Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vill Doudeger a Blesséierter béi Selbstmordattentater am Nigeria
Neiegkeeten Stories

Vill Doudeger a Blesséierter béi Selbstmordattentater am Nigeria

An engem Flüchtlingslager zu Mandarari am Nordoste vum Nigeria, hunn

Polen muss seng kontroverséiert Reform suspendéieren
Neiegkeeten Stories

Polen muss seng kontroverséiert Reform suspendéieren

Den europäesche Geriichtshaff (EUGH) huet e freideg annoncéiert, datt Polen

Schueberfouer: Zefridde Gesiichter wou een hikuckt
Neiegkeeten Stories

Schueberfouer: Zefridde Gesiichter wou een hikuckt

Hie kann och schonn emol eppes méi granzeg drakucken. Riets

Den Ourdaller Karel: seng Meenung ass ëmmer ongefiltert

Den Ourdaller Karel: seng Meenung ass ëmmer ongefiltert

Ei wat ass dat eleiten e flotte Borscht. Bio duerch an duerch, dat ass den Ourdaller Karel. Hie kënnt ongefiltert dohier, riicht lecker no frëschem Brout, an ass esou däischter Blond, datt ee sech hien um Feld virstelle kann, wéi hien am Summer vun der Sonn gekësst gëtt. Säi Charakter ass „Seriö“, mat grad emol 5% Alkoholgehalt, ass hie weder Batter nach läit en engem schwéier um Mo.

An en ass och ee vun deenen, wou ausser dem Happ an der Hief, alles aus der Regioun staamt. Jo et ass en „nationalen“ net awer e „nationalistesche“ Béier. Hie begeeschtert d‘Lëtzebuerger am gläiche Mooss wéi d‘Touristen, ass beléift bei Mann a Fra, an genéisst ënnert den artisanale Béierzorten en exzellente Ruff. Datt den Ourdaller Karel e „Bio Produkt“ ass, mécht nach eppes méi sympathesch.

D‘Kar dee genotzt gëtt fir dëst Beispill u Braukonscht hierzestellen, kënnt vum Bauer Fischbach zu Äischer, net wäit ewech vun Hengescht, wou de Karel gebraut gëtt. Schonn zanter elo 15 Joer, gëtt zu Hengscht um Cornelyshaff dee gehéiert zur Brauerei Simon vu Wolz – déi ganz Palett vun den Ourdaller Béierzorten hiergestallt. Et stécht dann och vill Zäit an Aarbecht an dësem „Karel“.

Karel

De Pierre Forthomme vun der Brauerei Simon, huet eis beim Besuch, alles iwwert d‘Konscht vum Béier brauen erkläert. Hien ass och mat Recht zimlech houfreg, op alles wat ënnert hirem Numm hiergestallt gëtt. An esou dierf et och déi nächst honnert Joer bleiwen. © Martine de Lagardère/moien.lu

De philosophesche Gedanken

Wa gewosst ass, datt an der Brauerei Simon, Natur an Traditioun zur Philosophie vun der Entreprise gehéieren, da verwonnert et net, datt och nach am 21. Joerhonnert, den allergréisste Wäert op eng gutt Zesummenaarbecht mat lokale Produzente geluecht gëtt. Vertrauen an eis Landwirt, de Kontakt an den Dialog mat dësen, och dat ass en däitlecht Zeechen dofir, wéi eescht een säi Beruff hëlt.

Et ass also weidergefouert ginn, wat d‘Brauerei säit hirer Grënnung 1824 ugefaangen hat: mat de Leit aus der Géigend zesummeschaffen. Wéi d‘Ourdaller Brauerei viru knapp 12 Joer vu Simon iwwerholl gi war, haten si zu Wolz dann och eng genee Virstellung, wat si domatter wéilten ufänken an d‘Resultat sollt all Lëtzebuerger Häerz eppes méi séier schloen doen. Ëmmerhin ass et eise Béier.

Fir déi flott Etikett, huet sech d‘Brauerei Simon un d‘Kënschtler Runa Egilsdottir a Linda Bos (dat ass en Designer-Kollektiv) gewannt, déi de passenden Design fir dësen aussergewéinleche Béier mat Charakter ausgeschafft hunn. Den Ourdaller Karel sollt ee mat enger Temperatur vun 5°C zerwéieren. Hie bestécht duerch eng wonnerschéi Kroun a seng broutege Goût. Also dann: Prost!

Foto: Et steet net Bio drop, um Ourdaller Karel, an awer ass et een. Woubäi dat och an dësem Fall éischter zweetrangeg ass, wëll hien huet e gudde Charakter, mécht kengem en décke Kapp, an och soss einfach nëmmen e genoss. En „typesche Lëtzebuerger“ eben. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Adventskalenner, artisanale Béier, Cornelyshaff, Craft Beers, Heinerscheid, Karel, Ourdaller, Simon Brauerei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel