Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Stroumausfall a Groussbritannien ass behuewen
https://moien.lu/oldies-dating-uk/ dating a guy with manic depression

acme dating service

E Freideg Owend sinn op der britescher Insel d‘Luuchten ausgaangen,

https://moien.lu/online-dating-and-its-evils/
https://moien.lu/oldies-dating-uk/ dating a guy with manic depression

D’Stater Bibliothéik fir Enseignement an Educatioun feiert seng Aweiung!

Gëschter gouf d’Erweiderung an Erneierung vun der Bibliothèque du personel

Vëloreparatur-Atelier vum LVI – et muss rullen!
https://moien.lu/oldies-dating-uk/ dating a guy with manic depression

Vëloreparatur-Atelier vum LVI – et muss rullen!

Wéi këmmeren ech mech richteg ëm mäin Vëlo? Wéini musse

Kurdesch Demo géint den tierkeschen Ugrëffskrich

Ronn 4.500 Mënschen hunn zu Frankfurt a.Main géint déi tierkesch Offensiv demonstréiert

Kurdesch Demo géint den tierkeschen Ugrëffskrich

Den tierkeschen Ugrëffskrich dreift a ganz Europa d‘Leit op d‘Strooss. Esou dëse Samschdeg och zu Frankfurt a.Mainm, Kassel oder Giessen. Eng Versammlung huet et zu Frankfurt bei der „Hauptwache“ ginn. D‘Autoritéiten hunn eng 4.500 Demonstrante gezielt an d‘Police bestätegt datt alles friddlech verlaf ass. Op de Plaz selwer, ass d‘Waffepaus allerdéngs brécheg…

Ugrëffskrich

© Shari Pleimelding/moien.lu

Zum Protest war ënnert dem Motto „RiseUp4Rojava“ opgeruff ginn, an den Appell huet vill Sympathisanten animéiert sech ze bedeelegen. Déi hu gëschter am Nomëtteg géint d‘Invasioun vun der tierkescher Arméi an d‘Gefor vun engem Genozid Demonstréiert. Op engem Plakat war ze liesen: „Kurdistan blutt, Europa kuckt no!“. An iergendwéi huet dës Behaaptung eppes Woueres.

De Protest riicht sech net eleng géint Ankara, och déi international Gemeinschaft gëtt beschëllegt d‘Kurden an Nordsyrien am Stach ze loossen. Dat nodeems si an engem bluddege Kampf an ënner groussen Affer d‘Terrormilize vum Islamesche Staat (IS) geschloen hätten. Demonstranten hu Biller vu blesséierte Kanner héich gehalen, déi kurdesch Faarwe giel, rout a gréng waren omnipresent.

Ugrëffskrich

© Shari Pleimelding/moien.lu

„Mat däitsche Waffen a Panzer gëtt eist Vollek ëmbruecht“, jäizt eng Aktivistin während e Mann eis erzielt: „Meng Famill kënnt aus Afrine, ech weess net wéi et mengen Elteren a Gesëschter geet“. An esou Aussoe gouf et der vill. D‘Angscht virun engem Genozid, deen de Sultan aus Ankara als „Kampf géint den Terrorismus“ verkläert, ass grouss. A si wëllen hir „nei“ Heemecht net hir ginn.

Schonn den 12. Oktober haten ëm déi 4.000 Leit zu Frankfurt Demonstréiert. Rojava (esou déi kurdesch Bezeechnung fir déi kurdesch Gebidder an Nord- an Ostsyrien) war bis zur Invasioun e verhältnesméisseg séchere Beräich, bis zur tierkescher „Operation Peace Spring“. Si fuerdere vun der däitscher Regierung politesch Drock op de Recep Tayyip Erdogan auszeüben.

Ugrëffskrich

© Shari Pleimelding/moien.lu

Berlin awer wëll säi Waffenhandel leedeglech begrenzen, also keng nei Verkeef an d‘Weeër leeden, esou den Ausseminister Heiko Maas (SPD). Vu Sanktiounen ass dogéint guer net rieds. An dat trëfft och esou op déi ganz europäesch Unioun zou. Et veruerteelt een d‘Invasioun (déi een esou net nenne sollt) mee zu konkrete Moossname géint de NATO-Partner ass d‘Unioun nach net bereet.

mat indymedia/fra an eiser Reporterin Shari Pleimelding

Foto: D‘Biller vun den YPG-Kämpferinnen si wäit méi wéi e Symbol. Déi kurdesch Frae sinn de Männer gläich a kämpfe fir d‘Sécherheet an d‘Fräiheet vun hirem Vollek. Fir de Recep Tayyip Erdogan awer sinn et schlicht „Terroristen“ déi ee vernichte muss. © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Frankfurt, Heiko Maas, Kurdemiliz YPG, Syrien, Tierkei, Ugrëffskrich
Nächsten Artikel Virrechten Artikel