D’Rotondes soen d’Majoritéit vum Programm of
Duerch d’Moossnamen an d’Restriktiounen, déi d’Regierung kierzlech beschloss huet, mussen
Duerch d’Moossnamen an d’Restriktiounen, déi d’Regierung kierzlech beschloss huet, mussen
Net nëmme fundamentalistesch Chrëschten oder al Hebräer verloossen sech op
Um Weekend vum 6. a 7. Oktober hunn déi weiblech
Am Kader vun enger Etüd déi vum RETEL (Reseau d‘Études du Marché du Travail et de l‘Emploi) finanzéiert ginn ass, huet den Dr. Laetitia Hauret vum Lëtzebuerger Institut fir sozioekonomesch Fuerschung (LISER) eng Analys vun den Determinanten zur Praxis vum Télétravail a seng Auswierkungen op d‘Wuelgefill vun de Salariéeë gemaach an dozou e Rapport verëffentlecht.
Wa sech vill Etüden domadder beschäftegt hunn d‘Notze vum Télétravail ze quantifizéieren an d‘Populatioun vun de Beschäftegten ze beschreiwen, esou gëtt et wiesentlech manner Studien zu den ënnerschiddlechen Determinanten déi e Salarié dem Télétravail zouféieren.
An dëser Etüd gëtt sech elo mat dësen Determinante beschäftegt, an drop uecht gedoen ze distinguéieren, tëscht deenen déi eng Opportunitéit, an deenen déi e Choix duerstellen. Zu dësem Zweck huet sech d‘Fuerscherin op d‘Donnéeë vun der Enquête zu den Aarbechtskonditiounen an der Liewensqualitéit, déi 2013 bei de Salariéeë vum Lëtzebuerger Privatsecteur gemaach ginn ass, gestëtzt.
Fir den Télétravail maachen ze kënnen, muss emol d‘Aarbecht dat zouloossen. An et gëtt eng ganz Rëtsch Aarbechten déi dat net zouloossen. 2013 hu grad emol 48% vun de Salariéeë gemengt, datt sech hir Aarbecht net fir den Télétravail eegent.
Dann, wann den Télétravail méiglech wier, muss d‘Entreprise senge Salariéeën d‘Opportunitéit ginn drop zouzegräifen. Hei gëtt et awer vill Hürden déi d‘Entwécklung vum Télétravail bremsen (de Verloscht vun der Kontroll iwwert d‘Aarbechtszäit vun de Salariéeën, de Management-Modus oder och d‘Entwécklung vun der Sécherheet vun der Informatik…).
2013 hunn dräivéierel vun de Salariéeë mat enger Aarbecht wou den Télétravail géif Sënn maachen deklaréiert, datt hir Entreprise hinnen d‘Recht op dës Aarbechtsmethod zouzegräifen, géif verbidden.
Et sinn also 88% vun de Salariéeën déi uginn, net d‘Opportunitéit ze hunn op den Télétravail zréckzegräifen: d‘Hallschent (52%) wéinst der Natur vun der Aarbecht an déi aner (36%) well hir Entreprise et net zouléisst. Déi 12% déi iwwreg bleiwen, also d‘Opportunitéit hunn Method ze wielen, notzen den Télétravail zumindest geleeëntlech (80%).
Dorausser ergëtt sech, datt den Télétravail also éischter eng Fro vun der Opportunitéit ass: d‘Hürde fir d‘Adoptioun vum Télétravail bestinn also éischter an de Charakteristika vun der Aarbecht an der Praxis an der Entreprise, wéi datt sech de Salarié deem géif widdersetzen.
Et ginn zwou grouss Pisten déi een envisagéiere ka fir d‘Praxis vum Télétravail ze entwéckelen. Déi éischt ziilt drop aus d‘Digitaliséierung an den Entreprisen ze encouragéieren, well den technesche Fortschrëtt, notamment am Kontext vun der Informatik an der Kommunikatioun, et erlaabt d‘Zuel vun den Aarbechten déi am Kader vum Télétravail kënne gemaach ginn ze erhéijen.
Déi zweet huet d‘Zil d‘Entreprisen ze begleeden an hinnen ze hëllefen de Management ze iwwerdenken. De Recours op den Télétravail supposéiert de Changement vun engem Management-Modell dee sech op d‘Uwiesenheet an d‘Kontroll baséiert, zu engem Modell dee sech op d‘Realisatioun vun Objektiver a géigesäitegem Vertraue stëtzt.
Den Télétravail gëtt oft als eng Outil duergestallt deen en erlaabt d‘Wuelgefill vun de Salariéeën ze verbesseren. Et gëtt allerdéngs och Risike fir de Salariéeë. Esou d‘Isolatioun, Iwwerstonnen, a nach villes méi. Dës Risike kënnen déi positiv Effeten opweie bis ganz eliminéieren.
D‘Etüd weist, datt den Télétravail sech positiv mat den Iwwerstonne verbënnt, ouni datt seng Kausalitéit kann identifizéiert ginn. Wat d‘Verbindung tëscht Télétravail a berufflechem Stress betrëfft, esou ass dësen net signifikativ. Ofschléissend stellt d‘Etüd fest datt den Télétravail net a Relatioun mat der Zefriddenheet op der Aarbecht gestallt ka ginn.
matgedeelt vum LISER, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser
Foto: Vun doheem aus schaffen, dat stellen sech vill Mënschen esou vir. Eigentlech – also esoulaang wéi d‘Aarbecht anstänneg gemaach ass – kee Problem, woubäi an de Käpp vum Management, déi Biller grad ee vun de Problemer duerstellen.