegkeeten

Italien kritt elo awer eng „populistesch“ Regierung

No villem Hin a Hier ass et dann elo geséchert,

Vill mam Bus ënnerwee? Dann ass dee Quiz hei eppes fir dech!
International Neiegkeeten

Vill mam Bus ënnerwee? Dann ass dee Quiz hei eppes fir dech!

Et ginn net grad wéineg Buslinnen am Land. Mee wéi

Den Orban setzt ONGen ënner Drock. Den Ausseminister Jean Asselborn nennt en dofir en Diktator!

„D‘EU muss sech erhiewen a sech revoltéieren“, esou den Jean Asselborn

Den Orban setzt ONGen ënner Drock. Den Ausseminister Jean Asselborn nennt en dofir en Diktator!

Radikal riets an en erkläerte Feind vun der Pressefräiheet, geet den ungaresche Regierungschef elo och géint Zivilorganisatiounen (ONGen) vir. An dat besonnesch géint déi, wou Flüchtlingen Hëllef ubidden. Dëse Virstouss trëfft net op international Zoustëmmung.

Dat rifft dann och d‘Directrice vun Amnesty International (AI) an Ungarn op de Plang. Si léisst op Nofro keen Zweiwel un den Absichte vum Viktor Orban. Déi vum him a senger nationalistescher Fidesz forcéiert Gesetzprojete géifen d‘Existenz vun den ONGen an Ungarn bedreeën, déi eng wichteg Aarbecht maachen.

Mat deene vum Viktor Orban gewollte Mesuren, sollen déi kritesch Net-Regierungsorganisatioune e Maulkuerf verpasst kréien. Besonnesch am Viséier vun der Regierung sinn all déi Organisatiounen, déi géint d‘Mënscherechtsverletzunge protestéieren.

Dat gesäit d‘Marta Pardavi, Co-Virsëtzend vun der ungarescher Sektioun vum Helsinki-Comité ähnlech. Si bezeechent d‘Gesetz, dat haut am ungaresche Parlament soll ofgestëmmt ginn, als „Auserhéngeren an Erwierge Gesetz“. Dem entgéint schwätzt d‘Regierung vun engem „Stop-Soros-Gesetz“.

Ouni Geneemegung geet näischt méi

Trëtt d‘Gesetz a Kraaft, da mussen d‘ONGen zukünfteg vum Inneministère eng Geneemegung erhalen. Dat gëllt ganz besonnesch fir all déi Organisatiounen, déi Migrante beroden an ënnerstëtzen. Hinne kann den Zougang zum Grenzgebitt verbuede ginn. Auslänner kënnen ausgewise ginn, an op Spenden aus dem Ausland gëtt eng 25% Steier erhuewen.

Fir d‘Marta Pardavi, déi zanter de 90er Jore Flüchtlinge juristesch a sozial ënnerstëtzt, muss een dem Orban seng Mesuren an ee gréisseren innepolitesche Kontext stellen. „Et ass e Symptom vun enger vill gréisserer Fro“, esou d‘Marta Pardavi „mir hunn hei an Ungarn eng Regierung déi ouni Schimmt de Schutz vu Mënscherechter zerleet, an deenen déi hir Stëmm erhiewen, sech fir d‘Mënscherechter asetzen“.

Dem Viktor Orban awer geet et, eegenen Aussoen no, ëm „de Schutz vun Ungarn virun de Migranten“. Dat muss en dann och am Kontext vun engem Wahlkampf gesinn, deen um Sonndeg lassgetrëppelt ginn ass. Fir seng Wieler ze iwwerzeegen, huet hien ugekënnegt, mat ëmmer „méi staarke rechtleche Waffen“ géint de sougenannten „Soros-Plang“ virzegoen.

Hie beschëllegt schonn zanter méint den US-Milliardär mat ungarescher Ofstamung, George Soros, Millioune vu Flüchtlingen d‘Dier a Richtung Europa opzemaachen. Knapp 7 Woche virun de Parlamentswahle vum 8. Abrëll, gëtt d‘Rhetorik dann och méi däitlech. Virun den Unhänger vu senger Fidesz-Partei huet de Viktor Orban ausgeruff:

„Mir wäerten nëmme mat Geneemegung zouloossen, dass sech mat Migratioun a Migrante befaasst gëtt. Migrantefrëndlech ONGen an onriedlech Ziviliste sollen en Deel vun der auslännescher Ënnerstëtzung fir de Grenzschutz ofginn. Mir wäerten déi total Kontroll vun de Finanzen unuerdnen. A wien sech mat de geféierleche Pläng net gëtt, dee gëtt aus dem Land Verwisen“.

De Jean Asselborn erhieft sech

Schonn am September 2016 hat eisen Ausseminister den EU-Ausschloss vun Ungarn gefuerdert. D‘Land géif massiv d‘Grondrechter  verletzen an d‘Flüchtlinge schlëmmer wéi Déiere behandelen. Deemools sot de Jean Asselborn: „Mir kënnen net akzeptéieren, datt d‘Grondwäerter vun der EU massiv verletzt ginn!“.

Den Ausseminister hat sengerzäit och direkt a perséinlech Kritik um Viktor Orban ausgeschwat: „Typpe wéi den Orban hunn eis abruecht, datt d‘EU an der Welt dosteet, wéi eng Unioun déi sech umoosst, no bausse Wäerter ze verdeedegen, awer no bannen net méi an der Lag ass, dës Wäerter och opriicht ze halen“.

Um Méindeg dann, huet de Jean Asselborn nach emol eng Schëpp nogeluecht an am „Tagesspiegel“ schaarf op dem ungaresche Ministerpresident seng Ukënnegung reagéiert: „Dës Astellung passt zu engem Diktator, deem d‘Muechterhalung méi wichteg ass, wéi all politesch moraleschen Anstand“.

Eisen Ausseminister fuerdert dann och mat Nodrock, datt den Artikel 7 vun der EU muss aktivéiert ginn. Dësen Artikel war schonn am Dezember vun der EU-Kommissioun, wéinst der ëmstriddener Justizreform a Polen ageleet ginn. Mat dësem „Artikel“ kann dem beschëllegte Land d‘Stëmmrecht an der EU entzu ginn.

De Jean Asselborn verlaangt dann och: „D‘EU muss sech erhiewen a sech revoltéieren“. Hie fuerdert dann och net manner wéi vum héijen UN-Kommissär fir Mënscherechter, dass deen dem UN-Mënscherechtsrot zäitno iwwert d‘Virgäng an Ungarn e Bericht virleet. Säin Argument: „Ungarn verkënnt zu engem Land, dat de Kompass vun der Würd vum Mënsch verluer huet“.

A weider: „Déi ondifferenzéiert Erofsetzung vum Islam an engem EU-Memberstaat verstéisst géint d‘Reliounsfräiheet, wéi se an den EU-Verträg verankert ass. D‘Leit géint moslemesch Flüchtlingen opzehetzen, déi hiert Land wéinst Krich an Leed hu misse verloossen, mam Argument d‘Chrëschtentum wëllen ze schützen, ass eng onverständlech Verdréinung vun der chrëschtlecher Ethik, déi vun de Prinzipie vun der Bridderlechkeet an der Hëllef vir Mënschen an Nout geleet gëtt“.

mat AFP

Foto: Den ungaresche Ministerpresident a Virsëtzende vun der rietskonservativer Fidesz-Partei, Viktor Orban ass am Wahlkampfmodus. Hien huet um Sonndeg beim Parteidag sengen Unhänger versprach, alles an d‘Wee ze leede wat néideg ass, fir den ONGen, déi Migranten a Flüchtlingen hëllefen, dat rechtlech ze verbidden a wou et muss sinn, d‘Auslänner vun den Organisatiounen auszeweisen. © Attila Kisbenedek/AFP

Ähnlech Sujeten Amnesty International, Fidesz, Helsinki-Comité, Jean Asselborn, Viktor Orbán
Nächsten Artikel Virrechten Artikel