Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Youth For Climate Lëtzebuerg – een Treffe mam Xavier Bettel
International Meenung job dating zara avis

engineer dating format

Um 25. Mäerz huet de Premierminister Xavier Bettel d’Delegatioun vu

Lyon: Attentat an der Foussgängerzon
International Meenung job dating zara avis

Lyon: Attentat an der Foussgängerzon

Am Zentrum vu Lyon (Frankräich) ass am spéiden Nomëtteg bei

FLEX – Esou gëtt Carsharing nach méi attraktiv!
International Meenung job dating zara avis

FLEX – Esou gëtt Carsharing nach méi attraktiv!

De Carsharing-Service FLEX gëtt fir seng Notzer elo nach vill

Editorial: Europa an den tierkeschen Ugrëffskrich

Editorial: Europa an den tierkeschen Ugrëffskrich

D‘EU misst léieren „d‘Sprooch vun der Muecht“ unzewennen, esou gëschter den neien europäesche „Chefdiplomat“ Josep Borell, bei senger Unhéierung am EU-Parlament. Wéi et nëmmen e puer Stonnen drop zum Ugrëffskrich vun der Tierkei géint Syrien komm ass, sollt et komplizéiert ginn dësen ze veruerteelen, well Ungarn sech laang enger gemeinsamer Erklärung verweigert huet.

Um spéiden Owend hunn sech d‘Memberlänner dann awer nach op eng „Stellungnam“ gëeenegt kritt, déi awer esou „lasch“ ausgefall ass, datt et scho bal Beleidegend ass. Hei gouf séier vergiess, wat déi vun de Kurde geleete SDF (Syrian Democratic Forces) am Kampf géint den IS geleescht huet. D‘Kurdemiliz YPG gëtt dann och vun Ankara als terroristesch Organisatioun verkläert.

Onverständlech dann och déi vum (nach) EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker gemaachten Ausso: „D‘EU wäert eng Zwangsëmsiidlung vu syresche Flüchtlingen an eng sougenannt Sécherheetszon an Nordsyrien net ënnerstëtzen. (…) Wann den tierkesche Plang eng Sécherheetszon virgesäit, sollt Ankara sech net erwaarden dat d‘EU dofir bezilt“.

Et geet de Politiker zu Bréissel offensichtlech manner ëm de Fait, datt d‘Tierkei hei eng ethnesch Säuberung duerchféiere wëll, wéi am d‘Angscht, datt si sech um „Opbau vun der Sécherheetszon“ misste finanziell bedeelegen. An och dëse vum NATO-Partner ageleeten Ugrëffskrich, schéngt sech net op d‘Verflichtungen am Flüchtlingsofkommes auszewierken. D‘Geld fléisst also weider

Woubäi een awer éierlech beméit wier – esou d‘EU-Parlament – gutt drop uecht ze dinn, datt déi dräi Milliarden Euro aus der EU, ausschliisslech um tierkeschen Territoire verwennt ginn. Vun dësen 3 Milliarden si bis ewell 500 Milliounen iwwerwise ginn, fir der Tierkei ze hëllefen déi bei sech befëndlech syresch Flüchtlingen „ze betreien“. Déi awer wëll Ankara elo nees lass ginn.

Den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg ass wuel och net „erfreet“ a warnt virun enger Eskalatioun. Eng Ausschloss aus der NATO wier awer ausgeschloss, och wann d‘Acquisitioun vun S400-Rakéitesystemer aus Russland derzou féiert, datt et komplizéiert gemeinsam Manöver mat den Tierken ze organiséieren, elo wou se aus dem F35-Kampfjet Programm ausgeschloss goufen.

Esou léisst een de Sultan also gewäerden. Nom Genozid un den Armenier virun engem Joerhonnert gesäit sech d‘Weltgemeinschaft enger neier Katastroph ausgesat. De Recep Tayyip Erdogan huet jo och keng Zweiwel un sengen Absichte gelooss, an d‘Tierkei huet erwisenermoosse jo och den IS ënnerstëtzt. Iwwer 10.000 dëser Dschihadisten si vun de Kurde festgeholl ginn, déi freeën sech elo.

Ähnlech Sujeten ethnesch Säuberung, Genozid, Kurdemiliz YPG, Recep Tayyip Erdogan, Syrien, Tierkei, Ugrëffskrich
Nächsten Artikel Virrechten Artikel